Genuch gutt Waasser fir d’Zukunft: eng Erausfuerderung

Den 20. Oktober war an der Chamber eng Interpellatioun iwwer d’Waaser an d’Waasserversuergung. Fir d’ADR huet de Gast Gibéryen d’Wuert ergraff: Qualitéit a Quantitéit vum Drénkwaasser, Qualitéit a Quantitéit vun den Infrastrukturen – bei der Versuergung mam Waasser mä och beim Traitement duerno … stounge beim ADR-Deputéierten am Mëttelpunkt. Wa Lëtzebuerg säi Wuesstem weider bäibehält an an dräi, véier Joerzéngter iwwer eng Millioun Awunner huet kommen enorm Käschten eleng beim Waasser op d’Land zou. De Gast Gibéryen huet gefrot fir ëmzedenken: Wuesstem kann am schlëmmste Fall méi Käschte schafen, wéi e Notzen an Einnahmen fir d’Land géing bréngen.

Wat den dacks gefuerderten eenheetleche Waasserpräis ugeet, war de Gast Gibéryen och kategoresch. Et solle keng Gemengen solidaresch gehollef kréien, déi hirt d’Waassernetz sträflech vernoléissegt hätten. D’Solidaritéit soll nëmme spille fir Gemengen mat enger grousser Fläch fir net esou vill Awunner … well déi aussergewéinlech héig Ausgabe bei hirer Waasserinfrastruktur hätten.

Deel dëse Post: