„Dëst war eng Declaratioun ouni Visioun, keng Perspektive wou dat Land hei hin stéiert, kee Wuert vu sozialer Cohésioun, vun nationaler Identitéit, guer kee Gedanke vun enger wierklech nohalteger Politik“ : esou huet de Gast Gibéryen, am Numm vun der ADR, dem Premier Jean-Claude Juncker seng 16. Deklaratioun zur Lag vun der Natioun charakteriséiert. De Staatsminister ass net fäerdeg ginn Problemer opzezielen, et war, esou de Gast Gibéryen, eng regelrecht „Déclaration de faillite“.

Eng Rei vun dëse Problemer ass op de stramme Wuesstem vun onsem Land zeréck ze féieren, e Wuesstem deen ons Integratiounsfäegkeet iwwersteigt. Vill Leit hu virun der Zukunft „700.000 Awunner Staat“ Angscht, sot de Gast Gibéryen an huet sech dobäi op d’Zoustänn vun haut mat 500.000 Awunner bezunn. Dobäi hat de Staatsminister a senger Ried vu 60 000 neie Wunnenge geschwat, „de Bau vun der Stad Lëtzebuerg gëtt nach eng Kéier realiséiert, verdeelt iwwert d’Ganz Land“. De Fait datt op de stramme Wuesstem gesat gëtt, woubäi ëmmer méi Demande no Wunnenge geschafe ginn, dreift d’Präisser weider no uewen!

D’ADR hätt sech vum Premier eng Visioun gewënscht, wéi dëst Land no 10, 20 Joer ausgesi soll. „Dat ass déi Kruzial Fro: wat fir e Lëtzebuerg wëlle mer muer an iwwermuer, fir wat wuesse mer esou séier“, wollt de Gast Gibéryen wëssen. A bréngt e stramme Wuesstem Positives oder Negatives… D’ADR wëllt sech net vun esou engem Wuesstem a senge Konsequenzen iwwerrumpele loossen!

D’Flüchtlingsproblematik

An der Flüchtlingsproblematik hält den ADR drop dat d’Dieren vu Lëtzebuerg ëmmer mussen op bleiwen fir politesch Flüchtlingen opzehuelen. Fir dofir Akzeptanz ze erhale muss d’Regierung awer och dofir suergen datt keen Abus mat der Flüchtlingspolitik gemeet gëtt, datt eng kloer Trennung tëscht politeschen- a Wirtschaftsflüchtlinge gemeet gëtt. D’ADR deelt dofir dem Staatsminister seng Meenung, datt déi aktuell Well vun Awanderer aus Serbien muss gestoppt ginn, datt dës Leit esou séier wéi méiglech mussen Heem geschéckt ginn. Dobäi ass den ADR ëmmer dofir agetratt datt d’Prozedure mussen esou schnell wéi méiglech ofgewéckelt ginn. D’ADR wäert dësen Dossier opmierksam verfollegen!

D’Famill

De Gast Gibéryen ass duerno op eng ganz Rei Problemer agaangen, esou déi vun de Famille wou ëmmer méi e groussen Deel an den Aarmutsrisiko rutscht! D’Halschent vun den elengerzéiend Mammen leit ënnert der Aarmutsgrenz : „dëst ass e Skandal dat engem Land wéi Lëtzebuerg net wierdeg ass“, mengt de President vun der ADR-Fraktioun. Et ass dëst d’Resultat vu joerzéngtelaanger CSV-Familljepolitik! Fir d’ADR steet d’Familljepolitik weider am Mëttelpunkt. D’Famill muss kënne selwer entscheeden op een oder déi zwee Elterendeeler schaffe ginn an däerf net bestrooft gi wann se sech entscheet fir selwer d’Betreiung vun hire Kanner an d’Hand ze huelen. Déi breet Schëllere misste méi droen, widderhëlt de Jean-Claude Juncker. Wat d’Familljepolitik betrëfft, zitéiert do de Gast Gibéryen den Sozialalmanach vun der Caritas wo steet datt en Rei d’Moossname vun der Regierung „alles andere als sozialausgewogen waren und sind, und treffen gerade Familien“. Eng Politik fir d’Famillje gesäit anescht aus…

D’Schoul

Wat d’Schoulpolitik ugeet hat de Premier gesot, dat all Schüler wéinstens eng Sproch gutt misst schwätzen a schreiwe kënnen, déi zwou aner méi wéi nëmme verstoen. Nëmmen déi gutt Schüler sollen déi dräi Sprooche voll meeschteren. „Dëse Saz huet et an sech“, kommentéiert de Gast Gibéryen! „Mat dësem Saz ass d’Dräisprochechkeet hei am Land ofgeschaf. Wat ass dann déi Sproch déi ee gutt muss kennen, wat sinn déi dräi Sproochen – de Premier huet keng genannt – a wéi soll eng Schoul fonctionnéiere wann déi Staark 3 Sprooche musse léieren an déi Schwaach nëmmen eng“. D’ADR trëtt dofir an dat d’Lëtzebuergescht muss d’Integratiounssprooch an och d’Ëmgangssprooch an der Schoul sinn.

Keng Reserve méi

De Gast Gibéryen ass weider op d’Finanzsituatioun beim Staat agaangen, op d’Lige virun de Walen wou de Budget nach an de Rei ass, wou duerno e groussen Defizit virgespillt gëtt fir ëmsou méi Sozialofbau kënnen ze bedreiwen. „Wou sinn dann déi grouss Reserve vun der CSV“, freet de Gast Gibéryen wou dach de Staat huet missen 2 Milliarden € léine goe fir iwwert d’Ronnen ze kommen! A wëll de Staat op sengen Emprunten nëmmen Zënse bezilt awer d’Kapital net zeréckbezilt, geet dës Schold op déi nächst Generatiounen iwwerdroen.

Pensiounsreform

Och d’Pensiounsreform ass en Thema: „Mir mussen dofir suergen datt och déi kommend Generatioune mënschewierdeg Pensioune kréien, et sinn schliisslech déi wou haut d’Cotisatioune bezuele fir datt mer ons haut déi Pensioune vun haut kenne Leeschten“, sot de Gast Gibéryen an huet op d’Propositioune vun der ADR higewisen, déi de Pensiounssystem erhalen ouni dofir en inakzeptabele Wuesstem muss a kaf huelen.

D’Regierungspropositioun déi elo um Dësch léien, mat de Wiel fir 3 Joer méi laang schaffen ze goen oder ëm 15% méi kleng Pensioune muss a Kaf huelen, ginn der ADR awer vill ze wäit, an leeft d’Gefor keng Akzeptanz bei den Assuréeën ze fannen.

Index

A Saachen Index huet de Gast Gibéryen sech eemol méi fir den Erhaalt vum komplette Mechanismus ausgeschwat, dëst och wëll den Index e bewäerte Bäitrag zum soziale Fridden zu Lëtzebuerg bäidréit. Den ADR fäert awer, datt no der „Index-Gemengewaltranche“ den nächsten Oktober, d’Sozialisten ëmfalen a weider Manipulatiounen um Index zoustëmme wäerten. Weider entlarvt de Gast Gibéryen de Jean-Claude Juncker „mat engem soziale Mäntelchen deen ëm vill ze grouss ass“, wou de Premier dach an internationalen an europäeschen Institutioune matbestëmmt déi all den Indexmechanismus a Fro stellen!

Ëffentlechen Déngscht

Wat d’Reform vun der Fonction publique betrëfft, ass d’ADR der Meenung datt sektoriell Upassungen néideg sinn, dëst awer ënner strikte Konditiounen a objektive Vergläicher tëschent dem privatem an dem ëffentlechem Sektor.

Cattenom

Den ADR huet d’Geleeënheet benotzt fir seng Oppositioun zum Atomstroum ze bekräftegen, an huet och zou Motiounen ënnerbreet wou d’Schléissung vu Cattenom gefuerdert gëtt, respektiv d’Regierung opfuerdert gëtt all juristesch Moossnamen ze huele fir eng Verlängerung vun der Lafzäit vun dëser Atomzentral ze verhënneren. De fréiere Buergermeeschter vu Fréiseng, deen all Dag d’Killtierm vun de Zentral virun Aen huet, stellt d’Fro: „Wann do eppes geschitt, wou gëtt da Lëtzebuerg evacuéiert?“. A stellt fest : „Mir hunn eng ganz Natioun ze evacuéieren. Wann zu Cattenom eppes geschitt, da gëtt et Lëtzebuerg net méi…“

Supergau

A béi deene ville Problemer déi den Premier selwer opgezielt huet, bei dem Manktem vu Visioune vun dëser Regierung ass de Gast Gibéryen der Meenung: „d’Politik vun dëser Regierung fir d’Zukunft vun dësem Land ass méi eng grouss Gefor wéi Cattenom, bei Cattenom kann een nach hoffen datt de Supergau net geschitt…“