Nationalitéitegesetz: D’Sprooch ass d’rout Linn

No hire Konsensgespréicher mam Justizminister Felix Braz iwwer dat neit Nationalitéitegesetz, huet d’ADR den 12. November hir Positiounen op enger Pressekonferenz presentéiert. Dobäi hunn de Generalsekretär Alex Penning an den Deputéierte Roy Reding ënnerstrach, datt se dem Minister seng Diskussiounsbereetschaft begréissen, an och iwwerzeecht sinn, datt de Wëllen do ass, fir e gemeinsame Text ze fannen.

Den Alex Penning huet haaptsächlech op d’Sprooch insistéiert. D’Nationalitéit ass den Enn an d’Unerkennung vun engem Integratiounsprozess. Et ass keng Belounung fir eng Presenz zu Lëtzebuerg. Als Jurist fënnt hien de Gesetzesprojet schwéier ze verdauen. Et géifen 20 verschidde Weer fir d’Nationalitéit ze kréien. “Et ass e bësse fir all Mënsch eppes do”, seet den Alex Penning. Weider Kritik huet hien un enger Sonderregelung fir Refugiéen, déi de Projet virgesäit, an och dodrunner, datt dat neit Gesetz keng Méiglechkeet virgesäit, d’Nationalitéit, z. B.  wéinst schwéiere Verbriechen, nees ewech ze huelen. Den Zesummenhalt hei am Land wär gudd, et géing beim Nationalitéitegesetz haaptsächlech em d’Walrecht goen. Roude Fuedem an der ADR-Positioun ass de Sproochenadr. Mä et gëtt am Gesetzesvirschlag och vill Saachen, mat deenen d’ADR kann averstan sinn.

De Roy Reding plädéiert fir eng vereinfacht Form vun deem neie Gesetz. Hien zielt dobäi eng ganz Rëtsch absurd Fäll op, déi dat Gesetz an därer Form géing schafen. Den ADR-Deputéierten huet och erklärt, firwat d’Dispositioun fir de Refugiéen no dräi Joer d’Nationalitéit ze ginn, falsch wär. De Sproochenadr an der heideger Form wär ze schaarf. Hei plädéiert d’ADR fir eng Vereinfachung an nët fir e schrëftlechen Test vum Genre “Multiple Choice”. De Sproochenadr muss fair sinn, a wann ee wëll kucken, op e Mënsch eng Sprooch schwätzen a verstoen kann, dann dierft dofir kee schrëftlechen Test gemaach ginn. De Roy Reding huet sech awer och mat der Wischi-Waschi-Positioun vun der CSV beschäftegt, déi grad wéi beim Referendum keng Positioun géing bezéien. An och an der Burka-Fro wär déi Partei am Ament op engem komeschen Zickzack-Kurs.

Pressedossier beim Nationalitéitegesetz

Deel dëse Post: