Lëtzebuerg brauch méi Demokratie a keng Véiererband!

De Premierminister huet definitiv de Bezuch zu der Realitéit verluer an de Kontakt mam Bierger gebrach. De Xavier Bettel wëllt keen nationaalt Burkasgesetz, dowéinst wëllt hien awer de Gemengenagenten (Pecherten) de Pouvoir ginn, fir d’Dreckskëschten ze kontrolléieren a géint den „Hondscaca„ virzegoen. An enger, der moderner Demokratie net würdeger Reunioun, huet d’Véiererband DP, LSAP, Gréng an CSV (!) sech am Büro vum Premier getraff, fir iwwert d’Burkasgesetz ze schwätzen… fir zum Resultat ze kommen, datt d’Lëtzebuerger Gemengen en „Ordnungsamt“ brauchen. D’ADR wäert sech mat allen demokratesche Mëttele wieren, géint de Kulturkrich vun der Gambia-Regierung géint hiert Vollek!

D’Véiererband, Gambia plus CSV, huet sech en Dënschdeg am Büro vum Premierminister getraff. Et ass, nieft der Burka och ëm Froe vun der nationaler Sécherheet gaangen. Dës Versammlung vu Gambia a CSV werft eng ganz Rei vu Froen op. Wann d’Regierung de Chamber eppes matzedeelen huet, soll se an d’Chamber kommen! Probéiert de Premier, laanscht d’Parlament awer mat der CSV ze regéieren? Wat hunn déi Véier ze verstoppen?

Musse muer 105 Gemengen hiert Polizeireglement änneren, a kréien iwwermuer d’Gemengenagenten iwwert en nationaalt Gesetz nei Pouvoiren, well d’Regierungsparteien sech net eens ginn d’Vermummungsgesetz national anzeféieren ? Wéi eng Roll spillt d’CSV an deem Spill? Wéisou sinn d’ADR an déi Lénk net zu dësem Gespréich ageluede ginn? Wéi steet et ëm d’Demokratie zu Lëtzebuerg?

De Premierminister a seng Konsorten wëlle keen Amalgam. An dach! An engem Reportage op 100,7 zum Burkaverbuet heescht et „d’Pecherte kréien d’Méiglechkeet d’Leit déi vermummt sinn ze protokolléieren“. D’Gemengenagenten sollen, iwwert en nationaalt Gesetz, méi Pouvoire kréien. Originalzitat Xavier Bettel: „ Da geet vun, eh, Poubellen eh, net de richtegen Dag ze deposéieren oder op der richteger Plaz ofzesetzen, den Hondscaca net opzerafen, dat geet iwwert de Knätsch an eng Rei vun Inzivilitéiten…“. Kann et sinn, datt de Premier d’Burka als Virwand hëlt, nees eng zweet Police anzeféieren, dëst ëmsou méi well d’Regierung plangt eng Réi „commissariats de proximité“ zou ze maachen?

D’ADR huet als eenzeg Partei zu engem Zäitpunkt wou nach net iwwert d’Flüchtlinge geschwat ginn ass – am Juli 2014 – eng Gesetzespropositioun zum Vermummungsverbuet deponéiert. Dës Propositioun ass vum Staatsrot aviséiert a kann also, um normalen an demokratesche Wee, kuerzfristeg an der Chamber debattéiert a gestemmt ginn. Wann d’CSV mécht, wéi wann et dës Propositioun net géif ginn, an déiselwecht Proposen an hirem Numm areecht, dann ass dat Populismus am héchste Grad.

D’Regierung an de Premier beweisen Dag fir Dag, datt se definitiv d’Lektioun vum Referendum net verstanen hunn. Et schéngt, eis Regierung sicht sech en neit Vollek. Fir d’ADR ass kloer: d’Lëtzebuerger brauchen endlech eng Regierung, déi de Wëlle vum Wieler an domadder och d’Demokratie respektéiert.

Pressematdeelung vum 25. November 2015

 

Deel dëse Post: