Keng Diskriminéierung vum Lëtzebuergeschen!

Bei engem Gesetz iwwer d’Weiderbildung, d’Unerkennung vun europäeschen Diplomer an d’Bewegungsfräiheet fir EU-Bierger ass dem Fernand Kartheiser de Col geplatzt. Hien huet de Nee vun der ADR zu deem Gesetz argumentéiert: Tatsächlech ass am Gesetz just verlaangt, eng vun den europäeschen Amtssproochen ze kënnen, fir hei zu Lëtzebuerg ze schaffen. Dat geet der ADR net duer: Wien hei wëll schaffen, besonnesch a Gesondheetsberuffer, soll Lëtzebuergesch kënnen. An dat Lëtzebuergesch keng EU-Amtssprooch ass, ass jo ausschliisslech dem schlechte Wëllen vun e puer Regierungen ze verdanken. Bedenklech fënnt de Fernand Kartheiser och, datt keng vun all deene Parteien, déi zanter der Petitioun Nummer 698 anscheinend esou vill fir d’Lëtzebuerger Sprooch iwwreg hunn, dee Manktem am Gesetz och nëmmen ugeschwat huet.

Deel dëse Post: