Generalversammlung ADR-Stad

E Freideg, den 10 Februar hunn eng Ronn 30 Membere vun der ADR Sektioun Lëtzebuerger-Stad sech zu Bouneweg getraff, dëst a Präsenz vun den Deputéierte Roy Reding a Gast Gibéryen a vum Generalsekretär vun der Partei, dem Alex Penning.

A senger Usprooch huet d‘Presidentin vun der Sektioun, d‘Béatrice Clement, op d‘Wichtegkeet vum Joer 2017 opmierksam gemaach, wou et drëms geet d‘Gemengewalen nam Oktober virzebereeden. Et ass awer net op d‘Wale gewaart ginn, fir politesch aktiv ze sinn, dëst esouwuel am Gemengerot, an de ville Kommissioune wéi och am direkte Kontakt mat de Bevëlkerung, z.B: um Maart, op de Braderien an op Informatiounsversammlungen. Dëst ass mat dem Aktivitéitsrapport vum Marceline Goergen, Gemengeconseillere a Sekretärin vun der Sektioun bestätegt ginn. Trotz de villen Aktivitéite kann d‘Sektioun sech op eng gesond finanziell Lag stäipen, wéi aus dem Rapport vun der Tresorière Jelena Marinkovic erauszeliesen ass. Datt d‘Kees stemmt huet de Keesereviseur Henri Bram bestätegt.

Um Schluss huet den Zentrumsdeputéierte Roy Reding mat groussem Optimismus op d‘Gemengewale vum Oktober higewisen, dëst esouwuel an der Stad wéi och a villen anere Gemengen am Land.

Vill Memberen hunn sech an de Komitee ADR-Stad gemellt, och mam Verspriechen eng kräfteg Hand vir d‘Wale mat unzeleeën. D‘Chargë ginn an der éischter Reunioun vum Komitee verdeelt.

 

no images were found

Deel dëse Post: