An enger Interpellatioun ass et de 24. November an der Chamber ëm d’multilingual Schoul gaang. Dobäi si ganz vill Themen zur Sprooch komm, mä de Fernand Kartheiser huet d’Geleeënheet genotzt, fir d’ADR-Grondlinnen vun enger anerer Schoulpolitik ze erklären. Dobäi ass hie besonnesch op d’Sproochen an op déi zentral Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch agaang an dat, esou wuel an der Schoul wéi och an der Staatsverwaltung.

Schoulpolitik: Schluss mam Gläichmaachen

De “Nivellement vers le bas”, wou probéiert gëtt, d’Ufuerderungen esou niddereg ze maachen, datt méiglechst vill Kanner ouni Schwieregkeeten duerchkommen, soll ophéieren, war dem Fernand Kartheiser seng éischt Fuerderung. Feeler wären an de Naturwëssenschaften net méiglech, firwat sollte se an de Sproochen zoulässeg sinn, huet den ADR-Deputéierte gefrot. D’Grondschoul wär d’Plaz fir déi traditionell Dräisproochegkeet vum Land ze fleegen, dat géing awer nëmmen iwwer e gudde Sproochenunterrecht goen, war seng zweet Haaptausso. An deem Ëmfeld misst Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch virrangeg behandelt ginn. Et sollt ee grad an der Schoul  net wirtschaftlechen Iwwerleeungen de Virrang ginn viru der kultureller Realitéit an der Geschicht vum Land. Dat méisproochegt Ëmfeld vum Land wär net a Fro gestallt, mä e komplett Ëmstelle vum Schoulsystem op franséisch wär de falsche Weegrad wéi eng multilingual Fréierzéiung. Do géingen nei Diskriminatioune géint Kanner geschaf ginn, déi méi Schwieregkeete mat därer Sprooch hätten.

Méisproochegkeet ouni Sträit

De Fernand Kartheiser huet och opgeruff, datt d’Diskussioun ëm d’Sprooche net am Sträit soll gefouert ginn. D’Positioun fir d’Lëtzebuergescht wär am Respekt vun der Lëtzebuerger Geschicht, si géif sech kengesfalls géint d’Franséischt riichten. Mä Lëtzebuergesch kéint hei am Land keng Exklusiounssprooch sinn, wéi dat an der Diskussioun heindsdo géing behaapt ginn,  grad esou wéineg wéi Franséisesch a Frankräich an Däitsch an Däitschland. Duerfir wéilt d’ADR d’Roll vum Lëtzebuergeschen an alle Beräicher opwäerten. Duerfir wär et och wënschenswäert, wa méi Kanner kéinten am Kontakt mat den Elteren doheem d’Sprooch léieren. Fir eng dynamesch Integratioun wär et och gutt, wa Lëtzebuergesch d’Haaptsprooch an der ëffentlecher Verwaltung géing bleiwen.

Um Schluss huet de Fernand Kartheiser opgefuerdert, endlech eng systematesch Integratiounspolitik ze woen, déi d’Roll vum Lëtzebuergeschen hei am Land voll géing unerkennen.