Déi dësjähreg Ried vum Premierminister Juncker wor “keng Ried déi matgerass hutt, déi Hoffnung ginn hätt”, so den ADR Deputéierte Gast Gibéryen bei senger Interventioun gëschter um Krautmaart. Och dës Ried behandelt, wéi déi 17 Rieden zur Lag vun der Natioun vum Här Juncker virdrun déi gläich Theme wéi z.B.: de Chômage, Wunnengsbau, Schoulpolitik, ouni dat d’Problemer wiere geléist ginn. Am Géigendeel, si sinn vu Joer zu Joer méi grouss ginn. Elo wou d’Geld méi knapps gëtt, kënnt d’Realitéit vun deem Echec lues awer sécher zum Virschäin. Un éischter Stell mécht sech dat bemierkbar bei de Finanzen.

Gast Gibéryen: “Enttäuschend op der ganzer Linn”

Finanzen

Beim Opstelle vum 13. Aktualitéitsprogramm fir d’Joeren 2012-2015 huet d’Regierung sech op äusserst  positiv Zuele bäi der wirtschaftlecher Entwécklung baséiert. Si geet vun engem Wirtschaftswuesstem  fir 2012 vun 1%, 2013 vun 2,1%, 2014 vun 3,3% a fir 2015 esouguer vun 4,1% aus. D’ADR deelt dësen Optimismus net!

Wann een dann nach d’Finanzresultat vun de éischte 3 Méint vun dësem Joer gesäit, da muss een d’Ausso vum Här Juncker, beim leschten Etat de la Nation, am Joer 2014 ausgeglache Finanzen ze hunn, nëmmen als utopesch Dreemerei ugesinn. War am Budget fir d’ganzt Joer 2012 e Defizit vun 1,3 Mia Euro virgesi so si mer elo no 3 Méint schonns bäi engem Defizit vu 698,5 Mio Euro. Am Verglach zu 2011 hunn mer an dësem Zäitraum 5,3% manner Recetten awer gläichzäiteg 11,3% méi Depensen. Hei gesäit een ganz däitlech wou Regierungspolitik versot huet. D’Regierung bréngt et net fäerdeg d’Dépensen an de Grëff ze kréien. Dat ass allerdéngs kee Phänomen vun de leschten een zwee Joeren. Schonns am Joer 2006 huet den Här Juncker folgendes gesot: „…Eis ëffentlech Finanze beweege sech an déi falsch Richtung…Déi ëffentlech Ausgabe wuesse méi séier wéi dat nominalt Wirtschaftswuesstem an och méi séier wéi d’Recetten…“

Awer wat mécht d’Regierung?  Obschonn fir d’Joer 2015 mat engem Defizit vun 1,3 Milliarden Euro gerechent gëtt an elo schonns en neien Emprunt vun 1,5 Milliarde fir d’Joer 2015 virgesinn ass, huet d’Regierung en neien Accord salarial fir d’Fonction publique ausgehandelt, dee vum 1. Januar 2015 eng Erhéijung vun 2,2% vum Punktwäert virgesäit. Dës mesure ass esouguer bei munch engem Beamten op Onverständnis gestouss.
Da kann een nëmme soen: Näischt dobäi geléiert!

Mee amplaz d’Depensen ze reduzéiere geet de Spuerprogramm vun der Regierung an déi aner,  méi einfach Richtung nämlech op de Wee vu Steiererhéijungen. D’ADR geet net mat op dësem Wee an huet am Abrëll e ganze Katalog vu Spuermoossnamen (virgestallt, wéi Sue beim Staat kënne gespuert ginn.

E weidere Punkt wou déi lescht Regierunge  kläglech versot hunn ass de

Wunnengsbau

„Datt d’Bauen an d’Wunnen zu Lëtzebuerg méi deier ass wéi zu Paräis a wéi zu London weist datt mer se net méi alleguer hunn.“ Dës erstaunlech Ausso vum Här Juncker vum Mee 2006 trëfft de Nol op de Kapp, mat enger klenger Aschränkung. Net d’Allgemengheet huet se net méi all mä d’Regierung. Dat ass awer d’Taktik vun der Regierung. Wann eppes schlecht leeft, dann ass ëmmer d’Allgemengheet schold, mä wann eppes gutt leeft ass dat ausschliisslech de Verdéngscht vun der Regierung.
Haut, 6 Joer méi spéit ass d’Situatioun nach vill méi katastrophal. Iwwer 20.000 Lëtzebuerger si mëttlerweil selwer zu Grenzgänger ginn, well se sech d’Wunnengspräisser hei Heem net méi leschte kenne.

Virun der Ära Juncker war et eng Normalitéit zu Lëtzebuerg dat jidderee vum Direkter bis bei de Schmelzaarbechter sech eng Wunneng, en Eegenheem fir seng Famill leeschte konnt.
Haut  ass d’Wunnen e Luxus ginn dank der Politik vu Juncker an CSV an den Här Juncker hutt 100% Recht wann hien dëst Entwécklung als säi perséinlechen Echec ugesait.

Ee Problem, deen d’Regierung Juncker schonns zënter 18 Joeren versicht an de Grëff ze kréien et awer net schafft, ass de

Chômage

Joer fir Joer klammen d’Zuele vun den Aarbechtslosestatistiken. Haut si mer bal bei 20.000 Chômeuren ukomm. A Joer fir Joer versprécht d’Regierung hei Remedur ze schaffen, mä si schafft et net. Dat ass ënner anerem d’Folleg vun enger verfeinter Aarbechtsmaartpolitik déi haaptsächlech dorop ausgeriicht ass, de Chômage ze verwalten amplaz d’Chômeuren eng reell Perspektiv um Aarbechtsmaart ze ginn.

De wichtegste Gronn awer, dat d’Zuelen ëmmer méi klammen, ass, dat eis jonk Leit ëmmer manner gutt qualifizéiert sinn well eis Schoulen ëmmer méi u Niveau verléieren.

Schoul

D’ADR seet ganz kloer datt si géint d’Schoulreforme vun dëser Regierung sinn. Dee Moratoire vun engem Joer fir d’Grondschoul an de Sekundär muss zu engem endgültege Stopp ginn.

D’ADR trëtt an fir e leeschtungsorientéierte Schoulsystem an dem d’Schoule vill Autonomie hunn.

Am Interessi vun de Kanner déi sech méi spéit ëmorientéieren  oder zousätzlech Qualifikatioune wëlle muss de System méi flexibel ginn. En objektive Bewäertungssystem als wichteg Orientéierungshëllef ass no Usicht vun der ADR onersetzlech genee wéi Lëtzebuergesch als e wichtegt Schoulfach op all Klass. Méi ausféierlech kënnt Dir dat an onsem Schoulreformprogramm noliesen.

D’Fazit vun dëser Ried an vun der Regierungspolitik ass erniichternd: E Staatsminister, deen alles mécht, awer fir alles wat schief leeft d’Allgemengheet verantwortlech mécht an eng Regierung déi sech géigesäiteg blockéiert an dofir net fäeg ass d’Land an eng sécher a besser Zukunft ze féieren.