Laangfristeg Infrastrukture plangen, Wuesstem kontrolléieren

De 14. Oktober war eng Orientéierungsdebatt iwwer d’Infrastrukturprojeten vum Staat. De Gast Gibéryen huet fir d’ADR geschwat an erënnert, dat et em laangfristeg Projete geet déi eréischt no 2020 gemaach ginn. An därer Perspektive huet hie gemengt, datt dat finanziell Sëcherheet géing ginn. Hien huet awer och gefrot, fir eng laangfristeg Plangung vun esou Projeten, wou zum Beispill d’Mobilitéit vu Mënsche mat engem Handicap a Velospisten direkt berücksichtegt wären.

Park and Ride wäre schéin a gudd mä wa se no bei der Stad sinn ass et fir Autoe schwéier, se ze erreechen. Seng Zweifelen huet hien duerfir un der méiglecher Begrenzung vun der Vitesse op Staatsstroossen op 30 Kilometer an der Stonn.

Trotzdem wär déi beschte Plangung fir d’Kaz, wann net géing d’zukünfteg Entwécklung vum Land berücksichtegt ginn. Zwar géingen elo 4000 bis 4500 Park-and-Ride-Plazen bis 2022 gebaut ginn, mä alle statistesche Berechnungen no géinge bis dohinn scho nees vill méi Autoen duerch nei geschafen Aarbechtsplazen op eise Stroosse fueren. Den Dilemma vum Wuesstem ass fir de Gast Gibéryen den zentrale Problem vum Land. Hie bedauert, datt d’Regierung voll op wirtschaftleche Wuesstem setzt. Den ADR-Deputéierten huet zu dem Sujet och eng Interpellatioun an der Chamber gefrot, déi an de nächste Woche soll sinn.

Deel dëse Post: