Käerjenger Contournement: et gi besser Alternativen zum Tracé, deen zréckbehale gouf!

Geet et dem zoustännege Minister Claude Wiseler no, kritt Käerjeng e Contournement,deen iwwert Suessemer Terrain verleeft. Enn Januar ass bekannt ginn, datt déi alternativ Strecken net vun der Stroosseverwaltung zréckbehale goufen. Déi betraffe Gemenge ginn elo am Detail driwwer informéiert a sollen sech demnächst dozou äusseren. D’Wahrscheinlechkeet vun enger Emgehungsstrooss, déi de Suessemer Awunner nëmmen Nodeeler géif bréngen, gëtt zwar ëmmer méi grouss, mä dat hënnert d’ADR net drun, fir sech géint dëse Projet auszeschwätzen a sech fir eng Alternativ anzesetzen.

Der Regierung ass et offesiichtlech egal, wat déi betraffen Awunner vum geplangtene Contournement halen: si besteet nach ëmmer drop, fir hire Projet duerchzesetzen, an dat obwuel et besser Alternative gëtt. D’ADR hat sech nach zulescht vrun de Gemengewale géint eng Emgehungsstrooss ausgeschwat, déi iwwert Suessemer Terrain verleeft – a si bleift och bei hirer Positioun!

Déi sougennannte Léisung, déi vun der Regierung zréckbehale gouf, bréngt eng Rei Problemer mat sech. De Contournement géif vill ze no u verschiddene Wunnquartiere gebaut ginn. Besonnesch betraff wieren d’Awunner vun der Cité Tornaco an och déi vun der Cité Schmiedenach.

D’Liewesqualitéit vun deene Leit steet also um Spill, virun allem wann ee weess, datt de Contournement géif ënnert anerem och fir de Gidderverkéier benotzt ginn. Ausserdeem géif de Projet vun der Regierung eng klasséiert Naturschutzzon mat grousser Biodiversitéit einfach duerchschneiden! Konkret handelt et sech ëm eng „zone d’intérêt paysager“ an ëm eng „zone de réserve naturelle“.

D’ADR proposéiert eng besser Alternativ zum Tracé, deen zréckbehale gouf, an zwar eng Strooss laanscht déi existéierend Eisebunn. Duerno géif déi Strooss nërdlech vu Schuller weidergeféiert ginn. Deen Tracé hätt e méi geréngen Impakt op d’Natur an ass och bedeitend méi kuerz. De Risiko, datt de facto eng nei Schnellstrooss fir Camionen tëschent der Belsch a Frankräich iwwer Käerjeng a Suessem entsteet, géif däitlech reduzéiert ginn!

D’ADR verlaangt, datt, trotz der Decisioun, déi vun der Regierung geholl gouf, den Tracé vum Contournement nach eng Kéier iwwerschafft gëtt. Ausserdeem bräicht Käerjeng e gutt organiséierten ëffentlechen Transport, deen et jiddferengem géif erlaben op senger Aarbechtsplaz unzekommen ouni virdru mussen e puer Mol ëmzesteigen.

Matgedeelt vun der ADR-Sektioun Suessem

Deel dëse Post: