Medien: All Meenung soll vertruede sinn

De Roy Reding huet an der Chamber, den 9. Mee, nei Propositioune gemaach, wat d’staatlech finanziell Hëllef un d’Press ugeet. Hien huet och eng Rëtsch Kritikpunkten un der aktueller Regelung ubruecht, déi kee Pressepluralismus schaaft, mä eng Situatioun festegt, an där net all politesch Parteie sech erëmfannen. De Status Quo vun der Pressehëllef ënnerstëtzt déi Parteien, déi Presseorganer hunn, déi hinne nostinn. Generell ass den ADR-Deputéierten net duerfir, datt privat Entreprisë mat staatleche Sue subventionéiert ginn. Et ass net normal, datt déi Sue vun all Steierzueler duerfir déngen, z.B. eng kommunistesch Zeitung ze ënnerstëtzen, där hir Partei eng absolut Minoritéit duerstellt. Den ADR-Deputéierten ass op eng Rëtsch Punkten agaang, wou d’ADR vun de Medien ignoréiert oder ongerecht behandelt ginn ass.

Konkret Propositioune vun der ADR sinn, alle Parteien an alle subventionéierten Zeitungen Raum fir hir Kommunikeeën zur Verfügung ze stellen. Indirekt Pressehëllef, wéi d’Verëffentlechung vun offiziellen Annoncen an vum Chamberbliedchen, soll ophéieren an ersat ginn duerch e Chamberbliedchen, wat un all Bierger geet, ob hien eng Zeitung abonnéiert huet oder net, an der Schafung vun engem offiziellen Annonceblat.

Wat d’Deontologie, d’Beruffsethik vun de Journalisten, ugeet, fënnt de Roy Reding, datt et genuch rechtlech Mëttele gëtt fir sech géint falsch oder ongerecht Berichterstattung zur Wier ze setzen, datt dës awer net strikt genuch applizéiert ginn.

Deel dëse Post: