Illegal Telefonsiwwerwaachung: ass de Parquet saiséiert?

De Geheimdéngscht huet eng Telefonsiwwerwaachung duerchgefouert, ouni dofir déi néideg Autorisatiounen ze hunn. Dëse Virfall ass an engem Communiqué vun der Regierung bestätegt ginn. An enger parlamentarescher Fro freet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, op d’Justiz (de Parquet) mat dësem Virfall saiséiert ginn ass. D’Äntwert vum Premierminister ass einfach. NEE, de Parquet ass net informéiert ginn. AWER: All relevant Stelle sinn informéiert ginn. Wéi geet dat dann?

Deel dëse Post: