Wou Plaz ass fir fënnef, ass der och fir sechs: Dat gesäit RTL-Télé wuel net esou. Si huet de 25. Abrëll owes eng Emissioun “Kloertext” Spezial ugesat. Do diskutéiere Jonker vu fënnef Parteien iwwer d’Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister Xavier Bettel (déi jo elo awer verluecht ginn ass). An der Chamber sinn allerdéngs sechs Parteie vertrueden. RTL huet awer aus onerkläerleche Grënn kee Vertrieder vun ADRenalin, der jonker ADR, an dës Emissioun invitéiert. Dobäi hëlt an der Chamber just d’ADR bei villen Themen, déi dësen Dënschdeg an der Chamber zur Sprooch komm wären, eleng d’Oppositiounsroll an. Déi fënnef Parteien, déi matenee invitéiert gi sinn, si sech an de meeschten gesellschaftspoliteschen Themen leider eens. Eng Stëmm vun der Oppositiounspartei ADR hätt do wuel gestéiert. RTl huet d’Gespréichspartner fir hir Emissioun och net no Gréisst a Wichtegkeet ausgesicht, soss wäre jo net Déi Lénk (mat engem Chamberssëtz manner wéi d’ADR) invitéiert. Wéi d’Diskriminatioun vun enger demokratesch gewielter Partei journalistesch ze vertrieden a mat den ëffentlech-rechtlechen Aufgaben ze vereinbaren ass, wäert wuel en RTL-Geheimnis bleiwen.

iwweregens net vir d’éischt, datt esou eppes grad an der Emissioun “Kloertext” geschitt. Do war och schonn emol d’Sylvie Mischel als Vertriederin vun den ADR Fraen telephonesch invitéiert fir am Public ze sëtzen, iwwerdeems um ronnen Dësch diskutéiert ginn ass.

Den tierkesche Referendum ass an der Kritik, och wat d’Zuelen vun de Stëmmen ugeet, déi zu Lëtzebuerg op der tierkescher Botschaft ofgi gi sinn. Duerfir huet de Fernand Kartheiser nogefrot, ob d’tierkesch Botschaft hei am Land der Lëtzebuerger Regierung no de Regele matgedeelt hat, datt och Tierken aus de Nopeschlänner hei géingen ofstëmmen. D’Drénglechkeet vun der Fro, déi eng séier Äntwert garantéiert hätt, ass net unerkannt ginn.

D’ADR huet och mat engem Pressekommunikee op dës Wale reagéiert. Eis Partei verlaangt nach eng Kéier grad no deem Resultat vum Referendum, datt d’EU-Bäitrëttsverhandlungen net nëmmen op Äis geluecht mä definitiv ofgebrach ginn. Mir wonneren eis och, datt de Lëtzebuerger Bausseminister beim tierkesche Referendum en demokrateschen Ëmgaang verlaangt, déi seng eege Regierung 2015 zu Lëtzebuerg och net un den Dag geluecht hat.

De Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestallt, fir e Verglach ze kréien, wéini wéi vill Beem bei Bauaarbechten ëmgeluecht gi sinn a wéi dee Verloscht kompenséiert gouf. Hien hätt déi Opstellung gär fir déi zwou lescht Legislaturperioden. Am nämmlechte Kontext huet den ADR-Deputéierten nogefrot, wéi a wou Fiichtgebidder, déi ewech gemaach ginn, kompenséiert gi sinn.

 

Op Ouschtersamschdeg huet eng Equipe vun der ADR Sektioun Stad um Maart Rout-Wäiss-Blo Eeër verdeelt. D’Aktioun hat wéi ëmmer e grousse Succès, an huet och eng Réi flott Kontakter mat den Awunner erlaabt. Iwwert dëse Wee wënscht d’Sektioun Iech all schéin Ouschterdeeg.

D’ADR wënscht hire Memberen a Frënn frou a schéin Ouschteren. Dir fannt eis haut Samschdeg, de 15. Abrëll, um Stadter Maart an e Méindeg, de 17. Abrëll zu Nouspelt op der Emaischen.

tulpefeld_ouschteren_2

De Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestallt iwwer d’Situatioun a Gemengen, wou Container fir Flüchtlinge sollen opgestallt. Haaptsächlech geet ët him ëm déi ongeklärte rechtlech Froen zu Stengefort. Mä och iwwer d’Entwécklung zu Mamer an zu Jonglënster wëll de Fernand Kartheiser Renseignementer.

De Fernand Kartheiser wëll d’Regierung am Hierscht interpelléieren iwwer d’Meenungsfräiheet. Eng ganz Rei vu senge parlamentaresche Froen hu jo drëm gedréit, erauszefannen, wéi eis Justiz mam Phänomen “Hate Speech” besonnesch op de soziale Medien ëmgeet. An der Lescht heefe sech Verurteelungen wéinst Aussoen, déi op Facebook gemaach ginn. D’Interpellatioun wäert ënner anerem prinzipiell Iwwerleeungen zum Risiko vun enger Zensur (déi an der Verfassung ofgeschaft ass) an zu rezente legislativen a jurisprudentiellen Entwécklungen zu Lëtzebuerg erlaben.

Grad Kanner kënne schwiereg Patiente sinn, a Waardezäiten an den Urgence verquësse si dann och net gutt. De Steve Colin verlaangt an der Petitioun 778, datt d’Waardezäiten an der Kannerklinik bei den Urgence méi kuerz musse ginn. Als Papp vun zwee Kanner, weess hien, vu wat hie schwätzt. Nieft der Waarderei stéiert hien awer och, datt anscheinend an der Klinik kaum Prioritéite gesat ginn, wat den Eescht vun der Erkrankung ugeet an datt de Wartesall och alt ze kleng ass fir déi vill jonk Patienten. Mat senger Fra Rosemarie probéiert hien, säin Uleies däitlech ze maachen, an hien huet och eng Entrevue bei eiser Partei kritt, fir seng Doleance virzebréngen. Empfaang goufen de Steve an d’Rosemarie Colin vum Kelly Meris (2. v. l. op der Photo)  an dem Fernand Kartheiser.

D’offiziell Visite vum portugisesche Premierminister António Costa zu Lëtzebuerg war d’Geleeënheet fir bi-lateral Ofkommes an e “Mémoire d’entente” ze ënnerschreiwen. Konkret ass just iwwer e Kommunikee vum Schoulministär eppes gewosst, wat an deenen Dokumenter steet. De Fernand Kartheiser huet elo an enger parlamentarescher Fro d’Regierung opgefuerdert, der Chamber dës Texter zoukommen ze loossen. Hie freet och, ob d’Regierung denkt, dës Texter vun der Chamber ratifizéiere ze loossen, wéi d’Verfassung et verlaangt.

Et ass gelungen: D’Lëtzebuerger Press feiert elo jorelaang e franséische Whistleblower, dee LuxLeaks an d’Rulle bruecht huet. Zënter kuerzem mécht si awer mat groussem Äifer mat Juegd op Lëtzebuerger Whistleblower, déi Informatiounen aus dem Geheimdéngscht viru ginn hunn, a probéiert niewebäi, och dem Gast Gibéryen ze schueden. Fir bal eis ganz Press ginn et deemno gutt Whistleblower a schlecht Whistleblower. Dat ass eng gelunge Perspektiv a gelungene Journalismus.

Dat geet esou wäit, datt  et an der aktueller Geheimdéngscht-Affär op eemol anscheinend méi wichteg ass, d’Fuite beim SRE ze fannen, wéi opzedecken, wéi et zu der illegaler Ecoute komm ass a firwat déi Leit, déi verflicht waren, dës Illegalitéit beim Parquet  ze mellen, dat net gemaach hunn. An datt dobäi och heindsdo Tatsaache verdréit ginn, wéi am Titel aus dem Wort, dee mir hei uewen ofdrécken. Zur Richtegstellung: Weder war de Gast Gibéryen an Erklärungsnout, nach war hien opgefuerdert, bei der parlamentarescher Kontrollkommissioun “virstelleg ze ginn”, wéi et och am Text steet. A Wierklechkett war hien invitéiert op e Meenungsaustausch, deen och nëmmen 10 Minutte gedauert huet. D’Wort schreift dat also  falsch, fir dem Gast Gibéryen seng Roll onbegrënnt an de Virdergronn ze bréngen.

E puer Dokumenter zu dësem Sujet:

Néng Leit waren an der Promotioun 27 fir Brigadier bei der Police ze ginn. Si sinn den 13. Dezember 2016 vereedegt ginn, haten awer virdru mussen hioren Aarbechtsvertrag verlängeren, well anscheinend an der Verwaltung eppes schief gaang war. De Fernand Kartheiser freet an enger parlamentarescher Fro ënnert anerem, ob derfir gesuergt ass, datt deene Leit wéinst dëseer Verspéidung kee Schued an der Karriär entsteet.

Et ass net fir nach eng Kéier opzerullen, wat alles geschriwwe ginn ass, iwwer d’Informatiounsversammlung iwwert de Flüchtlingsfoyer an der fréierer EDIFF-Schoul zu Monnerech, e Méindeg an der Lallenger Sportshal. Eischter objektiv war d’Reportage vum 100Komma7, wou och de Vizepresident vun der ADR-Sektioun Esch, Louis Cimolino, zu Wuert koum. Iwwerhaapt war den Toun vun der Versammlung kee vu Friemenhaass a Gepöbels, och wann déi Escher Leit de Ministere Corinne Cahen an Dan Kersch hier Wourechten zimlech vun der Long op d’Zong presentéiert hunn.

Dem Louis Cimolino seng Ausso iwwer d’Sproochcouren, déi d’Regierung wëll obligatoresch maachen, geet bei 3’12” un. “Firwat net direkt esou?”, freet den ADR-Mann.

Vill Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger leeft, ëmmer méi, iwwer den Internet. Kierzlech waren awer eng ganz Rëtsch Staats- a Regierungssiten wéinst enger Cyber-Attack net ze erreechen. Wat do lass war, wollt de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro wëssen. D’Äntwert op dës Fro war awer esou wéineg zefriddestellend, datt de Fernand Kartheiser den Här Chamberspresident gefrot huet, fir d’Fro nach eng Kéier ze stellen, wat den Deputéierten och accordéiert kritt huet.

D‘Zukunft vum Musée vun der groussherzoglecher Police ass ongewëss. Dëse Musée huet de Merite, wann och mat ganze bescheidene Mëttelen déi reng op de Benevolat opgebaut sinn, der „Fliicht zur Erënnerung“ (devoir de mémoire) nozekommen, dëst fir ee vun der ganz wichtege Corpse fir eist Land.
Nieft den Erënnerungsstécker déi am Musée ausgestallt sinn, wéi Uniformen an Interventiounsween, geet et an dem Musée och drëms, d‘Geschicht vun der Police an der Gendarmerie waakreg ze halen.

Donieft kéint de Musée vun der groussherzoglecher Police eng Attraktioun fir Touriste sinn, d‘Evolutioun vun den Techniken an der Investigatioun opweisen, Schoulklassen empfänken an esou och de Beruff vum Polizist opwäerten.

Och d‘Gebai selwer – wat sécherlech sanéiert misst ginn – ass e wichtegen Zeie vun Industriegebaier aus der Mëtt vum 20. Joerhonnert, esouwuel wat d‘Architektur selwer betrëfft wéi och Lifter, Fossen a Kranen.Dowéinst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng erweidert parlamentaresch Fro gestallt, déi mëndlech muss an der Chamber beäntwert ginn.

(Photo: Camille Diener)

D‘Problemer ronderëm de Militärfliger A400M sinn nach ëmmer net geléist. Dëse sollt, no verschiddenen Äntwerten op parlamentaresch Froen, „fréistens 2017“ oder am Februar 2019 geliwwert ginn.

En Donneschdeg, den 30. Mäerz war en Treffen zu Madrid tëschent dem Fabrikant a Vertrieder vu Regierungen, déi den A400M bestallt hunn. Airbus soll dobäi gefrot hunn, fir déi „hefteg Penalitéiten“, déi d‘Firma wéinst de Verspéidungen an aner Problemer misst bezuelen, erof ze sëtzen. An dësem Kontext huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng Rei Froe gestallt, ënner anerem: gëtt Lëtzebuerg fir d‘Verspéidung bei der Liwwerung entschiedegt? Wa jo, wéi héich ass dës Zomm an Euro an a Prozenter zum Präis vum Fliger?

D‘Regierung huet de „gemeinsame Fleegedossier“, no der franséischer Ofkierzung och nach DSP (Dossier de Soins Partgagés) genannt, agefouert. Dës Dossiere gi vun der Agence eSanté, engem Groupement fir ekonomesch Interessien (G.I.E.) verwalt.

Am Abléck ginn d‘Leit mat Bréiwer doriwwer informéiert, datt eng Pilotphase gestart ginn ass, an datt hir gemeinsam Fleegedossieren accessibel sinn. Dëse Bréif, deen och un eeler Assurée geschéckt gëtt, ass awer exklusiv op Franséisch verfaasst.

Iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro besteet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen drop, datt d‘Assuréen an hirer Sprooch, dat heescht och op Lëtzebuergesch, informéiert ginn.

Datt administrativ Ännerungen näischt un der Wunnengsnout änneren, huet net nëmmen de Roy Reding erkannt. Datt sech heemlech en neie Renteklau undeit, huet hein den 23. Mäerz an der Chamber awer zu Recht erfirgehuewen an direkt d’Oppositioun vun der ADR zu esou Pläng ugekënnegt. D’Rentekeess ass do fir d’Renten an net fir Wunnengen ze bauen! Pertinent ass dogéint dem Roy Reding seng Fro no de Waardelëschten bei Sozialwunnengen. De Minister Marc Hansen ass net vill an d’Detailler gaang, mä huet awer zouginn, datt eng 2.200 Leit hei am Land am Ament op eng Wunneng waarden.

De Roy Reding huet an der Chamber, den 23. Mäerz,  nach eemol Stellung zum Tram geholl. D’ADR war ëmmer géint dee Bing-Projet, dee méi wéi eng Milliard Euro kascht, a keng Verkéiersproblemer wäert léisen. Hei als klenge Rappel, e Flyer vun eiser Partei iwwer de City-Tunnel.

De Roy Reding huet erkläert, datt de Schantgen vum Tram bis no de Gemengewalen net vill Leit géing betreffen, awer datt d’Problemer um Kierchbierg a ronderëm elo scho ganz reell wären. Hien huet nach eemol rappeléiert, datt de City-Tunnel (Zuchsgleiser ënnert der Stad) déi besser Solutioun gewiescht wären, grad och well dee Schantgen net mattsen an der Stad gewiescht wär. Well elo scho Leit dervu fuebelen, den Tram bis op eis Grenze vum Land auszebauen, huet den ADR-Deputéierte gemengt, dat wäre genee déi Zuchsverbindungen, déi de City-Tunnel direkt erméiglecht hätt. Schwätze konnt den ADR-Deputéierte nëmmen, nodeems de Chamberspresident d’Majoritéit gebieden hat, sech esou ze behuelen, wéi Deputéierte sech an enger Demokratie behuele missten … ouni vum Chamberspresident drun erënnert ze ginn.

D’Regierung an d’CSV, déi dat alles brav matstëmmt, soen eppes a maachen de Konträr. Dat ass net nei. De leschte Fall war den 23. Mäerz an der Chamber, bei engem Gesetz iwwer d’Gemengebeamten. D’ADR huet d”Gesetz matgestëmmt, mä de Gast Gibéryen huet sech un engem Artikel gestéiert. Et soll Gemengen erlaabt sinn, Leit anzestellen, déi nëmmen eng vun eise Verwaltungssprooche schwätzen, also net Lëtzebuergesch. De Gast Gibéryen freet, fir wat fir spezialiséiert Aufgaben ee kee Gemengebeamte géing fannen, dee Lëtzebuergesch kann. Hien erënnert och un de Fall LuxTram, wou Franséisch einfach zur operationeller Sprooch deklaréiert gëtt, mat där eleng den Tram kéint rullen. An hie reegt sech op iwwer déi schäinhelleg Wierder mat deenen d’Regierung an d’CSV eis Sprooch verdeedegen … awer a Wierklechkeet de Konträr maachen. Dee Gesetzesartikel ass a sengen Aen en Deel vum systematesche Versuch, an der Lëtzebuerger Verwaltung d’Lëtzebuerger Sprooch auszeklénken.

De Roy Reding huet d’Chamber an d’Regierung den 23. Mäerz zweemol erféiert, wéi doriwwer geschwat ginn ass, ob den Defizit vum RTL-Fernseh soll vum Steierzueler iwwerholl ginn. Hien huet verlaangt, datt keng aktiv Politiker am RTL-Verwaltungsrot solle sëtzen an den dräi Fraktiounscheffen vun DP, LSAP an CSV hir Demissioun aus dem gutt bezuelte Gremium nogeluecht. An hien huet drop gehalen, datt de Concessiounsvertrag der Chamber soll virgeluecht ginn, well d’Deputéierten nëmmen déi nei Deeler géinge kennen fir ze diskutéieren, an net de ganzen Text. Den ADR-Deputéierten huet och zwou Motiounen an deem Sënn abruecht, eemol fir den integralen Text vum Konzessiounsvertrag vun 2007 virgeluecht  ze kréien an eemol fir déi deontologesch quantitativ a qualitativ Verflichtungen vun RTL Télé  duerch d’Chamber kontrolééieren ze loossen.

Nom CSV-Staat den RTL-Staat?

Déi dräi Fraktiounscheffen vun DP, LSAP an CSV kommandéieren 48 Stëmme vu 60 an der Chamber, huet den Roy Reding erkläert a gefrot, ob d’Land nom sougenannten CSV-Staat elo en RTL-Staat wär. D’Subventionéierung vun RTL-Fernseh am Numm vu Pressepluralismus a Meenungsfräiheet huet hie verglach mat anere Beräicher, déi net däerfe subventionéiert ginn. Hien huet do besonnesch de Fonds de Logement genannt, deen an Zukunft muss Steiere bezuelen, a mam Findel, deen och net däerf subventionéiert ginn. De Roy Reding huet och déi grouss Avantagen ugeschwat, déi RTL vum Lëtzebuerger Staat gemaach kritt huet, an dat mat der Arbed verglach. A béide Fäll hätte grouss Lëtzebuerger Betriber vun Avantage profitéiert, déi de Steierzueler bezuelt huet, ier si vu grousse multinationale Betriber, Mittal oder Bertelsmann, opkaf gi sinn.

Hien huet verlaangt, datt am Fall vun enger Subventionéierung vun RTL-Télé, d’ëffentlech-rechtlech Missioun vum Sender misst wierklech eescht geholl ginn an ënnert anerem e Kannerprogramm an eng fair a pluralistesch Behandlung vun alle Parteien esouwuel an der Berichterstattung wéi och, wat hir Presenz op den Antenn ugeet, verlaangt.

 

 

No der Baussepolitescher Deklaratioun vum Jean Asselborn, den 21. Mäerz, war et den 22. Mäerz un der Chamber, dem Bausseminister ze äntweren. De Fernand Kartheiser huet u ville Beispiller gewisen, wéi naiv, eesäiteg a stillos d’Lëtzebuerger Baussepolitik ass. An de Jean Asselborn huet mat villen Ënnerbriechunge vun dëser Ried gewisen, wéi stillos hie wierklech ass. Dem Sunnyboy vun de Sondagen an däitsche Fernsehstar, dee mengt, alle Länner an der EU an op der Welt kënne Lektiounen ze ginn, seng Nerve sinn op alle Fall zimlech ugespaant.

De Fernand Kartheiser huet besonnesch Länner a Kriseregiounen wéi Syrien, de Noen Osten, Russland an och d’Situatioun an der EU ugeschwat.

CSV a Gambia fir weider Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei

Wat d’Tierkei ugeet huet hien nees eng Motioun abruecht, an där vun der Regierung gefuerdert gëtt, derfir ze suergen, datt op europäeschem Niveau d’Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ofgebrach ginn an datt d’Land eng “privilegéiert Partnerschaft” ugebuede kritt. Déi Motioun ass an der Chamber verworf ginn an huet just déi dräi Stëmme vun der ADR kritt. D’CSV ass also fir en Ofbrieche vun de Bäitrëttsverhandlungen mat der Tierkei, wéi de Laurent Mosar un der Chamberstribün haart ugekënnegt huet, mä si stëmmt géint eng Motioun, déi de Ofbroch vun dëse Verhandlungen mat der Tierkei fuerdert. Dat mam fadenscheinegen Argument, datt déi Verhandlungen de facto ënnerbrach wären. Awer ofbriechen wëllen déi véier Parteie si net. CSV-Wischiwaschi eben, nom Referendumsmotto: Gitt gutt informéiert an d’Walkabin.

De PDF vun der Motioun ass hei.

 

De Parteipresident Dr. Jean Schoos war e Méindeg, den 20. Mäerz, Invité vun der “Tribune libre”, der Radiosemissioun fir d’Parteien, déi op RTL an op 100Komma7 kënnt. Een Dag nom Nationalkongress war de Sujet vum Jean Schoos jo virdiktéiert. Deen um Nationalkongress mat ganz grousser Majoritéit ërëmgewielte President vun der ADR huet en optimisteschen Ausbléck fir eis Partei gemaach an net mat Kritik un der Regierung an der CSV gespuert. Hie fuerdert en Ëmdenken, och wat den ongebremste Wuesstem vum Land ugeet. An dräi an enger halwer Minutt presentéiert hie Punkt fir Punkt bal alles, wat d’ADR an de leschte Joeren einfach schlecht fonnt huet.

Et kënnt vir, datt Persounen, déi zu Lëtzebuerg ugefrot hunn fir vun der internationaler Protektioun ze benefisséieren (DPI‘en), nach während der Dauer vun der Prozedur stierwen. Gëtt et bannent dem OLAI eng Prozedur, wéi d‘Begriefnes respektiv d‘Anäscherung organiséiert gëtt a wien dës Onkäschten iwwerhëlt? Dës an aner Froen huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser un d’Ministesch fir Integratioun gestallt.

De Geheimdéngscht huet eng Telefonsiwwerwaachung duerchgefouert, ouni dofir déi néideg Autorisatiounen ze hunn. Dëse Virfall ass an engem Communiqué vun der Regierung bestätegt ginn. An enger parlamentarescher Fro freet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, op d’Justiz (de Parquet) mat dësem Virfall saiséiert ginn ass. D’Äntwert vum Premierminister ass einfach. NEE, de Parquet ass net informéiert ginn. AWER: All relevant Stelle sinn informéiert ginn. Wéi geet dat dann?

D’Original ass d’ADR: Déi aner lafen eis ëmmer no, d’Schlusswieder vum Gast Gibéryen resüméieren am beschten de ganze Kongress. Den ADR-Nationalkongress 2017 war e wichtegen Datum. Ëmmerhin dräi Walterminer markéieren déi nächst Joeren. Dofir war de Kongress och markéiert vu kloeren Aussoen: D’ADR ass net d’accord mat der aktueller Regierungspolitik mä si ass grad esou wéineg d’accord mat der CSV – als”grousse Matschëlleger un der Situatioun vum Land an als Oppositiounspartei, déi d’ideologesch Tendenze vu Gambia gären deelt. Wien hei am Land eng Ännerung wëllt, muss ADR wielen, well d’CSV wëll regéieren, fir d’Gambia-Politik a Saache Kierch, a Saachen Gender, a Saache Sprooch an Identitéit weiderzeféieren. Optimistesch an dynamesch ass d’ADR, si ass och gëeent, wéi d’Walresultater fir de Nationalkomitee weisen, wou all Kandidaten ugeholl gi sinn.

Organiséiert gouf de Kongress vum Bezierk Zentrum, an zwar e Sonndeg, de 19. Mäerz, zu Schouss an der Gemeng Fëschbech. D’Gemengeconseillère vu Fëschbech, Marie-Louise Haas-Erpelding, huet dann och nom Bezierkspresident Mario Daubenfeld déi iwwer 100 Parteimembere begréisst. Well mer Iech kaum kënnen de ganze Video vum Kongress zoumudden, fannt Dir hei d’offiziell Rieden, déi beim Kongress gehale goufen.

De Gast Gibéryen deeft den Tram nach virum Radio 😛 : Flöppchen (net Flëppchen) soll et sinn!

E Numm fir den Tram gëtt gesicht? Kee Problem! De Gast Gibéryen huet ee fonnt. Och wa mir bei der ADR mam Tramsprojet net frou sinn … de Numm ass nawell richteg flott!

D’Photoe vum Kongress [Mausklick fir déi nächst Photo]

D’Videoe vum Kongress (Gesamtvideo, 2 Stonnen, 40’41”)

 

De Roy Reding geet an enger erweiderter parlamentarescher Fro (question élargie) op d’Hëllef bei de Geriichtskäschten an, déi jidfer Bierger zousteet. Och wann een zu Lëtzebuerg viru Geriicht gewënnt, muss ee säin Affekot selwer bezuelen a kritt beschtefalls en Deel vun de Käschten op riichterleche Beschloss ersat. Duerfir freet de Roy Reding de Justizminister ënner anerem ganz konkret, op een d’Honoraire vun Affekoten net soll reglementéieren an op een net soll de Code Civil esou änneren, datt deen, deen viru Geriicht Onrecht kritt, och muss fir d’Affekots-Honorairen vu sengem Géigner opkommen.

D’Question élargie muss op mannst zwou Wochen ier d’Sëtzung ass bei der Regierung sinn a gëtt da mëndlech gestallt a vun engem Regierungsmëmber beäntwert.

De 16. Mäerz war d’Groussregioun um Menü vun der Chamber. De Gast Gibéryen war éischter pessimistesch, an hie war domat op enger Linn mam Jacques Santer, deen 2003 déi Géigend nei beliewe wollt, a ville Kritiker, déi hautdesdaags an der Press dat nämmlecht soen. Geännert huet sech näischt, ausser datt d’Groussregioun nach vill méi oniwwersiichtlech ginn ass, wéi de Gast Gibéryen erkläert huet. Louthrénge gouf ofgeschaaft an duerch de Grand-Est ersat. Elo, wou theoretesch d’Groussregioun bis Basel geet, hätt also och Baden-Württemberg an Däitschland eigentlech d’Recht, mat Rheinland-Pfalz an dem Saarland do matzeschwätzen.
Bei d’komplizéiert Geographie kommen och komplizéiert Problemer. D’Groussregioun huet sechs Atomzentralen, vill qualifizéiert Aarbechtskraaft aus däitsche, belschen a franséische Schoulen ginn op Lëtzebuerg gezunn, d’Lëtzebuerger Wunnengsnout dreiwt d’Präisser an de Nopeschgéigenden an d’Luucht, den ëffentlechen Transport ass nach ëmmer net vill besser ginn. Schold dorun ass och, datt d’national Lëtzebuerger Entscheedungsstrukturen mat hirer Autonomie op regional Nopeschstrukturen treffen, déi manner ze soen hunn. A Schold ass de Näid, dee mécht, datt awer jidfereen fir d’éischt no sech kuckt: Dofir ginn zu Lëtzebuerg Betriber gebaut, déi nëmme mat Frontaliere fonktionéieren, amplaz datt déi Betriber beim Noper gebaut ginn, wou och d’Aarbechtskraaft wunnt.

 

D’ADR huet de 15. Mäerz an der Chamber géint d’Prime fir Staatsbeamten gestëmmt. D’finanziell Situatioun vum Land mat iwwer enger Milliard Schold vum Staat, engem rezente Prêt vun 2 Milliarden a weider eng Milliard Schold jäerlech an deenen nächste fënnef Joer erlaabt dat net, huet de Fernand Kartheiser erkläert. Hien huet d’Regierung kritiséiert, well si an der Regierungserklärung nach ausgeschloss hat, d’Gehälter beim Staat ze hiewen. Hien huet awer och d’CSV kritiséiert, déi zwar iwwert d’Regierung meckert, awer trotzdem fir d’Prime gestëmmt huet.

De Fernand Kartheiser huet versprach, alles ze maachen, fir datt Lëtzebuergesch an den europäeschen Institutioune ka geschwat ginn. Dozou gehéiert och, datt en Europadeputéierte vun der ADR, dee bei de nächsten Europawahlen (2019) géing gewielt ginn, am Europaparlament selbstverständlech géing Lëtzebuergesch schwätzen. Dat Versprieche huet de Fernand Kartheiser bei der Debatt iwwer de Sproocheplang vun der Regierung ginn, déi de 15. Mäerz an der Chamber war. Dee Sproocheplang war jo vun der ADR schonn op enger Pressekonferenz analyséiert a kritiséiert ginn, déi den 10. Mäerz stattfonnt huet.

Deemno war et keng Iwwerraschung, datt de Fernand Kartheiser och an der Chamber ganz kritesch mat deem Plang ëmgaangen ass. Héigpunkter waren dobäi seng Fuerderung, datt Lëtzebuergesch misst d’Sprooch vun de Staatsbeamte bleiwen an datt am Gesondheetssekteur an an de Geschäfter misst derfir gesuergt sinn, datt ee ka Lëtzebuergesch schwätzen.

Motioun Lëtzebuergesch gëtt vun der Chamber verworf

Just dräi ADR-Stëmme krut eng Motioun vum Fernand Kartheiser, déi hien d’lescht Joer no der Petitioun 698 fir Lëtzebuergesch als Amtssprooch deponéiert hat. Den ADR-Deputéierten hat virum Vote nach eng Kéier drop higewisen, wéi de Sproocheplang vill Elementer vun dëser Motioun opgegraff huet. Dat huet awer keen Majoritéitsdeputéierten oder CSVler gehënnert géint d’Motioun ze stëmmen. D’Léift zu eiser Nationalsprooch huet bei verschiddene Leit eben hir politesch Grenzen.

An enger Interpellatioun, de 14. Mäerz, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser d’Lag vun der Lëtzebuerger Arméi analyséiert an eng ganz Rëtsch vun Inkonsistenze bei der Regierung opgedeckt. Ugefaang domat, datt den Arméiminister Étienne Schneider sech bei esou enger wichteger Debatt einfach duerch seng Staatssekretärin Francine Closener ersetze léisst an et net derwäert fënnt, perséinlech an der Chamber ze sinn. Mä en décke Merci un d’Arméi stung um Ufank vum Fernand Kartheiser senger Ried.

Duerno huet hie sech gewonnert, datt d’Regierung international ganz aner finanziell Engagementer fir d’Arméi hëlt, wéi si dann hei am Land ukënnegt. De Fernand Kartheiser huet den Ausrüstungsstand kritiséiert, awer virun allem wollt hien d’Haaptgewiicht op d’Personal leeën. Et feelt um Härebierg deelweis u Material mä virun allem un Zaldoten. D’Arméi ass wäit ewech vun der Personalstäerkt, déi 2007 per Gesetz geregelt ginn ass. Fir d’Karriär méi interessant ze maachen, huet de Fernand Kartheiser eng ganz Rëtsch vu Léisunge proposéiert.  Praktesch am Minuttentakt huet hien op organisationell oder strukturell Problemer higewisen a konkret Léisungen oder Alternative virgeschloen. Besonnesch um Häerz louchen him Verbesserungen am schoulesche Beräich. Him ass et drëm gaang, mat Phantasie a guddem Wëllen ze weisen, wéi Zaldoten och kënne no hirem Déngscht sënnvoll um Aarbechtsmarché agesat ginn. Bedauert huet de Fernand Kartheiser, datt fréier Prioritéiten an Exklusivitéiten just um Aarbechtsmaart fir Zaldoten ewechfalen oder net respektéiert ginn.

D’Chamber stëmmt géint Zaldoten-Ënnerstëtzung

De Fernand Kartheiser huet der Chamber eng Resolutioun virgeluecht, fir sech ze engagéieren, selwer Zaldoten anzestellen fir z.B. Sécherheetsaufgaben ze iwwerhuelen. Hien huet och eng Motioun presentéiert, déi drop gedrängt huet, datt d’Zaldote beim Gemengepersonal besser, entspriechend hire Viirrechter agestallt ginn. Béid Texter si geschlossen vun alle Parteien an zwee Voten, de 15. Mäerz, refuséiert ginn. Béid Texter hätten, am Sënn vum Fernand Kartheiser senger Interventioun, d’Karriär vun den Zaldoten méi interessant ze maachen, hir Zukunftsplannung ze verbesseren an hinnen no hirem Déngscht fir d’Land interessant Aarbechtsméiglechkeeten ze offréieren.

Eng Interpellatioun zur Nato huet sech ugeschloss un d’Debatt iwwer eis Arméi. International gesäit de Fernand Kartheiser d’Lëtzebuerger Arméi an der Nato an enger renger Verdeedegungsroll. D’Nato muss eng Verdeedegungsallianz bleiwen. De Kale Krich ass eriwwer an et soll och kee neien Kale Krich oder eng nei Konfrontatioun mat Russland erbäigeschwat ginn. Hei huet den ADR-Deputéierten eng ganz Rëtsch Ongereimtheeten gewisen, esouwuel bei der Regierung, mä speziell och bei der grénger Partei an natiirlech bei der CSV, an zwar um Niveau vun der Nato mä och an der europäescher Verdeedegungspolitik.

Dokumenter

Mat enger ganzer Rëtsch präziser Froen zur Vullegripp, déi aktuell vill Géigende ronderëm Lëtzebuerg betrëfft, huet de Gast Gibéren probéiert méi Informatiounen ze kréien. Besonnesch huet hien interesséiert, op et Fäll zu Lëtzebuerg gëtt, wéi d’Situatioun analyséiert a kontrolléiert gëtt a wat fir Auswierkungen et op de Label an d’Verpackung huet, wann normalerweis fräilafend Déiere mussen an de Stall gespaart ginn. Ganz wichteg fir d’Baueren ass dann jo ëmmer d’Fro vu Kompensatiounen. Eng mëndlech parlamentaresch Fro, déi de 14. Mäerz an der Chamber gestallt gouf, an op déi den Agrarminister Fernand Etgen mat enger Entwarnung geäntwert huet. D’Sécherheetsprozeduren wären allerdéngs aktivéiert, well d’Gripp scho no bei Lëtzebuerg ukomm ass.

D’Regierung huet de 9. Mäerz e Sproocheplang vu 40 Punkte virgestallt fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze valoriséieren. Fir d’ADR ass dat Aewëscherei, well d’Regierung bis elo méi opgefall ass mat hiren Initiative fir d’Lëtzebuerger Sprooch erofzesetzen wéi mat hirer Léift zum Lëtzebuergeschen. Duerfir huet d’ADR och den 10. Mäerz eng Pressekonferenz aberuf, gehalen vu Fernand Kartheiser a Lucien Welter.

Nach eng Kéier sinn do eis Kärfuerderungen a Saache Sprooch genannt ginn: 1) de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen am Kontakt mat europäeschen Institutiounen an am Europa-Parlament, 2) de Status vun eiser Sprooch an der Verfassung verankeren an 3) d’Motioun vum Fernand Kartheiser, déi de 15. Mäerz an der Chamber um Programm steet. Haaptkritikpunkten um Programm vun der Regierung sinn d’Volete vun eiser Sprooch am ëffentlechen Déngscht an an der Schoul, wou ee näischt méi vun enger Lëtzebuergesch-Sektioun héiert, a vun eiser Sprooch am Gesondheetssekteur an an der Geschäftswelt. Kee Wuert verléiert de Plang iwwer e Memorial (“Journal officiel”) op Lëtzebuergesch a Franséisch. E schwaache Programm, deemno, deen d’Regierung soll bis bei d’Wale retten, ouni wierklech eppes ze bewierken.

Dokumentatioun zur Pressekonferenz

Vum parteiinternen Disziplinarverfahren , dat mam Ausschloss vum Joe Thein duerch de Nationalkomitee geennegt huet, wëlle mir just eis zwee Pressekommunikeeë publik maachen.

d’Opwäertung vun der Elterenaarbecht doheem.

Eltere sollen entscheede kennen, ob si hir Kanner doheem wëlle selwer betreien a grousszillen oder net. Déi Aarbecht, déi d’Versuergen an d’Erzéie vun engem Kand duerstellt, soll wäertgeschätzt an unerkannt ginn, an dat och duerch eng staatlech Ënnerstëtzung a Form vun engem Elteregeld.

… eng gemeinsam Garde vun de Kanner fir getrennten Elteren.

Fir e Kand a seng Entwécklung ass de Kontakt zu béiden Elterendeeler an enger Trennungssituatioun  enorm wichteg. Esouwuel wéi d’Kanner d’Recht op hir Elteren hunn, hunn och d’Elteren d’Recht op hir Kanner, onofhängeg vum Bestand vun hirer Koppel.

… d’Recht vun de Kanner op eng Mamm an e Papp.

Mir sinn der Meenung, dass et vir e Kand a seng Entwécklung bedeitend ass, esou wuel eng weiblech wéi eng männlech Bezugspersoun ze hunn.

… méi Kannergeld pro Kand wat ee méi Kanner huet.

Engem gesonde Wuesstem vun der Populatioun solle keng finanziell Barrièren am Wee stoen. Déi finanziell Laaschte fir d’Famill klammen iwwerproportional mat der Zuel vun de Kanner. D’ADR wëll dem Rechnung droen.

… de Schutz vum ongebuere Liewen a fir eng materiell a psychologesch Ënnerstëtzung vu schwangere Fraen an Nout.

Mir sinn der Usiicht, dass all Kand vum Moment vu senger Prokreatioun un e Recht op Liewen huet. Keng Fra soll aus finanzieller oder séilescher Nout mussen ofdreiwen.

… méi soziale Congé fir krank oder hëllefsbedierfdeg Familljememberen ze versuergen.

Et soll een d’Méiglechkeet hunn, seng Familljememberen, déi op Hëllef ugewise sinn, doheem kënnen ze betreien. Fir déi schwéier an zäitopwänneg Aufgab fuerdere mir méi soziale Congé.

… d’Beschütze vun den eelere Leit duerch Verhënnere vun Abuse bei der Euthanasie.

D’Onantastbarkeet vum Liewen ass ons wichteg. Zudeem sinn eeler Leit oft Affer vun all Zort vu Manipulatioun an hinne soll e besonnesche Schutz zoukommen duerch e klore Widderstand géint Euthanasie. Am Kader vum aktuelle Gesetz gëllt et all Abusen ze verhënneren.

… eng Fërderung vun der Palliativmedezin.

E Mënsch um Enn vu sengem Liewe soll d’Recht op déi beschte Fleeg hunn vir an Dignitéit kenne fort ze goen, dofir sollen d’Infrastrukturen an deem Sënn ausgebaut ginn.

… déi selwecht Ënnerstëtzung a fir Gläichbehandlung vu Mann a Fra.

Keen soll op Grond vu sengem Geschlecht benodeelegt oder avantagéiert ginn, zum Beispill am Kader vun enger Quotelogik. Mir setzen eis fir Chancëgläichheet an allen Liewensberäicher an a berécksiichtegen zudeem déi natierlech Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra.

… eng gerecht Steierpolitik fir elengerzéiend Elteren a Wittleit.

Fir deenen oft finanziell méi schwaache Membere vun der Gesellschaft Ënnerstëtzung ze bidden, setze mir op eng sozial  gerecht Steierpolitik. Vill ze laang scho ginn elengerzéiend Elteren a Wittleit vun eisem Steiersystem benodeelegt.

… bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg.

Duerch verschidde Moossnamen am Beräich vum Bauterrain an dem Locatiounswiese sollen d’Leit Méiglechkeet hunn, zu Lëtzebuerg en abordabel Doheem kennen ze hunn.

… eng gutt Bildung an déi beschte Chancë fir d’Kanner an déi Jonk.

D’Schoul soll de Kanner an de Jugendlechen eng zolidd Wëssensbasis mat op de Wee ginn. Zudeem soll duerch eng gutt Orientéierung de passenden Ausbildungswee fir jidderee fonnt ginn.

… e respektvollen Ëmgang mat de natierleche Ressourcen.

Erneierbar Energië mussen, nieft enger Senkung vum Energieverbrauch, solle konsequent an effizient genotzt ginn. En iwwerluechten an delikat Virgoe mat de natierleche Ressourcen an der Landwirtschaft an an der Industrie esou wéi de Schutz vun der Natur an der Biodiversitéit si Punkten, déi mir ausbaue wëllen.

Flyer op lëtzebuergesch

Text op Däitsch

Flyer auf deutsch

Text op Franséisch

Flyer en français

Text op Englesch

Flyer in english

Text op Italienesch

Flyer in italiano

Text op Portugiesesch

Flyer em português

Text op Russesch

Flyer в России

De Gast Gibéryen wëll Detailler wëssen iwwer eng Transaktioun, déi rezent vum Fonds de Logement mat Arcelor-Mittal gemaach gouf. Do si, Presseberichter no,  véier Industrie-Siten zu Diddeleng (Walzwierk), Péiteng (Eucosider), Bieles a Woltz (Circuit Foil) un de Fonds de Logement gaangen. D’Terrainen musse sanéiert ginn, an den ADR-Deputéierten intresséiert sech esou wuel fir de Präis vun der Sanéierung wéi och fir eng Lëscht vun de Schadstoffer, déi op deene Site fonnt gi sinn. Wéi sote si fréier um Fernseh? “Affaire à suivre …”

Den Éirepresident vun der ADR, Roby Mehlen, huet an enger schaarfer “Tribune libre” d’Beamtekarussell kritiséiert, dat zu Lëtzebuerg zënter Jorzéngte monter dréit. Ophänker war d’Affär Michel Lanners, wou de bloe Schoulminister e verdéngten Beamten an d’Exil schéckt … an zwar op en Direkteschposten an eng Schoul, wou eigentlech schonn en aner Kandidat virgesi war. D'”Tribune libre” vum Roby Mehlen war esouwuel op RTL wéi och um 100Komma7 ze héieren.

Samschdes, den 19.2.2017, war an der Press ze liesen dat d‘Badeanstalt an der Stad nees op wär, nodeems se 2 Deeg wéinst Legionellen am Waasser an de Männerduschen zou war. D‘Legionellos ass eng bakteriell Krankheet déi sech verbreet duerch anootmen vun infizéierte Waasserdrëpsen déi an Loft schwiewen. Dës Krankheet ass ganz geféierlech a kann zum Doud féieren.

D‘Marceline Goergen, Gemengeconseillère, huet zu dësem Virfall eng Rei Froen un de Schäfferot gestallt. Dobäi geet et ënner anerem drëms op Benotzer vun der Badeanstalt a Gefor waren a wéi mat der Sécherheet an d‘Gesondheet vum Personal steet.

(photo: cc Zineke)

An der Press gouf vun engem Pilotprojet zu Lëtzebuerg geschriwwen, fir en HIV-Medikament och viirbeugend anzesetzen. Mä d’Informatioune sinn net komplett an et stelle sech an deem Zesummenhang nach eng Rëtsch Froen. D’Gesondheetskees ass jo wat viirbeugend (prophylaktesch) Medikamenter ugeet nach ni mëtschgieweg gewiescht. De Fernand Kartheiser huet sech an enger parlamentarescher Fro deem Dossier ugeholl.

Och wa Sproochstéierunge eréischt kënnen no e puer Joer erkannt ginn, ass de Remboursement vun deene Behandlungen net evident, wann d’Kand méi wéi 7 Joer huet. Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser probéiert, Kloerheet an därer Saach ze bréngen an de concernéierten Elteren ze hëllefen. Heirops ginn d’Ministere Romain Schneider (Sozial Sécherheet) a Claude Meisch (Schoul) eng ganz ausféierlech Äntwert.

D’LuxTram ass eng Lëtzebuerger Gesellschaft, gedroe vum Staat a vun der Stad Lëtzebuerg. Et gesäit allerdéngs aus, wéi wann d’Kommunikatiounssprooch an deem Betrib soll Franséisch ginn. Esou steet op mannst an den Aarbechtsbeschreiwungen, déi vun LuxTram eraus ginn. De Fernand Kartheiser stellt eng parlamentaresch Fro zu deem Sujet. Et geet him net nëmmen ëm d’Diskriminéierung vu Lëtzebuergesch an Däitsch mä och em d’Chance vu Leit mat engem Lëtzebuerger Schoulofschloss, fir esou eng Plaz ze kréien.

Grad well d’Ënnersichung vum Zuchakzident vum 14. Februar laang wäert daueren, wollt d’ADR wéinstens an enger Fro Kloerheet: De Fernand Kartheiser huet dofir eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn, aus wéi enge Grënn den ETCS, en europawäiten Kontrollsystem, deen zu Lëtzebuerg funktionéiert, an dësem Fall net agestallt war. Et ass eng Fro, déi nom Akzident och an der Press opgeworf gi war, an därer hiren dréngende Charakter och unerkannt ginn ass. Et ass och eng Fro, déi nach ëmmer d’Leit beschäftegt, well aus Frankräich Virwërf géint Lëtzebuerg am Raum stinn, déi net berechtegt sinn. Dat seet op d’mannst d’Äntwert vum Transportminister, déi iwwregens bannent ganz kuerzer Zäit do war.

 

E Freideg, den 10 Februar hunn eng Ronn 30 Membere vun der ADR Sektioun Lëtzebuerger-Stad sech zu Bouneweg getraff, dëst a Präsenz vun den Deputéierte Roy Reding a Gast Gibéryen a vum Generalsekretär vun der Partei, dem Alex Penning.

A senger Usprooch huet d‘Presidentin vun der Sektioun, d‘Béatrice Clement, op d‘Wichtegkeet vum Joer 2017 opmierksam gemaach, wou et drëms geet d‘Gemengewalen nam Oktober virzebereeden. Et ass awer net op d‘Wale gewaart ginn, fir politesch aktiv ze sinn, dëst esouwuel am Gemengerot, an de ville Kommissioune wéi och am direkte Kontakt mat de Bevëlkerung, z.B: um Maart, op de Braderien an op Informatiounsversammlungen. Dëst ass mat dem Aktivitéitsrapport vum Marceline Goergen, Gemengeconseillere a Sekretärin vun der Sektioun bestätegt ginn. Trotz de villen Aktivitéite kann d‘Sektioun sech op eng gesond finanziell Lag stäipen, wéi aus dem Rapport vun der Tresorière Jelena Marinkovic erauszeliesen ass. Datt d‘Kees stemmt huet de Keesereviseur Henri Bram bestätegt.

Um Schluss huet den Zentrumsdeputéierte Roy Reding mat groussem Optimismus op d‘Gemengewale vum Oktober higewisen, dëst esouwuel an der Stad wéi och a villen anere Gemengen am Land.

Vill Memberen hunn sech an de Komitee ADR-Stad gemellt, och mam Verspriechen eng kräfteg Hand vir d‘Wale mat unzeleeën. D‘Chargë ginn an der éischter Reunioun vum Komitee verdeelt.

 

Riets a lénks musse Beem dem Tram op deene sëlleche Schantecher wäichen. Eleng dräi an en halwen Hektar Bësch wäerten drop goen fir d’Tramslinn vum Kierchbierg op de Findel. De Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestallt, fir en Iwwerbléck  iwwer déi Schied ze kréien. Den ADR-Deputéierte freet och, op Kompensatiounsmoossname wierklech e vollwäertegen Ersaz fir de Bësch sinn an op si iwwerhaapt erfollegräich sinn.

D’ADR bleiwt iwwerzeegt, datt den Tram kee Verkéiersproblem an der Stad wäert léisen a kee Stau ronderëm d’Stad wäert verhënneren. Duerfir kascht de Bling-Projet méi wéi eng Milliard an nach etlech Hektar gesond Natur.

De Fernand Kartheiser hat eng intressant Fro gestallt iwwer d’Meenungsfräiheet an dodriwwer wéi verschidde nei Moudwierder, déi fir Aussoen op Facebook gebraucht ginn, wéi z.B. Haassried, vun eiser Justiz definéiert ginn. Well d’Äntwert op d’Fro awer net genee gesot huet, firwat et zu enger Zuel vu Veruerteelunge komm ass, wëll den ADR-Deputéierte nach eng Kéier Präzisiounen. A senger zweeter Äntwert hänkt de Justizminister 158 Säiten anonymiséiert Urdeeler un fir ze weisen, wéi komplex a vu Fall zu Fall verschidden do geurteelt gëtt. Eng ganz spannend Lektür …

De Krich am Südsudan gëtt no Presseinformatiounen ëmmer méi dramatesch an d’Situatioun vun  de gréisstendeels chrëschtlechen Awunner och. De Fernand Kartheiser freet d’Regierung, wat national an international (europäesch) gemaach gëtt, fir dem Land a senge Leit ze hëllefen.

No engem informativen Artikel an der däitscher Press huet de Roy Reding direkt eng parlamentaresch Fro gestallt. Et geet dem ADR-Deputéierten drëm, méi iwwer d’Risike vum europäesche Finanzsystem mat senger Target-Linn gewuer ze ginn an iwwer den Erpressungspotential fir Länner, déi am Target-System alt Scholden am dräistellege Milliardeberäich hunn. A senger Äntwert seet de Finanzminister Pierre Gramegna näischt … a scho guer näischt Neies.

Zanter 2003 ass d‘Lëtzebuerger Arméi am Afghanistan engagéiert, dëst am Kader vun der ISAF an der Missioun „Resolute Support“ ënner de Mandater vun der UNO an der NATO. Iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro geet dem Fernand Kartheiser drëms, e Bilan vun dësem Asaz ze zéien.

A senger Äntwert bestätegt d‘Regierung, datt Lëtzebuerg 75 Milliounen Euro fir déi bilateralen Hëllefen engagéiert huet, dovunner 41 Milliounen am Beräich Entwécklung an Humanitär Hëllef, a Ronn 34 Millioune fir de militäresch Zwecker.

Am  waren zanter 2003 274 Lëtzebuerger Militär am Afghanistan am Asaz. „Momentan gëtt et keng Iwwerleeungen iwwert d’Enn vun der Bedeelegung vun der Lëtzebuergescher Arméi un der Missioun“, hält d‘Regierung fest.

365 Leit aus Afghanistan hunn Zanter 2008 eng Demande op Asyl zu Lëtzebuerg gestallt, 24 dovunner sinn als Flüchtling unerkannt a 15 weider benefisséiere vum „subsidiäire Schutz“.

Trotz dem Engagement vu Lëtzebuerg am Afghanistan bléift d‘Positioun vun der Regierung onverännert: „Lëtzebuerg ass weiderhin entschloss fundamental Rechter an de Prinzip vum non-Refoulement ze respektéieren.“. Lëtzebuerg huet keng gezwonge Réckféierung an den Afghanistan duerchgefouert.

De Jo vun der ADR krut e Gesetz, de 9. Februar an der Chamber, wat Verbesserunge bréngt bei der Kommunikatioun tëschent dem Affekot a sengem verdächtege Client. Hei gouf et Defiziter, huet de Roy Reding gemengt: En Affekot muss kënne mat sengem Client schwätzen, ier dee verhéiert gëtt.

Et geet net ëm sozial Problemer, huet de Fernand Kartheiser bei der Debatt iwwer de Platzverweis an der Chamber, de 9. Februar kloergestallt. Mä et geet em d’Sécherheetsgefill vun de Bierger an ëm d’Bedenke vun der Police. De Platzverweis wär e gutt an efficasst Mëttel, z-.B. géint organiséiert Heeschebanden a géint Hooligans. Just vu soziale Problemer ze schwätzen, wär onrealistesch, wann et ëm Sécherheetsbedenke geet,  sot den ADR-Deputéierten. Et wär keen an der Chamber, dee net wéilt bei soziale Problemer hëllefen.

Wéi ze erwaarden ass de 9. Februar an der Chamber de Wielerwëlle vun alle Parteien ausser der ADR mat Féiss getrëppelt ginn. Nodeems 2015 am Referendum d’Lëtzebuerger eng kloer Sprooch geschwat hunn, wat d’Bedeelegung vu Nët-Lëtzebuerger bei eise Nationalwalen ugeet, huet d’Regierung elo d’Hannerdiir op gemaach. Et däerf eben elo jidferee Lëtzebuerger ginn (an domat wiele goen), ob hien eis Sprooch kann oder net. An dat Spillche spillt déi gréisst Oppositiounspartei, d’CSV,  monter matt.

De Roy Reding, dee fir d’ADR geschwat huet, ass sech sécher: Ouni eng méi wéi wëlleg CSV wär am neie Nationalitéitegesetz de Sproocheniveau net op e lächerleche Minimum erofgesat ginn. An ëmgedréint och: Mat engem Bäibehale vum Sproocheniveau op deem fréieren, och net grad usprochsvollen Niveau, hätt d’ADR d’Nationalitéitegesetz kéinte matstëmmen.

Esou huet d’ADR als eenzeg Partei géint dat Gesetz gestëmmt an domat nach eemol bewisen, datt si hiert Wuert hält, an datt hieren “3 x Nee” beim Referendum vun 2015 och esou gemengt war. Esou huet d’Chamber déi aacht ADR-Amendementer zum Nationalitéitegesetz ënnert den Dësch gestëmmt, déi de Roy Reding nach eng Kéier abruecht hat, fir eise Standpunkt duerchzesetzen. An esou huet d’CSV nach eng Kéier bewisen, datt si am léiwsten all Unfug vu Gambia matmaachen an och mat an där Regierung sëtzen. Dat seet och den CSV-Spëtzekandidat.

Dem Roy Reding seng Argumenter der Rei no: