Grondsätzleches zum Referendum

Nee! Nee! Nee! Mir sinn dergéint! Net aus Toxegkeet, mä well et wierklech gutt Grënn gëtt, beim Referendum mat Nee! Nee! Nee! ze stëmmen. Lëtzebuerg ka net forcéiert ginn, seng Verfassung a seng Liewensart iwwert de Koup ze geheien, well eng hauchdënn Regierungsmehrheet dat esou wëll. D’Regierung weess, dass esou eng Reform vun der Verfassung hir eenzeg Chance ass, och an Zukunft heinsdo eng hauchdënn Majoritéit ze kréien.

Dorëms geet et, a net em Sympathien fir Auslänner oder Jugendlecher … Alternativ an demokratesch setze mär eis awer mat de Referendumsfroen ausernee. Mer verspriechen eise Wieler, dass mer hir Stëmme fir d’ADR – déi deemools och scho Stëmme géint déi dräi Referendumsfroen waren, well dat esou an eisem Walprogramm stoung, respektéieren. Mir falen net ëm a sinn a bleiwen dergéint. Nee! Nee! Nee! (Eis Haaptpositiounen, an engem Dokument resuméiert)

D’Regierung proposéiert hei en extrem deiere Sondage a Landesgréisst. Emol ugeholl, déi dräi Froe géinge mat Jo beäntwert ginn, da wär dat nach ëmmer nëmmen e Sondage. D’Verfassung regelt, wéi mir hei am Land zesumme liewen … an duerfir kann d’Verfassung net einfach a net liichtfankeg geännert ginn. Fir se ze änneren brauch et fir d’éischt eng Majoritéit vu 40 Stëmmen an der Chamber, déi d’Verfassung wëllt änneren. Déi Majoritéit feelt der Lénksregierung.

Mer wëllen hei keng Hoer splécken, awer dat hei ass vläit dat Wichtegst um Referendum, well et em d’GRONDgesetz geet, wat besonnesch geschützt gehéiert.

Liest hei, wéi d‘Lëtzebuerger Verfassung ka geännert ginn:

 

 

 

 

 

 

Liest hei, firwat dat eng duebel Sécherheet ass a firwat et net kann ëmgedréint sinn.

Liest hei, firwat de Referendum net verfassungskonform ass:

A fir e consultativen, net verfassungskonformen Referendum, deen keen Afloss dierft hunn op d’akuell Majoritéit an der Chamber, déi net duergeet fir d’Verfassung ze änneren, kascht dee Sondage a Landesgréisst zimmlech vill Suen. Den ADR-Deputéierten Roy Reding hat dat nogefrot, an hei d’Äntwert vum Premier, deen dat zur Chefsaach schéingt gemaach ze hunn. (Parlamentareschen Dossier: Käschte vum Referendum)

Hei fannt Der e Bréif, an deem den ADR-Deputéierten an Affekot Roy Reding engem Unis-Professer dës Mechanismen erklärt an hei e Video, wéi hien eis Positiounen an der Chamber duerleet. Dass verschidde Leit, déi haut soen, d’Deputéiert misste sech un den Ausgang vum Referendum halen (an net zécken ze soen, dat wier schon eleng kloer, well si schliesslech esou vill Geld aus der Fënster geheien fir dee Referendum), méi iwwerluet a méi virsichteg argumentéere kënnen (schliesslech krut de Staatsrot dat och ze liesen) weist en Text, deen ee vun hinne geschriwwen huet. Op der Säit 7 vun deem Dokument (Passage vun eis giel ënnerstrach), seet den Auteur, den Alex Bodry, däitlech, dass de Referendum ass fir ze hëllefen, eng Reform auszeschaffen. Hie seet net, dass dee Referendum soll all Deputéiert forcéieren, fir eng Reform ze stëmmen, géint déi si sinn, wann e mat Jo géing ausgoen. Et ass d’Propositioun fir d’Gesetz iwwer de Referendum vum 7. Juni.

 

Grondsätzlech Froen zum „Verfassungs-“Referendum vum 7. Juni

 

De Wee fir iwwert e „Referendum am Virfeld“ d’Constitutioun ze änneren ass net konform mat der Verfassung!

 E Sonndeg, de 7. Juni, sinn d’Lëtzebuerger als d’Wieler opgeruff, iwwert de Wee vum „Referendum“, op dräi Froen ze äntweren, wou de Jo oder Nee duerno Entscheedungen op déi zukünfteg Verfassung mat sech zéien sollen.


D’Lëtzebuerger Verfassung seet awer kloer an däitlech, wéi ons Constitutioun, déi de Grondsteen ass vun onsem Staat an onsen Institutiounen a virun allem vun onsem Zesummeliewen an dësem klenge Land, soll an däerf geännert ginn.

„Art. 114. Toute révision de la Constitution doit être adoptée dans les mêmes termes par la Chambre des députés en deux votes successifs, séparés par un intervalle d’au moins trois mois.

Nulle révision ne sera adoptée si elle ne réunit au moins les deux tiers des suffrages des membres de la Chambre, les votes par procuration n’étant pas admis.

Le texte adopté en première lecture par la Chambre des députés est soumis à un référendum, qui se substitue au second vote de la Chambre, si dans les deux mois suivant le premier vote demande en est faite soit par plus d’un quart des membres de la Chambre, soit par vingt-cinq mille électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives. La révision n’est adoptée que si elle recueille la majorité des suffrages valablement exprimés. La loi règle les modalités d’organisation du référendum.»

Uewen op d’Säit

D’Prozedur op Lëtzebuergesch:

  1. Alleréischt Viraussetzung ass, datt sech eng zwee Drëttel Majoritéit an der Chamber fënnt (also 40 Deputéierten), déi sech op den Text fir eng Ännerung eenegt.
  2. Dësen Text muss dann dräi Méint opleien, dëst och fir der Politik an der Zivilgesellschaft d’Méiglechkeet ze ginn, dës Reform nach eng Kéier an aller Rou ze iwwerdenken. No dräi Méint kéint dann, nach ëmmer mat enger zwee Drëttel Majoritéit, d’Ännerung vun der Verfassung vun der Chamber an engem zweet Vote definitiv ugeholl ginn. Et sief dann, datt:

a)       Ee Véierel vun den Deputéierten, also 15 Volleksvertrieder, oder 25 000 Wieler, bannen 2 Méint nom éischte Vote verlaangen, datt d’Verfassungsännerung duerch e Referendum bestätegt oder verworf gëtt.
b)       Dëse Referendum ersetzt dann den 2. Vote an der Chamber. Eng einfach Majoritéit vun de Wieler ass entscheedent a bënnt och d’Chamber (also kee consultative Referendum).

c)       Dës Prozedur ass esou ausgeluecht, datt et eng duebel Sécherheet gëtt fir d’Verfassung ze änneren. Éischtens, eng zwee Drëttel Majoritéit an der Chamber. Zweetens kann eng einfach Majoritéit vun der Wieler dës zwee Drëttel Majoritéit vun den Deputéierte kippen

d)       Et ass domadder och kloer: Et kann net ëmgedréint goen. Also als éischt e Referendum mat einfacher Majoritéit, deen dann an der nächster Etape déi zwee Drëttel Majoritéit vun der Chamber géif ophiewen! Sollt esou eng Prozedur sech duerchsetzen, da kéint an Zukunft eng einfach Majoritéit (esou guer 50,1 %) vu Wieler Verfassungsännerungen duerchsetzen, dëst och op populistescher Basis.

Uewen op d’Säit

e)       Den Artikel 114, esou wéi en haut an der Verfassung steet, ass de 26. November 2003 an der Chamber ugeholl ginn, dëst mat 59 Jo-Stëmmen an enger Enthalung.

Ier den Artikel 114 an der aktueller Form ugeholl ginn ass, huet virun all Verfassungsännerung d’Chamber missen opgeléist ginn. An der Praxis war et esou, datt um Enn vun enger Legislaturperiod, also viru Walen, déi souwisou fälleg waren, d’Chamber eng Rei Artikelen aus der Verfassung „fräi“ ginn huet fir Verännerungen, déi da vun der nächster Chamber virgeholl gi sinn (oder och net). An der Theorie konnt zumindest de Wieler also och iwwert Ännerungen an der Verfassung mat bestëmmen, an der Praxis huet dëst an der Walcampagne a beim Vote vun de Wieler awer kaum eng Rolle gespillt.

Den Artikel 114 aus der Verfassung a senger aktueller Form ass also, an der Praxis, e positive Schratt no vir, well de Wieler kann erugezu ginn, an iwwert e Verfassungsreferendum mat einfacher Majoritéit d’Entscheedung kann selwer huelen.

D’Viraussetzung, datt d’Wieler fir eng Verfassungsännerung gefrot kënne ginn, ass awer dat virdrun den Text an der Chamber vun zwee Drëttel vun den Deputéierten, am éischte Vote, ugeholl ginn ass.

D’Parteie vun der aktueller Dräierkoalitioun hunn 2003 dëser Prozedur zougestëmmt. Se hunn awer elo dës zwee Drëttel Majoritéit an der Chamber net, a wëllen dofir iwwert en Trick déi an der Verfassung virgesinne Sécherheeten ausser Kraaft sëtzen, fir hir Iddien duerch ze setzen (oder besser gesot eng Iddi: déi vum Auslännerwalrecht).

Ons Verfassung gesäit wuel am Artikel 51.(7), och den „einfache“ Referendum vir.

Art. 51. (7) «Les électeurs pourront être appelés à se prononcer par la voie du référendum dans les cas et sous les conditions à déterminer par la loi.»

Dësen Artikel bezitt sech awer net op Ännerunge vun der Verfassung sëlwer. Dës Ännerunge sti juristesch a fir e Rechtsstat an der Hierarchie jo iwwert engem klasseschem Gesetz, a si präzis am Artikel 114 festgeluecht.

Den Artikel 51.(7) bezitt sech also op „klassesch“ Froen, déi mat engem Gesetz entscheet ginn.

D’ADR fuerdert schonns zanter hirer Grënnung, datt de Bierger bei wichtegen Entscheedungen iwwert de Wee vum Referendum däerf mat entscheeden. Et stinn aktuell nach zwou Froe fir e Referendum um Rôle vun der Chamber, déi allebéid iwwert Gesetzespropositioune vun der ADR abruecht gi sinn. Eng Fro, déi dem Wieler misst gestallt ginn, ass déi vum Finanzement vum Tram, eng zweet ass déi vum Bestietnis vu gläichgeschlechtleche Koppelen. Bei esou Froe léisst awer d’Majoritéit – déi aktuell an déi vu virdru – de Wielerwëllen net zou.

Fir d’ADR ass kloer: De Wee fir iwwert e „Referendum am Virfeld“ d’Verfassung ze änneren ass net konform mat der Verfassung!

Dowéinst huet d’ADR och d’Gesetz, mat deem de Referendum vum 7. Juni decidéiert ginn ass, NET matgestëmmt. Dëst net well d’ADR géint de Prinzip vum Referendum ass, awer well an dësem konkretem Fall d’Verfassung net respektéiert gëtt. D’ADR huet sech, aus dëser Ursaach, och net um Prozess vum Referendum bedeelegt an och keng Zousazfroen era ginn. (D’Gesetz ass mat 34 Jo a 26 Nee ugeholl ginn, also wäit ewech vun enger zwee Drëttel Majoritéit). Dëst net well d’ADR géint de Prinzip vum Referendum ass, awer well an dësem konkretem Fall d’Verfassung net respektéiert gëtt. D’ADR huet sech, aus dëser Ursaach, och net um Prozess vum Referendum bedeelegt an och keng Zousazfroen era ginn.

Well d’Gesetz nun awer eemol gestëmmt ginn ass, de Referendum duerchgefouert gëtt an ons Verfassung verlaangt datt de Wieler muss wiele goen, huet d’ADR eng kloer Stellung zu deenen déi dräi Froen a rifft seng Memberen a Sympathisanten op, dës mat NEE ze beäntweren.

Well de Referendum net konform ass zur Verfassung, a well en nëmmen e consultative Charakter huet (also d’Chamber net bënnt), wäert d’ADR bei der Diskussioun an der Chamber zu dëse Froen, onofhängeg vum Resultat vum Referendum, sech no hirem Grondsazprogramm an hirem Walprogramm riichten.

Nee! Nee! Nee! Bleift fir eis Nee! Nee! Nee!, och wann de Referendum eppes anescht soe sollt.

ANNEXE

 

Videoën:

Bréif un d’Press vum Roy Reding : Anticonstitutionnel ! Consultatif !

Deux réponses juridiques à l’article du Prof.Dr.Luc HEUSCHLING à propos du premier référendum « constituant »

Dans son article paru au FORUM de novembre 2014 M. Luc HEUSCHLING, professeur de droit constitutionnel et administratif à l’Université du Luxembourg a posé deux questions à propos du référendum projeté par la majorité parlementaire : « Illégal ? Consultatif ? »

La première question est mal posée.

Le référendum que M. Heuschling qualifie de « constituant » aura lieu sur base d’une loi. Or par essence une loi ne peut pas être illégale ! Elle peut être absurde, elle peut être mal rédigée, elle peut être contraire à une norme juridique supérieure. Oui, elle peut être non-conforme à la Constitution. Mais elle ne peut jamais être « illégale »

La véritable question devrait donc être « Conforme à la Constitution ? » et la véritable réponse doit être : anticonstitutionnel !

C’est par un raccourci intellectuel que M. Heuschling arrive à la conclusion – politiquement voulue – que le référendum projeté serait conforme à la constitution : il nous dit que , certes, l’article 114 prévoit le mode de modification de la Constitution, mais puisque un autre article de la constitution, 51.7, prévoit la possibilité pour la loi d’appeler les électeurs à « se prononcer par la voie du référendum » le référendum « constituant » serait conforme tant au texte qu’à l’esprit de la Constitution – cqfd.

« Ex cathedra » M. le professeur nous dit : la matière constitutionnelle n’est pas exclue du champ d’application des référendums prévus à l’article 51.

Or, justement il doit être permis d’être d’un avis radicalement contraire !

En matière constitutionnelle il est universellement admis que la constitution prévoit elle-même comment, sous quelles conditions, suivant quelle procédure, par quelles majorités le texte peut être modifié.

Et sans avoir besoin d’aller consulter des textes de pays exotiques, on constate que ces règles sont toujours plus contraignantes que celles prévues pour une simple loi.

L’article 195 de la Constitution belge prévoit la nécessité de deux tiers des suffrages des membres des deux chambres.

La Constitution allemande prévoit la nécessité de recueillir deux tiers des voix tant au Bundestag qu’au Bundesrat.

La philosophie est toujours la même : la Constitution ne peut pas être amendée facilement ; un changement nécessite un large consensus politique.

Puisque notre Constitution prévoit de façon très claire comment et sous quelles conditions elle peut être modifiée, il est évident que chaque autre procédé est ab initio contraire à la Constitution.

Le référendum projeté ne sera donc pas « illégal » car organisé sur base d’une loi, mais certainement contraire à l’esprit et la lettre de la Constitution.

Ensuite M. Heuschling s’interroge sur la question de savoir si le référendum est « consultatif ? »

Malheureusement notre droit ne prévoit actuellement que des référendums « consultatifs » (sauf le référendum sur l’approbation définitive de modifications à la Constitution après vote par deux tiers des députés).

Je dis « malheureusement » car mon parti – ADR – exige depuis belle lurette d’introduire la possibilité d’initier des référendums décisifs – même sur initiative populaire !

Si aucun référendum ne peut être décisif actuellement – pourquoi justement le référendum projeté le serait ? C’est un pur sophisme de dire : puisque ce référendum a lieu dans une matière constitutionnelle ( ce qui est contraire à l’esprit et le texte de la Constitution) il est nécessairement décisif car l’expression de la « volonté du peuple »

Oui, c’est un sophisme pour justifier l’injustifiable et pour forcer la main aux 26 députés ( donc légèrement plus que le tiers) qui ont d’ores et déjà fait savoir qu’ils n’étaient PAS d’accord avec les trois questions que le gouvernement veut soumettre à référendum « préalable »

Le référendum n’est donc pas un » premier référendum constituant légal et décisif » mais bien un « référendum anticonstitutionnel et purement consultatif » En fait, pour appeler un chat un chat, c’est un simple sondage…

Roy REDING

Uewen op d’Säit

 

An dozou och onsen Deputéierten an der Chamber [Video]:

Uewen op d’Säit