An deene leschten Deeg hunn d’Medien eng etlech Reportagen iwwer dem Premier seng Visite a Russland bruecht. Den Här Juncker selwer ass a sengem Regierungsbriefing och op déi Rees an op seng Gespréicher mam russesche President Putin agaangen. D’ADR wor awer net wéineg verwonnert, wéi d’Press nom Premier sengem Regierungsbriefing gemellt hat, datt hien am Kader vun engem méi laange Gespréich mam Här Putin iwwer d’Mënscherechter offréiert gehat hätt   “déi veruerteelt Sängerinne vun der Band Pussy Riot mat op Lëtzebuerg [ze] huelen, wa Plaz am Fliger wier … “ (Zitat RTL.lu). A weider “De Putin hätt dat awer net esou witzeg fonnt. Op alle Fall wëll de Premier sech net virgeheie loossen, d’Mënscherechter ignoréiert ze hunn.”

Eise Premier huet sech domat e kräftegen, diplomatesche Faux-pas geleescht. Datt den Här Juncker esou Propositioune mécht, weist datt hien iwwer de Fall Pussy Riot entweder net genuch informéiert war oder, wat nach méi schlëmm wär, net genuch doriwwer nogeduecht hat.

An ville Medien an och vun eenzelne politesche Parteien ass dee vun de Pussy Riot an der Erléiserkathedral zu Moskau inszenéierten Tëschefall ganz eesäiteg a plakativ duergestallt ginn. Et gouf zwar, besonnesch hei am Westen, vill vun der  kënschtlerescher Fräiheet vun de Sängerinne geschwat, net diskutéiert gouf awer iwwer d’Stéierung vun der Ausübung vun der Relioun an d’Respektlosegkeet vun de betraffene Kënschtlerinne géintiwwer de reliéise Gefiller vun de Gleewegen. Grouss Passagë vum sougenanntenen « Punk-Gebiet » géint de President Putin, dat si an der Kierch opgeféiert hunn, si fir vill russesch-orthodox Mënschen eng Blasphemie. (z. B. : « All Membere vun der Por krauche sech vernäipen, d’Phantom vun der Fräihäit ass am Himmel », oder « Fir den Héchsten net ze beleedege mussen d’Frae Kanner kréien » an dat direkt mat enger ganzer Rei vu besonnesch krasse Fäkalausdréck). Dat « Punk-Gebiet » huet dann och nach déi kierchlech Hierarchie beleedegt, wat jo besonnesch fir vill gleeweg Leit och net onproblematesch ass.

D’ADR verdeedegt d’Meenungsfräiheet a selbstverständlech och d’Fräiheet vun der Konscht hei am Land an och soss iwwerall. Et muss ee sech awer froen, wat d’Lëtzebuerger géinge soen, wann eng Grupp vu Leit mat Boke géing stënterlech an d’Kathedral kommen, do déi Gleeweg op d’Säit drécken an da géingen e Lidd sangen, an deem Gott, de Groussherzog an den Äerzbëschof op eng ganz vulgär a krass Manéier beleedegt ginn. Et gëtt einfach Plazen, wéi zum Beispill Kierchen, Monumenter oder Kierfechter, déi e besonnesche Respekt verdéngen an dowéinst och gesetzlech geschützt sinn. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et Gesetzer, déi d’Rou an d’Dignitéit vun esou Plaze solle garantéieren. Wee seng kënschtleresch Fräiheet notze wëll, sollt dat net grad an enger Kathedral maachen, wann en dofir d’Erlaabnis vun der Kierch net huet.

Datt den Här Juncker dann awer a Russland dem russesche President offréiert fir genee esou Leit Asyl zu Lëtzebuerg ze ginn, muss an den Ae vu ville Russe wéi eng weider Provokatioun geklongen hunn. Sou Initiativen diskreditéiere just nëmmen d’Lëtzebuerger Politiker als Gespréichspartner. Serieux a verantwortungsvoll Baussepolitik gesäit anescht aus!

D’ADR ass sech selbstverständlech bewosst, datt de Rechtsstaat a Russland nach muss bedeitend gestäerkt ginn an engagéiert sech dofir och bei deene russeschen Autoritéiten. De Prozess géint d’« Pussy Riot » ass awer ganz sécher net dee Fall, dee si géing huele fir hiren Engagement an där Saach ze justifiéieren. D’ADR kann dem Här Juncker nëmme recommandéieren, fir sech drun z’erënneren, datt hie soll am Ausland lëtzebuergesch Intressie vertrieden. Fir dat kënnen z’erreechen, muss en awer och dat néidegt Taktgefill weisen.

D’ADR hofft, datt dat definitivt Uerteel géint d’Sängerinne vu « Pussy Riot », am Fall vun engem Scholdsproch an zweeter Instanz, sech am Kader vun dem hält, wat an ähnleche Situatiounen och a westleche Länner üblech wär. Si erwaard sech jiddefalls vun der Russescher Federatioun, datt de Prozess, deen den 10. Oktober virugeet, alle rechtsstaatlechen Normen entsprécht a kee politesche Charakter huet.