„Iessen op Rieder“ soll och Pleséier maachen!

De Service „Iessen op Rieder“ vun der Stad Lëtzebuerg ass ee vun den Déngschter, deen et eelere Leit erlaabt esou laang wéi méiglech an hirer eegener Wunneng ze bleiwen. Et ginn iwwert 40.000 Iesse pro Joer zerwéiert, eng Zuel déi awer konstant erof geet. Dofir huet d‘Marceline Goergen, Gemengeconseillère an der Stad, dës Erklärung: „D‘Qualitéit vum Iessen an d‘Aart wéi d‘Iessen zerwéiert gëtt, entsprécht net méi der haiteger Zäit an ass deenen eelere Leit net wierdeg!

D‘Gemenge Lëtzebuerg huet net, wéi aner Gemengen am Land, beim Iessen op Rieder op modern Methode gesat, d‘Iesse gëtt nach ëmmer a Barquetten aus Aluminium geliwwert, an zum Deel kann een nëmme roden aus wat de Menü besteet.

D‘ADR huet regelméisseg an der Gemeng intervenéiert, wéi dëse Mëssstand ze behiewen. Dofir bréngt d‘Marceline Goergen haut eng Motioun am Gemengerot an, wou ënner anerem verlaangt gëtt, datt d‘Iessen esou zoubereet gëtt an esou zerwéiert gëtt, datt och déi eeler Leit nach Pleséier um Iessen hunn.

Sektioun Stad Lëtzebuerg – Pressematdeelung vum 19. Dezember 2016

Deel dëse Post: