„Mir soen wat Saach ass, elo, net no de Walen“ war bekanntlech de Slogan mat deem d’CSV an d’Wale gaang ass. Den Gast Gibéryen hutt direkt am Ufank vu senger Ried u Hand vu ville Beispiller gewisen, dat dëst nëmme Lige waren.

Opspléckung vum Renteajustement an 2 Tranchen, et Kannergeld fir Kanner iwwer 21 Joer gëtt ofgeschafft, den bëllegen Akt fällt weg, d’Solidarsteier geet vun 2,5 op 4% erop, Aféierung vun enger Krisesteier op all Akommes, Mammerent eréischt vun 65 Joer un, all dat si Mesuren, déi Regierung wëlles hutt anzeféieren, mä vun deene virun de Walen keng Ried war.

Am Laf vu senger Ried presentéiert de Gast Gibéryen konkret Virschléi duerch wéi eng Mesuren d’ADR giff Suen aspueren. D’ADR ass iwwregens déi éischt Partei déi iwwerhaapt konkret Moossnamen virschléit.

Eng méi grouss Transparenz an de Staatsfinanzen, Spuere beim Staat, d’Stoppen vu grouss Investitiounen wéi den Tram, de Militärfliger, d’Zuchlinn op de Findel, den e-go, d’Sanéierung vum Héichuewen A + B. Aner Projeten wéi de Bau vun enger 3. Spuer vun der Autobunn Stengefort-Diddeleng oder vum Velodrome missen an enger éischter Phas zréckgestallt ginn.

Dat si nëmmen e puer Beispiller, wéi d’ADR giff Sue spueren. Kuckt dem Gast Gibéryen seng Ried un, déi der hei op der Säit an Extraiten fannt.

D’Videoen aus der Chamber um adr-TV