Keen Accord iwwer d’Affekotenhonorären

De Roy Reding hat eng “Question élargie” gestallt. Dat si parlamentaresch Froen, déi den zoustännege Minister muss virun der Chamber beäntwerten. Dem ADR-Deputéierte säin Uleies war duebel. Hien ass fir eng Regelung vun den Affekotenhonorären a fir e bessere System, datt déi Partei, déi viru Geriicht gewënnt, hir Affekotenfraisen ersat kritt. Deen aktuelle System, wou e Riichter no eegenem Ermiessen eng Indemnitéit ka festleeën, gëtt dem Roy Reding keng Satisfaktioun. Mä de Justizminister Felix Braz gesäit, trotz den Argumenter vum Roy Reding, keen Handlungsbedarf.

Deel dëse Post: