Motioun: Lëtzebuergesch an der Crèchen [Video]

D’Regierung plangt, am Ufank iwwert e „Pilotprojet“, d’Kanner schonns an der Crèche mat der franséischer Sprooch ze befaassen. Fir d’ADR ass kloer, datt d’Integratioun vun den Auslänner hei am Land am beschte fonctionnéiert wann d’Nationalsprooch och d’Integratiounssprooch ass. Et ass dowéinst wichteg, datt déi auslännesch Kanner dowéinst d’Lëtzebuerger Sprooch sou fréi wéi méiglech léieren an datt d’Kanner, wann si an de Crèchen, an anere Strukturen, am Precoce oder an der Spillschoul sinn, exklusiv op Lëtzebuergesch solle betreit ginn.

Well ënner anerem déi geplangten Aféierung vum Franséischen zu engem ganz fréien Zäitpunkt d’Kanner ganz allgemeng kann duerchernee maachen an och d’Detectioun vun eventuelle sproochleche Léierschwieregkeeten oder aneren Defizienzen zu engem fréien Zäitpunkt méi schwéier mécht, huet de Fernand Kartheiser en Dënschdeg, den 19. Abrëll 2016 en Motioun an der Chamber deponéiert. Si ass dunn och direkt do diskutéiert an am Schnellverfahren ofgeleent ginn – vun de Majoritéitsparteien an deene Lénken.

Doranner gëtt d’Regierung opgefuerdert, op all Experimenter ze verzichte fir Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer nach mat zousätzleche Sprooche wéi z.B. Franséisch an der formaler oder net formaler Bildung ze confrontéieren. Lëtzebuergesch soll als Integratiounssprooch an exklusiv Kommunikatiounssprooch an alle Strukture fir Kanner vun 1 bis 4 Joer festgeschriwwe ginn!

Deel dëse Post: