Nationalitéitegesetz: Wat brénge 24 Stonne Sproochecoursen?

Kierzlech huet den Deputéierte Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro un de Justizminister an un den Educatiounsminister gestallt. D’Fro dréint sech ëm d’Nationalitéitegesetz, dat virgesäit, datt eng Persoun, déi zënter 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnt, och d’Lëtzebuerger Nationalitéit ufroe kann. E Sproochenadr soll hei net musse gemaach ginn. Allerdéngs si 24 Stonne Sproochecoursen als eng Konditioun am Artikel 28 vum Gesetz vum 8. Mäerz festgehalen. Den Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt méi genau Informatiounen iwwer déi 24 Stonne Sproochecoursë kréien a freet no. Dem Justizminister an dem Educatiounsminister hir Äntwert op dem ADR-Deputéierte seng parlamentaresch Fro.

Deel dëse Post: