Gratis Busser… awer fir jiddwereen!

D’ADR Sektioun Stad verlaangt an enger Motioun, datt d’Busser vum AVL-Reseau um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg fir jiddweree gratis solle sinn. D’ADR Conseillère Marceline Goergen widderhëlt domadder eng laangjäreg Fuerderung vun der ADR, a wëll awer och Gerechtegkeet fir all Bierger aus der Stad, vis-à-vis vun enger Fuerderung vun déi Lénk, déi de Gratistransport an der Stad nëmmen op deene Linne wëllt aféieren, déi e Parking P&R usteieren! D’ADR Sektioun Stad stellt fest, dat mam Chantier ëm de fréieren Hamilius a mam Chantier Tram vum Kierchbierg op de Glacis d’Bedingungen an de Busser an op den Haladrellen sech dramatesch verschlechtert hunn, wat schonns eleng als Grond duergeet, fir e generelle Gratistransport an der Stad anzeféieren.

Am Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg sinn zwou Motiounen hannerluet ginn. Déi Lénk fuerderen de Gratistransport op de Buslinnen… déi e Parking P&R usteieren. D’ADR kann esou eng Moossnam net verstoen, déi eng Diskriminéierung vun deenen Awunner géif duerstellen, wou dës Linnen net fueren. Ganz Quartiere wäre vun dëse gratis Busser ausgeschloss! Dowéinst stellt d’ADR an enger Motioun nees d’Fuerderung vun engem generelle Gratistransport an der Stad.

D’ADR ass der Meenung, datt alles muss gemaach ginn, fir den ëffentlechen Transport ze promovéieren. Zum Deel erstéckt d’Stad am individuelle Verkéier, dëst och wéinst de sëlleche Chantieren. Zum aneren Deel huet d’Qualitéit um AVL-Reseau sech dramatesch verschlechtert. An de Spëtzenzäiten sinn d’Busser iwwerfëllt, an d’Haladrell am Zentrum (alen „Hamilius“) ass an engem Zoustand, dee kengem Mënsch zouzemudden ass! Dofir verlaangt d’ADR, datt dat wat jo Samschdes méiglech ass, och fir déi aner 6 Deeg an der Woch zielt: de Gratistransport op den AVL-Linnen an der Stad.

Pressematdeelung vum 10. Juni 2016, ADR Sektioun Stad.

(Photo: licence CC – GilPe)

Deel dëse Post: