Den 10. Abrëll huet de Staatsminister seng traditionnell Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Den Dag drop konnten sech d’Deputéieren dozou äusseren. Fir d’ADR huet de Gast Gibéryen d’Wuert ergraff. Hei ass seng integral Ried.

Hei sinn eng Rei Zitater aus dem Gast Gibéryen senger Ried:

“D’Realitéit ass, datt mir all Joer iwwert eng Milliard Defizit am Zentralstaat maachen an datt mir 2015 bei 2 Milliarde bei onverännerter Politik dierfte landen. Wat d‘Entwécklung vun de Scholden an enger Legislaturperiod ugeet si mer vu bal 5 op 30 % vum PIB eropgaangen. D’Emprunte gi vu Joer zu Joer méi héich, a mat der CSV-LSAP-Politik iwwerschreide mer mat Sécherheet, wa mer esou weiderfueren, an der nächster Legislaturperiod d’Grenz vu 60%.”

“D’Situatioun ass also net esou roseg, wéi mir mengen, a mir soen dofir ganz kloer, datt mir als Land mussen eis Hausaufgab maachen. Mir mussen eis Finanzen an Uerdnung bréngen. Mir musse kucken, datt mer ni an déi Situatioun kommen, datt mer d’Maastricht-Critèren net méi respektéieren an datt da vu Bréissel aus decidéiert gëtt. Wa mir d’Critèren net méi respektéieren, verléiere mir domat eis national finanzpolitesch Souveränitéit.”

“Aféierung vum automateschen Informatiounsaustausch: Mir mussen hei bedaueren, datt de Minister et net fir néideg fonnt huet, fir d’éischt an d’Commissioun ze kommen an d’Parlament z’informéieren, an datt mir dat hu missten duerch d’auslännesch Press gewuer ginn. Vum Accord vu Feira u war et kloer : et war den Ufank vum Enn vum Bankgeheimnis. An esou, wéi mir heibanne woussten, datt d’Bankgeheimnis eng Kéier géif falen, wousst et och d’Bankeplaz. Dofir huet och d’Bankeplaz sech konnten am Laf vun deenen 13 Joer drop astellen.”

“Wat Zypern ugeet, sinn ech der Meenung, datt d’Länner, déi den éischten Accord zu Bréissel gestëmmt hunn, e grousse Feeler gemeet hunn an de falschen Akzent gesat hunn. Et hat eng negativ Reperkussioun op Lëtzebuerg. Wa mir muer an esou eng Situatioun kommen, dann dierf een net mengen, datt den neie President vum Eurogrupp sech verschwat oder falsch ausgedréckt hätt. Wa Lëtzebuerg eng Kéier an déi Situatioun kënnt, da gi mir net besser behandelt wéi Zypern behandelt ginn ass. Au contraire.”

“D’Leit am Land sinn net bereet fir weider Sacrificer op sech ze huelen, fir weider Steiererhéijungen oder Sozialofbau ze akzeptéieren, wann se net gesinn, datt d’Politik déi Gelder, déi zur Verfügung stinn, seriö verwalt an ausginn huet.”

“Mir soe kloer, datt mer net kënnen den Accord salarial an der Fonction publique stëmmen. De Bewäertungssystem soll een eraushuelen, de Rescht vun der Reform soll ee stëmmen. Et kann een awer net higoen an de Leit erklären, datt et hannen a vir net méi opgeet, datt ee muss Steiererhéijunge maachen, datt ee muss TVA-Erhéijunge maachen, datt ee muss sozialen Ofbau maachen, an et geet ee gläichzäiteg hin an et erhéicht een d’Gehälter am ëffentleche Sekteur – och wann ee 14 Méint virun den nächste Chamberwale steet. Et kann een dat net maachen, well d’Leit dat net kënnen akzeptéieren.”

“Déi Suen, déi mer haut bäisetzen an der Fonction publique, déi musse mer all Joers léine goen. An 10, 15 Joer mussen hir Kanner dat alt erëm eng Kéier zréckbezuelen, an dat kann och keen an der Fonction publique wëllen.”

“De Staat muss et fäerdegbréngen, seng Depensen an de Grëff ze kréien. Et kann net sinn, datt mer weiderfueren, wéi dat déi lescht Joren de Fall war, datt mer méi Suen ausginn, wéi mir der ausginn.”

“Fir eng méi grouss sozial Gerechtegkeet a Steiergerechtegkeet musse mer all d’Familljenzoulagen zesummeleeën (Kannergeld, Chèques-service, Kannerbonus), dat Erzéiungsgeld un all Famill ausbezuelen an et awer der Steier ënnerwerfen. Domadder géife mer de soziale Critère, iwwert de Wee vun de Steieren, erabréngen. Mir géifen et awer ënnert der Conditioun setzen, well se un all Famill ausbezuelt gëtt, datt déi Fra oder dee Mann, deen doheem d’Kannererzéiung mécht, obligatoresch an eng Pensiounskeess abezuelen.”

“Mir hunn net de Problem, datt mer hei am Land net genuch Aarbechtsplaze schafen. Firwat kréie mer eis Leit net an den Aarbechtsmaart eran? Ee Punkt ass sécher den Enseignement. De grousse Chômage vun haut ass den Echec vun de leschten Joerzéngte vun der Schoulpolitik. An da brauche mer selbstverständlech e Mentalitéitswiessel hei am Land. Et muss och haut kënnen e Lëtzebuerger eng Aarbecht bei engem Entrepreneur oder am Horesca-Secteur akzeptéieren. Et ass keng Onéier. Doriwwer eraus si mir der Meenung, datt ee misst d’Beschäftegungsinitiativen an där Form ofgeschafen an e Service der ADEM uglidderen. Et soll ee versichen, déi Leit an den éischten Aarbechtsmaart eranzekréien, wou mer dann de Betriber eng Subventioun ginn, déi degressiv zréckgeet. Déi Leit, déi mer net an den éischten Aarbechtsmaart kréien, déi solle mer einfach beim Staat, bei de Gemengen a bei den ASBLen ënnerbréngen.”

“Esou eng Erhéijung vun der TVA géif dem Staat weider 250 Millionen Euro an d’Keess erabréngen. Et wier nach wäit ewech vun deem, wat den Defizit duerstellt. Et muss ee wëssen, datt dat net nëmme sozial ongerecht ass fir d’Salarién, mä et ass och ekonomesch ganz schwéier ze vertrieden.”

“Am Logement bestëmmen d’Offer an d’Demande de Präis, an net d’Subsiden an d’Subventiounen. Wa mir et net fäerdegbréngen, méi Offer op den Terrain ze bréngen, da kann de Staat esou vill Subventioune ginn ewéi e wëllt, dann ännert dat näischt. Mir mussen d’Offer an d’Luucht kréien, an dofir ënnerstëtze mer all d’Beméiungen, déi an déi Richtung ginn.”

“Wa mir an Europa keng sozial Mindestnorme kréien, an Europa produzéiert weider Chômage an Aarmut, da gëtt Europa op eemol eng Gefor fir de Fridden”