… ech iwwerzeegt sinn, datt sech och fir eeler Leit, behënnerte Matmënschen an d’Famill muss agesat ginn. An dësem politesche Ressort ass an deene leschte Joren einfach net genuch gemaach ginn”.

D’Monique Thein-Weber ass de 9. Juni 1965 an der Stad Lëtzebuerg op d’Welt komm an zu Péiteng opgewuess. Do war si bis 1991 an ass dunn op Rolleng geplënnert. Si huet mat 15 Joer eng Léier als Coiffeuse gemeet. A fréierer Kandheet huet si 10 Joer laang de “Léiweckelcher” aus dem Kordall Péiteng ugehéiert. 1988 ass si mam Patrick Thein bestuet ginn, krut 2 Kanner an huet dunn zugonschte vun der Kannererzéiung hire Beruff néiergeluecht. Spéider huet si och nach Formatiounen am Nail-Design absolvéiert.

2010 ass si Member an der ADR ginn, wou si engagéiert ass als Vizepresidentin vun der ADR-Fraesektioun, als Member am ADR-Südbezierk an als Kommissiounsmember an der ADR-Sektioun Péiteng. Si ass zu Péiteng Member an der Komissioun fir eeler Leit, behënnerte Leit a Famill.

2011 huet si sech dunn de Gemengerotswale gestallt a gouf hei mat engem gudde Resultat, 368 Stëmmen, Véiert op der Lëscht.
Politesch ass si dorun intresséiert, sech am soziale Beräich ze engagéieren.

Nieft der Politik sinn hir Hobbyen ausserdeem Molen, Musik, Lektür, hir Déieren an d’Famill.

Lëtzebuerg endlech jonk Leit mat neien Iddie brauch, d’Politik elo e wierklechen Neiufank soll sinn an d’Lëtzebuerger Sprooch dréngend e wichtege Sujet muss ginn! ”.

De Joe THEIN, deen de 17. Juli 1991 zu Esch-Uelzecht gebuer gouf, a seng Kandheet am schéine Minettsquartier an der Gemeng Péiteng erlieft huet, huet nieft senger schoulescher Lafbunn am Commerce am technesche Lycée zu Péiteng, scho fréi säin Interessi un der Geschicht an un der Politik fonnt. Dowéinst soll elo och an Zukunft en Unisstudium an der Geschicht nozéien.

Hie gouf de 14. Juli 2008, am Alter vu 16 Joer, Member an der Alternativ Demokratescher Reformpartei. No de Chamberwale vun 2009 huet hie sech och aktiv am Komitee vun der Jugendpartei ADRenalin an hirer Mammepartei engagéiert. Hien huet hei séier politesch Carrière konnte maachen, a bekleet och säitdem verschidde Mandater an der Partei: hien ass zënter 2010 Vizepresident vun der Jugendorganisatioun ADRenalin, déi jonk adr, Member vum Nationalkomitee, souwéi Sekretär an uschléissend Vizepresident vun der ADR-Sektioun Péiteng.

Politesch ass hien um Konservatismus orientéiert, enger politescher Léier, déi op den Edmund Burke zeréckgeet. Hie wëll sech am politesche Beräich besonnesch an europäeschen Dossieren, der Kultur, der Integratioun, der Educatioun an der Famill engagéieren.

Bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2011 huet hie sech, am Alter vun 20 Joer, eng éischte Kéier bei Wale presentéiert, a gouf hei mat 403 Stëmmen Éischtgewieltenen op der ADR-Lëscht, wouduerch d’ADR och déi éischte Kéier e Vertrieder an de Péitenger Gemengerot konnt schécken. Do ass hien elo als Gemengeconseiller och e. a. an der Kulturkommissioun engagéiert, an ass Delegéierte fir d’Borne du Passeur.

Nieft sengem politeschen Engagement ass hien awer och nach an anere Veräiner aktiv. Hien ass Member…

  • an der AL (Actioun Lëtzebuergesch)

  • an der HISTPETA (Geschichtsfrënn Péiteng)

  • an der ALPA (Association luxembourgeoise pour la protection des animaux)

  • an der GKA (Georges Kayser Altertumsfuerscher)

  • am Syndicat d’Initiative Rodange (SIR) a Syndicat d’Initiative Pétange (SIP)

Zu sengen Aktivitéiten an der Fräizäit gehéiert säi Frëndeskrees, historesch a politesch Lektür, de Kino, Reesen, Schach spillen, Musik, d’Natur, gemittlech Owesstonnen am Café an den Internet.

… well a mengen Aen d’ADR déi Partei ass, déi sech am meeschten um soziale Plang engagéiert, a sécherlech méi wéi déi Parteien, déi d’Wuert sozial an hirem Numm hunn. Ech engagéiere mech virun allem géint d’Inegalitéiten an eiser Gesellschaft”

Jean-Claude Strottner est né le 20 août 1949 à Esch/Alzette où il fréquenta l’école primaire. Il poursuivit ses études secondaires en Belgique dans la section latin-grec. Après avoir passé l’examen d’aptitude à passer à l’enseignement supérieur, il entreprit des études de médecine à Louvain, qu’il dut malheureusement arrêter après 4 semestres.

Il commença alors une carrière dans le milieu bancaire en 1970 auprès de la BIL, qu’il arrêta en 1987 pour des raisons familiales étant à l’époque gérant de l’agence de Rodange ainsi que fondé de pouvoirs. Durant cette période, il suivit des cours de technique et de droit bancaires ainsi que 2 années d’économie politique, le tout sanctionné par des diplômes.

Suivit alors un exode vers l’Espagne où il vécut avec sa famille sur la Costa del Sol pendant près de 7 ans. A la mort de son épouse il dut se résoudre à rentrer au pays.

Il suivit à cette époque une formation professionnelle dans le domaine “agence immobilière et promotion immobilière” ainsi que des cours pour agents d’assurance avec agrégation d’agent auprès du Foyer. S’ensuivirent des cours de Comptabilité informatisée ainsi que des cours de mercéologie en agence de publicité.

Actuellement, en dehors de son agence d’assurances qu’il dirige en association avec son ami Frank Gérard, il gère aussi en association avec son ami une agence de publicité surtout orientée vers la communication et la production ainsi que l’événementiel dénommée SG ComProd s.e.n.c.

Il est également trésorier général de l’ADR, ainsi que secrétaire auprès du parti.

Pour le peu de temps libre qu’il lui reste, il le consacre surtout à la lecture et au théâtre.

Il est aussi membre de Mensa Luxembourg.

… ech aktiv un der Gestaltung vun eiser Gesellschaft mathëllefe wëll”

 

Den Nico Schroeder ass den 29. Juni 1953 zu Esch/Uelzecht op d’ Welt komm an huet als Kand do gelieft bis seng Elteren 1958 op Bieles an hiert neit Haus geplënnert sinn. Do ass hien och an d’Primärschoul gaangen.

No senger Ausbildung zum Chemiker huet hien op der ARBED am chemesch-physikalesche Laboratoire zu Déifferdang ugefaange mat schaffen, bis hien 1980 op Zementwierk-Esch an de Labor gewiesselt huet an och bis zu senger definitiver Pensioun 2013 bliwwen ass.

Obwuel den Nico Schroeder jorelaang President vun der “Biergerinitiativ Al Bieles ” wor an sech do ganz staark fir d’ Liewensqualitéit vun de Bieleser Awunner agesat huet an du schonns mat ville Politiker ze doen hat, ass hie selwer awer eréischt relativ spéit an d’Politik gaangen an huet sech 1997 an der ADR engagéiert.

“Reklaméieren eleng geet net duer. Wann ee wëllt eppes änneren oder eege Virstellungen huet, muss ee schonns selwer aktiv mat upaken an Ideeë bréngen, fir eppes kënnen ze bewierken. Leider ass dat och an enger Demokratie net ëmmer einfach oder et dauert einfach ze laang, bis se kennen ëmgesat ginn. Trotzdem, bestehend positiv Ideeën ënnerstëtzen a weiderdreiwen, bestehend Mëssstänn konsequent bekämpfen a verbesseren – dat sinn Zil a Motivatioun déi mech an der Politik virundreiwen”.

1999 gouf hien an der Gemeng Suessem (Bieles-Éilereng-Suessem-Zolwer) an de Gemengerot gewielt, wou hien 12 Joer laang ganz engagéiert matgeschafft huet. Nieft sengem Mandat als Gemengerot wor hien an verschiddene Gemengekommissiounen, Member vum ADR-Nationalkomitee a Bezierkspresident vum Süden.

A senger Fräizäit huet hien esou munches ënnerholl. Vu Kand un huet hie Sport gemeet, fir d’éischt als Kand zu Bieles am Turnveräin an du vu 15 Joer un am Judo Club Esch, wou hien ufanks als Schüler a Compétiteur dobäi wor, spéider als Trainer an am Komitee matgeschafft huet. Nach e bësse méi spéit huet hien haaptsächlech Aikido gemeet (japanesche Kampfsport) an sech do voll engagéiert a wor vun 1983 bis 1988 souguer Aikido-Nationaltrainer vun der offizieller Federatioun, ass deem Sport bis haut trei bliwwen an ass zënter iwwer 25 Joer aktive Member vum Aïkido-Club-Esch.

Well hien zu Bieles praktesch am Bësch an der voller Natur wunnt, hält hien sech ausserdem fit mat Gaart- a Bëschaarbeschten, interesséiert sech fir Musek, spillt Piano an Accordeon, ass Hobbykach, Philatelist a verbréngt ganz vill Zäit mat der Famill.

Den Nico Schroeder ass bestuet mam Carine Faber vun Zolwer, déi och mat him an der Gemengepolitik täteg wor an ënnerstëtzt huet, hien huet ee Bouf vun 30 Joer an zënter e puer Méint och en Enkelkand, dat vill Freed mécht.

… ech un d’Famill als Kärzell vun der Gesellschaft gleewen”
 
 

De Jorge Sanches ass 1972 zu Esch-Uelzecht gebuer.

De 4. Schouljoer huet en zu Lëtzebuerg ofgeschloss, dunn huet en tëscht 1983 an 1986 mat senger Famill a Portugal gelieft.

Wou en 18 Joer al ginn ass, huet en sech fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit entscheet.

De Secondaire huet en an der Belsch gemaach.

Am ECG huet de Jorge Sanches en “BTS en Comptabilité et Gestion d’Entreprise” ofgeschloss.

Hie schafft am Assurancësekteur, am Service contentieux.

De Jorge Sanches war och am Veräinsliewen aktiv, notamment als Member vun der CCPL (Confédération des Communautés portugaises au Luxembourg) an als Radiotechniker beim Escher Sender “Radio Amizade”. Obwuel en sech zäitweileg aus dem Veräinsliewen zréckzegunn huet, huet e wëlles nees aktiv ze ginn.

Hien ass Evangelesche Chrëscht.

Hie lieft mat senger Partnerin a mat sengem Bouf.

Hie këmmert sech gär ëm seng Famill an ass Hobbyhandwierker.

Seng Hobbye si liesen, spadséiere goen a Filmer kucken.

… ech der Meenung sinn, datt Walversprieche mussen och agehale ginn, an datt eist Land eng éierlech a gerecht Politik muss bedreiwen; well all Mensch d‘Recht soll hunn, sech en normale Loyer, respektiv eng erschwénglech Wunneng leeschten ze kennen; well d’Lëtzebuerger Sprooch en Atout an eiser Gesellschaft soll sinn, a mir all dofir kämpfe mussen. Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt d’ADR déi Partei ass, mat där ech mech an alle Punkten identifizéiere kann, an datt all eis Walverprieche keng eidel Versprieche wäerte bleiwen”

Den 13. Februar 1970 gouf ech zu Diddeleng ënnert dem Numm MOHNEN Malou gebuer, an hu meng Kandheet zu Téiteng, Rëmeleng a Betten op der Mess verbruecht.

1987 gouf mäi Familljenumm duerch d’Adoptioun op PROTT ëmgeännert.

Vun 1983-1990 goung ech an der Staat an de Lycee Technique Michel Lucius, Section Administrative et Commerciale an d’Schoul, an duerno wor ech um ECG .

No menger Schoul hunn ech an der Bank geschafft , als Chef-Sekretärin an engem Hifi-Geschäft an duerno  zäitweileg beim Ministère de la Santé, ier ech mech 2002 selbständeg gemeet hunn.

Zënterdeems schaffen ech als Maartsfra am ganze Lëtzebuerger Ländchen.  Zënter 6 Joer sin ech Präsidentin vun der Association des Professionnels des Foires et Marchés, wou ech mech dofir asetzen, datt de Beruff vum Maart eng reelI Iwwerliewungschance huet.

Zu mengen Aktivitéiten a Fräizäit gehéiert nei Mäert ze organiséieren, mäi Frëndeskrees, Liesen an Tauchen .

… d’ADR als eenzeg Partei d’Gefill gëtt et éierlech mam Bierger ze mengen a sech och mat vollem Asaz fir en asetzt”
 
 

D’Suzanne Kohl ass de 24. Dezember 1991 zu Esch-Uelzecht op d’Welt komm. Zur Zäit ass et an der Ecole privée Fieldgen op enger Commerce-Klass an ass a sengem leschte Joer.

Et hat d’Chance genotzt an dëst Joer e Stage am Sekretariat vun der ADR gemaach. Et war virdun och scho politesch intresséiert, mä duerch dee Stage ass et ëmmer méi op de Goût komm an ass schlussendlech Member ginn. Hatt kënnt ëmmer erëm gären an de Büro Moie soen, an och schaffen. Et ass och ëmmer bereet do auszehëllefen.

Seng Hobbye sinn ënnert anerem liesen, Musek lauschteren, Reportagë kucken, asw.

… d’Jugend frësche Wand an d’Politik bréngt”

D’Joëlle Giannotte-Ostertag gouf 1981 zu Esch/Uelzecht gebuer. Hatt ass zu Déifferdeng an enger Handwierkerfamill grouss ginn.

Vun 2002 bis 2006 huet et eng “Licence en Communication” mat Haaptfach Journalismus op der ECS zu Bréissel ofgeschloss. 2005 war hatt Joergangsbescht mat Mentioun an der “Communication globale”.

Während senger Studienzäit, bis haut, profitéiert hat fir am In- an Ausland, Stagen a Weiderbildunge bei renomméierte Firmen an Institutiounen ze maachen. Well et léiert ee jo bekanntlich ni aus. Haut schafft hat am ADR-Sekretariat a managt ënner anerem eis dësjäreg Walcampagne.

Zënter 2009, mat Ausnahm vun engem Joer, ass d’Joëlle Presidentin vun der ADRenalin, déi jonk ADR. An deem Kader huet hatt sech och mat der Jugendpolitik an Europa befaasst. Hat gouf dobäi an de Komitee vun der Jugendeuropapartei EYC (European Young Conservatives) gewielt, wou hatt dëst Joer seng zweet Amtszäit als Vize-Presidentin ugetrueden ass.

Seng Fräizäit verbréngt hatt mat sengem Mann a senger Famill. Hatt ass awer och gär mat senge Frënn, begleet vu Muppen a Päerd, an der Natur ënnerwee.

… et wichteg ass, datt d’Kanner eng gutt Ausbildung kréien, fir um nationalen an internationalen Aarbechtsmaart eng sécher Zukunft ze hunn. Ech fannen,  datt mer um Gebitt vun der Educatioun nach vill ënnerhuele kënnen an esou munches besser maache mussen”

De Jeff Frisch ass de 7. August 1979 zu Esch-Uelzecht op d’Welt komm, ass do opgewuess an nennt sech selwer en “stolze Minettsdapp”.

1997 ass hien dem Fräiwëllegendéngscht vun der Lëtzebuerger Arméi bäigetrueden. Um “Bierg” huet hie geléiert, säi perséinlecht Potential z’entwéckelen, seng Limitten z’iwwerwannen, an datt et wichteg ass als Eenheet zesummenzehalen.

Zënter 2001 ass hien op der Post. A senger Funktioun als Bréifdréier ass hien am Kontakt mam Vollek a lauschtert ville Leit gären no, wat si esou ze zielen hunn. Seng laangjäreg berufflech Erfahrung huet seng Fäegkeet, sech bewosst auszedrécken an ze verhalen, nach weider entwéckelt. Hien huet en oppent Ouer fir jiddereen.

De Jeff ass och en Déieregeck an dofir huet hien sech am Déiereschutz engagéiert. Hien huet 2 Kazen aus dem Asyl bei sech opgeholl. Déiereschutz gesäit hien als eng wichteg Aufgab a Verantwortung un.

Dëst Joer ass hie Member an der ADR ginn, fir sech politesch am Beräich vun der Educatioun an der Famill z’engagéieren.

Nieft dem Déiereschutz an och der Politik ass hien e Frënd vun der Natur a beschäftegt sech vill mam Thema Ëmweltschutz. Als weider Hobbye baakt a kacht hie mat Leidenschaft.

… et geet net duer iwwert Probleemer ze diskutéieren, et muss een agéieren.”

Maître Cindy COUTINHO ass 1986 an der Stad Lëtzebuerg gebuer. Obgewuess ass et zu Käl. Si war um Lycée Technique Nic Biever zu Diddeleng an an der Ecole Privée Fieldgen an der Stad. Während senger Lycéeszäit war et aktiv bei der Käler Musek an huet och Danzcoursë gi fir Kanner am Kader vun organiséierte Stagë vun der UGDA (Musekschoul).

Vun 2005 bis 2011 huet et Droit studéiert op der Uni Lëtzebuerg an zu Nanzeg.

Während senge Studien huet et och eng Formatioun beim Ministère de l’Education Nationale gemaach, wou et dann och eng « Autorisation de remplacement » krut fir als Ersatzjoffer an de Primärschoulen an am Préscolaire ze schaffen.

2011 huet d’Cindy Deel un Israeli Model United Nations gehol.

Privat ass d’Cindy sportlech a geet gär ënnert Leit.

Fir d’Cindy ass et wichteg, datt sech jonk Leit an der Politik investéieren, well déi e groussen Deel vun eiser Bevëlkerung sinn a wichteg fir d’Entwécklung vun eisem Land.

… well Wäerter wéi Gerechtegkeet, Solidaritéit, Éierlechkeet an Demokratie an de leschte Joren an eiser Politik béis gelidden hun. Mäin Zil ass et, fir eng gerecht, sozial, familljen- a jugendfrëndlech Politik ze suergen a fir bei deene wirtschaftlechen a finanziellen Erausfuerderunge vun dësem Land mat unzepaken. Ech setze mech ganz besonnesch a fir gerecht a besser Bildungschancë fir all Kanner a Jugendlecher, well nëmmen an enger qualitativ héichwäerteger Bildung läit de Schlëssel vun der Zukunft vun eisem Land.”

Ech sinn 1963 zu Esch/Alzette gebuer. Opgewuess sinn ech zu Bréissel.

No mengem europäesche Baccalauréat hunn ech zu Lille Droit studéiert, an hunn do och eng Licence en droit gemaach, mat Spezialisatioun „droit international et droit administratif“.

Nodeems ech eng Zäitlaang an der Privatwirtschaft war, hunn ech beim Staat um Enregistrement ugefaangen, an zënter 2001 sinn ech an der Direction du Contrôle Financier. Do hunn ech verschidde Ministèrë kennegeléiert an hunn e gudden Iwwerbléck iwwert Finanze beim Staat.

A menger Fräizäit hunn ech laang Joren d’FAPEL (Fédération des Associations de Parents d’Elèves du Luxembourg) gefouert, an hunn dës Aktivitéit am Mäerz ofginn, well ech kee Kand méi am Schoulsystem hunn. Hei hunn ech de Beräich vum Benevolat, vum Management an der Personalféierung kennegeléiert. 

Ech hunn do Erfahrunge gesammelt iwwert den Educatiouns-, Bildungs- a Sozialsystem. Ech war 4 Joer laang Vize-Presidentin vun der EPA (European Parents Association, 30 Länner) mat Sëtz zu Wien, déi ech am Conseil de l’Europe an op europäeschem Niveau vertrueden hunn. Hei ware meng villsäiteg  Sproochekenntnisser ee Virdeel. Ech war do och zoustänneg fir d’Elterenaarbecht am Orient, besonnesch an der Tierkei. Dës Aktivitéite waren nëmme méiglech mat Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Regierung (besonnesch Mme Delvaux-Stehres, Ministre de l’Education) a menger Verwaltung.

Ech wäert all meng Erfahrunge matt abréngen, wann d‘Wieler menger Partei, der ADR, a mir hiert Vertraue bei der Wal am Oktober ausschwätzen.

… ech mengen, datt et och soll konservativ Stëmmen an der Lëtzebuerger Politik ginn.”

 

De Fernand Kartheiser gouf 1959 an der Stad gebuer. Hien huet 1978 seng Première am Lycée Michel Rodange gemaach an huet sech dono fräiwëlleg an d’Arméi gemellt. Hien huet zu Bréissel déi kinneklech Militärakademie (Ecole Royale Militaire) absolvéiert, déi diplomatesch Akademie zu Wien an hien huet d’Universitéit Paul-Valéry zu Montpellier mat engem Doktorat an der Geschicht ofgeschloss.

Berufflech wor de Fernand Kartheiser fir d’éischt Offizéier vun der Arméi, ier hien 1989 an den diplomateschen Déngscht agetrueden ass. Am Kale Krich wor hien ausserdem Geheimagent.

Am Bausseministère huet hien op eisen Ambassaden oder Stännege Vertriedungen zu New York, zu Bonn, bei der EU, beim Europarot a bei der OSZE geschafft. Vun 2000 bis 2005 wor hien Ambassadeur zu Athen fir Griicheland, Rumänien an Zypern.  Vun 2005 bis 2009 wor hien Direkter am Bausseministère zu Lëtzebuerg.

Am Joer 2009 gouf de Fernand Kartheiser als ADR-Politiker an d’Chamber gewielt. Vun 2011 bis Summer 2012 wor hie Member am Stater Gemengerot a vu Mäerz bis Dezember 2012 President vun der ADR.

Am soziale Beräich huet hien sech fir Gerechtegkeet fir gescheete Männer a Pappen agesat a wor laang aktiv an der Association des Hommes du Luxembourg (AHL). Hien huet och e puer Bicher geschriwwen.

Privat interesséiert hien sech fir Astronomie, klassesch Musik, Philosophie an al Sproochen.

De Fernand Kartheiser ass Papp vun zwee Bouwen.

… ech net wëll, datt eis Kanner eng Hypothéik opgeluecht kreien, well d’Politiker et bis elo net fäerdegbruecht hunn eng uerdentlech an zolidd Finanzpolitik ze féieren. Ech sinn och dofir, datt d’Méisproochegkeet gefördert muss ginn, genee esou wéi d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur”

Den  Detlef Xhonneux ass zu Eupen an der Belsch gebuer. 2006 krut hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

Hie schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Nidderlännesch an Englesch.

Hien huet seng Studien an der Belsch gemaach a sech am Beräich vun der Comptabilitéit an am Steierrecht spezialiséiert.

Vun 1992 bis 2005 huet hien seng berufflech Erfahrungen als Steierberoder am nationalen an internationale Steierrecht an enger grousser Fiduciaire gemaach.

Am Joer 2006 huet hien sech mat zwee Associéë selbstänneg gemaach.

Hien ass bestuet a Papp vun engem Meedchen (14 Joer) a vun engem Jong (11 joer).

… Lëtzebuerg eng besser Politik brauch, manner Geldverschwendung, manner CSV-Staat, méi Demokratie a méi Gerechtegkeet!”

 

De Manuel Turmes ass bestuet an huet zwee Kanner vun 10 an 4 Joer.

Hien huet 1981 am Iechternacher Kolléisch seng Première gemaach an huet dunn zu Wien 2 Joer Psychologie studéiert.

Duerno huet hien nach ee Semester Informatik um IST gemaach an ass dunn Ufank 1984 schaffe gaangen.

Hien huet bei verschiddene Patrone geschafft, ewéi RTL, Cactus an d’Post, bis en am Januar 1996 an d’Fonction publique koum.

 

… eng Mamm vu véier Kanner net kann tatenlos nokucken, wann eist Land an de Ruin gedriwwe gëtt”

 

Maître Karine REUTER ass de 25.August 1969 am Süden, an zwar zu Esch/Uelzecht, op d’Welt komm.

Nodeems si d’Primärschoul zu Scheffleng fäerdeg hat, huet si mat Succès hir Première Mathématiques/Latin am Escher Jongelycée bestanen. Parallel huet si am Conservatoire de Musique zu Esch e Premier Prix am Solfège, eng 1ère mention am Piano an eng 2e mention an der Querflütt absolvéiert.

Duerno huet d’Madame Reuter hiren Droit-Studium ugefaangen an der Stad um deemolege Cours Supérieur an dunn op der Université Robert Schuman zu Stroossbuerg.

1992 krut si den Diplôme vum “Maître en Droit” a gouf den 1. Abrëll 1993 als Avocat Stagiaire assermentéiert.

No engem erfollegräichen Exame fir den Titel Avocat à la Cour ze kréien – si wor déi éischt klasséiert – ass d’Madame REUTER 1997 an d’Magistrature opgeholl gin. Do huet si hir Carrière ugefaangen um “grousse Geriicht” zu Dikrech, wou si haaptsächlech fir Zivilrecht a Gesellschaftsrecht zoustänneg war.

2005 gouf si als Premier Juge an d’Stad beruff, wou si bis zum Juni 2007 wor. Am Juni 2007 koum hir Ernennung als Notaire op Réiden/Attert, a schlussendlech den 1. Abrëll 2011 als Notairin op Péiteng.

Den Droit spillt net nëmmen do eng Roll am Liewe vum Karine REUTER. Si ass nämlech och Auteur vu ville juristeschen Artikelen an ass Co-Produzentin a Moderatorin vun der Sendung Vu Fall zu Fall, wou si mat hirem Mann, dem Maître Roy REDING, probéiert einfach Äntwerten op komplex juristesch Froen ze ginn.

Éierenamtlech ass si Presidentin vun der ONG HADASSAH INTERNATIONAL LUXEMBURG, wou si sech fir d’Verbesserung vun de medezineschen Zoustänn an der Drëtter Welt asetzt. An 1996 krut si, zesumme mat hirem Mann, den “Cœur d’Or” vun der Caritas.

An hirer dann awer kuerz bemoossener Fräizäit ënnerhëlt d’Karine REUTER vill mat hire 4 Kanner an hirem Mann – “déi wichtegste Leit a mengem Liewen”, esou d’Karine. Mat hinnen zesummen ass si dann entweder op Reesen oder awer an der Natur, wou si all zesummen d’Rou genéissen an ofschalte vum hekteschen Alldag.

… ech mech wëll fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Wäerter asetzen”.
 
 
 

Serge est bachelier de l’École Européenne de Luxembourg et titulaire d’un master en « Affaires européennes » de « Sciences Po Paris ». Il travaille dans le secteur financier luxembourgeois depuis 2008.

Vivant au Luxembourg depuis 1993, Serge est un exemple de l’assimilation réussie, attaché à sa nouvelle Patrie luxembourgeoise et à sa langue qu’il perfectionne quotidiennement. Serge adhère aux valeurs judéo-chrétiennes de Luxembourg, s’oppose à la destruction du tissu socio-économique favorisé par les partis assujettis à un projet européen décidément dévoyé par rapport à celui dont le Grand-Duché fut le co-fondateur en 1957.

Né en 1984 sous le communisme, Serge s’alarme de l’ingérence orwellienne actuelle dans la vie privée des luxembourgeois sur fond d’un dictat du « politiquement correct », de l’immigration qui ne va plus de pair avec une volonté d‘assimilation, de l’usage de la langue luxembourgeoise qui recule et de l’insécurité grandissante.

Outre l’Histoire du XXème siècle et la vie politique contemporaine, Serge se passionne pour l’œuvre de Jean-Sébastien Bach et la musique électronique. Il a étudié pendant huit ans au Conservatoire de Musique de la Ville de Luxembourg.

… ech d’Suerge kennen, déi d’Leit sech ëm hir Zukunft maachen.”

 

Säit 2011 sinn ech Gemengeconseillère zu Fëschbech. Ech hu 25 Joer am Populatiounsbureau geschafft, hunn also all Awunner kannt, och hir Suergen, déi si sech ëm d’Zukunft maachen. Dat huet mech motivéiert, fir an d’Chamberwalen ze kandidéieren, an zwar elo fir déi drëtte Kéier.

Meng politesch Prioritéite sinn d’Bekämpfung vum Chômage, eng aktiv Integratioun vun den auslännesche Matbierger, de Schoulsystem, e bezuelbare Wunnraum, behënnertegerecht Gemengen an eng ugepasste Rent, fir datt jiddfereen e séchere Liewensowend ka verbréngen.

… ech déi Partei ënnerstëtzen, déi eppes fir Lëtzebuerg mécht!”

 

 

D’Sandra ass zu Lëtzebuerg gebuer an zu Huelmes opgewues.

Seng Schoul huet hatt am LTC (Lycée Technique du Centre) gemaach, mä seng Haaptberuffung war, zënter hatt Kand war, den Handball.

Haut spillt hatt an der éischter Dammenequipe beim HB Miersch.

Berufflech ass d’Sandra am Wäinhandel täteg a schafft bei engem beschtbekannten Importateur vu gudde spuenesche Wäiner.

… et net duergeet iwwert SCHLECHT Gesetzer ze meckeren, mä een sech fir BESSER Gesetzer muss asetzen”

De Maître Roy REDING ass 1965 an der Stad Lëtzebuerg gebuer. Opgewuess ass hien zu Bech bei Iechternach. Hie war am Lycée Classique vun Iechternach an huet do d’Schülerzeitung De Maulwuerf mat erausginn a war am “conseil d’éducation” als gewieltene Schülervertrieder. Während senger Lycéeszäit war hie Wëllefcherschef bei der FNEL zu Iechternach.

Vun 1985 bis 1989 huet hien Droit studéiert. Hie war fir d’UNEF-ID gewieltene Studentevertrieder am Opsiichtsrot vun der Universitéit Aix-Marseilles III an och Präsident vun der UNEL a vun den Étudiants Socialistes.

Als Student huet hie jorelaang als “freelance” Journalist fir d’Tageblatt geschafft.

No senger Maîtrise am Droit ass hie bei d’Banque Générale du Luxembourg schaffe gaangen a war do besonnesch juristesche Beroder vun den Agencen.

Hien huet vun 1990 un och um Barreau als Affekot geschafft a säi Stage an der Etude vum Jim PENNING gemaach. 1993 huet hien dunn seng eegen Etude an der Groussgaass opgemaach an hie praktizéiert haut an der Waassergaass.

1999 gouf hien (bei 8 Géigekandidaten) ee vun zwee Gemengeconseilleren zu Fëschbech / Miersch gewielt.

Hie war laang an der LSAP aktiv, well hien als Aarbechterkand bewonnert huet, datt hei am Land all Mënsch, dee bereet war Leeschtung ze weisen, et och zu eppes brénge konnt. Well genau dat a sengen Aen haut net méi wouer ass, konnt hien där Partei net trei bleiwen.

En aneren Ausléiser war de Referendum 2005 zum Maastrichter Vertrag. Do huet d’Regierung vill Suen ausginn, fir d’Wieler ze manipuléieren a falsch Aussoen an de mat Steiergelder bezueltene Spotten hunn hien esou richteg rose gemaach. Doropshin huet hie fir d’ADR kandidéiert fir an de Staatsrot an ass dunn 2006 och neie Generalsekretär ginn.

Nieft senger Etude an der Politik ass hie bekannt fir den Droit populär ze erklären. Jorelaang huet hien dat op RTL 92.5 an der Mikrowell gemaach wou hie mam Françoise HETTO a mam Patrick GREIS zesummengeschafft huet. Haut ass hien de Leit besonnesch bekannt wéinst der Sendung Vu Fall zu Fall, déi hien zesumme mat senger Fra, der Notairin Karine REUTER, op DOK produzéiert a presentéiert.

Hien ass dernieft op europäeschem Niveau den “Finanzminister” vun der AECR, der Allianz vun den europäesche konservativen an Reformparteien.

Privat ass hien en Naturmënsch, hält Kazen, Hënn, Päerd, all Aart vu Gefligel an eng Zäit esouguer Highland Cattles an ass oft am Gaart, beim Weier oder am Bësch ze gesinn.

De Roy REDING ass bestuet a Papp vu 4 Kanner.

… nëmme Lëtzebuerger sollten d’Walrecht fir d’Chamberwalen hunn”

 

 

D’Cathy Pereira Fernandez ass eng vu ville Kandidaten op den ADR-Lëschte mat Migratiounshannergrond . Ëmsou manner versteet hatt, datt en Net-Lëtzebuerger soll däerfe bei Chamberwale matmaachen.

D’ADR ass déi eenzeg Partei, déi sech klipp an kloer géint d’Auslännerwalrecht ausgeschwat huet!

Gebuer ass d’Cathy an der Stad an opgewues zu Huelmes. Seng Schoul huet hatt am LTC (Lycée Technique du Centre) ofgeschloss.

Eng Zäit war hatt am HB Miersch als Handballspillerin aktiv, mä et huet eng aner Roll fir sech entdeckt : et ass glécklech Mamm vu 4 Kanner!

Berufflech ass d’Cathy Pereira Fernandez déi perséinlech Assistentin vun engem bekannten Affekot an der Stad an déi gutt Séil a sengem Betrib.

…ët mäin Uleies ass, erëm méi Glaafwierdegkeet an déi politesch Aarbecht ze bréngen. Ech kandidéire fir d’ADR, well et déi Partei ass, déi meng Iddie vertrëtt an déi net all méindes mueres hir Wourecht dem politesche Wand upasst”.

De Roland Kirsch ass 1945 zu Esch/Uelzecht an enger Aarbechterfamill gebuer an och do opgewuess. Säi Papp wor Lëtzebuerger a seng Mamm Italienerin. Nodeems hien seng Léier als Elektriker op der ARBED ofgeschloss hat, huet hien op dem deemolegen Technikum Elektroingenieur studéiert. Zu Saarbrécken huet hien derno sech an engem Studiegang fir “Berufsfachkunde” während dräi Joer op säi spéidere Beruff als Professer mat Schwéierpunkt Elektrotechnik virbereet. Hien huet 33 Joer als Professer gewierkt, am Ufank während 3 Joer zu Wolz an am Jongenheem zu Betten op der Mess, duerno am LT vun Ettelbréck. Hie war engagéiert an der Programmkommissioun an a verschiddenen Aarbechtsgruppe fir d’Reform vum techneschen Unterrecht. Während 25 Joer war hien Expert an der Kommissioun fir d’Geselleprüfung vun den Elektriker.

A senger Fräizäit huet hie gäre Sport gemeet. Mat Turnen huet hien ugefaang, wor spéider am Jugendnationalkader an der Liichtathletik. Hien huet donieft Bouschéissen an Dëschtennis gespillt a war ee vun deenen éischten internationalen Arbiteren am Dëschtennis. Zu Eppelduerf, wou seng Fra Léierin wor, huet hien eng LASEP-Sektioun gegrënnt. E war och ee Joer laang President vum Schiverband.

Haut engagéiert de Roland Kirsch sech ganz staark um soziale Plang. Zesumme mat senger Fra an enger Parti Spender ënnerstëtzen si Weesenhaiser am Kambodscha an an Indonesien. Den Ament lieft en indonesescht Meedche fir ee Joer bei Kirschs doheem. Hei soll et op den Iwwergaang vum Liewen am Heem op d’Liewen an der Beruffswelt virbereet ginn

De Roland Kirsch huet zesumme mat senger Fra Viviane 2 Kanner a 6 Enkelkanner.