Gemengerot Péiteng: Dem Joe Thein seng Interventioun aus dem Gemengerot vum 25.04.2016

Hei ass d’Interventioun vum ADR Gemengeconseiller Joe Thein aus dem Gemengerot vum 25.04.2016.

D’ADR steet fir d’Mémoire historique!

Här Buergermeeschter, léif Kollegen, Merci fir d’Wuert.

D’ADR ass an der Regel, selbstverständlech, net averstan mat de Leetmotiver vun der Konsensparteiepolitik vun den Aalparteien hei am Gemengerot, huet awer d’Frëndlechkeet an den Anstand, fir Projeten ze felicitéieren, déi getrei ons’rer Philosophie, eng positiv Historie fir ons Gemeng duerstellen – dofir Merci dem Schäfferot, datt haut eng Interpellatioun zu dësem Projet um Ordre du Jour vum Gemengerot, steet. D’ADR huet ëmmer Positioun dofir bezunn, datt mir méi oft iwwert Sujeten wéi Integratioun, Identitéit a Kulturgeschicht schwätze sollten, well dës Ressorten, eng zentral Roll an der Aufgab vun der Gemengepolitik spillen.

Eisem Argumentär virausschéckend, wëll ech soen, datt d’ADR dem Punkt 16.1 vum Ordre du Jour iwwert d’Réaliséierung vun engem „espace muséologique“ am „Rouden Haus“ seng Zoustëmmung ausschwätzt, d’Iddi begréisst, mä punkto Form a Konzeptioun, déi eng oder aner, Rezensioun resp. Suggestioun matdeelt.

Eis national Geschicht ass den Ënnerbau, d’Biographie an d’Mémoire vun eiser Lëtzebuerger Identitéit, a steet domat an enger wichteger Interaktioun, a genau sou wichteger Relatioun, zum Liewen a Wierken vun eiser zäitgenëssescher Politik, an domat zum Versteesdemech, wat et heescht, Lëtzebuerger ze sinn. Déi retrospectiv Vue, an d’Handle vun haut am Versteesdemech a Respekt zur Vergaangenheet, ass e Bekentness zu eiser Lëtzebuerger Identitéit, Geschicht a Kultur, an eng ni ze verleegnend Flicht, fir all Politiker deen am Interessi, a bei der Evolutioun vun eisem Land matwierkt. Et ass ee Ruhmesblaat fir eng kleng Natioun, hir Resistenzler, Passeuren a Filieristen mat engem staarke Nationalbewosstsënn, déi sech géint een auslänneschen Antagonist an der Verkierperung vum Nationalsozialismus, verdeedegt hunn, déi eis souzesoen, ons Liewensgrondlag als Lëtzebuerger, streideg wollt maachen. D’Gemeng Péiteng ass dobäi déi Gemeng, déi, referéirend op de Widderstand, d’Krichserfahrungen an d‘Bestouensgeschicht, mä och als éischt Gemeng déi de 9. September 1944 duerch alliéiert Streitkräften, an och dem éischte gefaalenen Amerikaner Hyman Josefson, liberéiert gouf, iergendwou och d‘Epizentrum vum 2. Weltkrich hei zu Lëtzebuerg – an dowéinst ass d’Mémoire collective an dat positiivt a negatiivt Ierwen aus der Geschicht wichteg an Erënnerung ze ruffen, an ass och kulturell, allgéigewäerteg.

Mam Modell vun engem Musée deen ëm d’Invasioun, d’Occupatioun an d’Befreiung dréit, maache mir net just een Ausfluch an d’Geschicht, mä beliewen gläichermoossen den Tourismus an d’Attraktivitéit vun eiser Gemeng, déi esou nämlech ee weidere positive Bäitrag zur historescher Wëssensvermëttelung leescht. Péiteng mécht hei offiziell, ee richteg verstaanene „Nation Branding“, a mir wënschen ons, datt déi 365.000 € déi fir de Projet zu Buch schloen, och mat engem finanzielle Subside vum Kulturministär, supportéiert an honoréiert ginn, a sech esou iwwerzeege gelooss gëtt, datt dëst am Intérêt vun der Mark „Lëtzebuerg“ ass, an net lénkspopulistesch Projeten vun 2000€, wéi déi vum Kënschtlerkollektiv Richtung22 an hirem Theaterstéck, – Zitat – „Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss“. Villäicht kann ons de Schäfferot, hei ggf. dës Informatioun iwwert d’Matfinanzéierung nach ginn, soubal eng Réckmeldung vum Kulturministär virläit.

Fir ons als konservativ-patriotesch, a nationalromantesch Partei, versteet et sech vum selwen, a léisst sech och vun der Parteiidentitéit ofleeden, datt mir eis national Geschicht gäre conservéieren a fleegen, an d’Missioun dobäi hunn, eise Landsleit d’Identitéitsvermëttlung, an och ee gesond historescht Wëssen, mat op hire Liewenswee ze ginn; dofir fuerdert d’ADR och ee wierdege Geschichtsunterrëcht, deen all ons Schüler, mat eiser Geschicht vertraut mécht, zu Demokraten opkläert, a si zu Lëtzebuerger educéiert, déi hir Lëtzebuerger Identitéit net als „Rassismusproblem“ gesinn, a si net ideologesch gleewen deet, datt eng Nationalitéit eppes Negatives, oder e Produkt am Wandel vun der Zäit ass.

Ech hat déi grouss Chance deemools, meng Urgroussbom, déi bis haut e Virbild fir mech ass, nach an de 90‘er kenne geléiert ze hunn; eng houfreg, gutt gebilten, a chic, nationalkonservativ Fra mat engem groussen Häerz, déi bis an hiren Doud mat 97 Joer, vun engem Weltbild a sengen Ereegnisser geprägt gouf, si huet gesinn a erlieft, eng Welt am 1. an 2. Weltkrich, e kommunistescht Däitschland, e kale Krich tëscht der Sowjetunioun an den Amerikaner, an och nach den islamisteschen Terror vun 2001, fir just e puer Beispill ze nennen. Ënner Liewensgefor huet si an der NS-Okkupatioun, ee Mënsch bei sech doheem am Keller verstoppt an d’Liewe gerett – en Akt, dee vill Lëtzebuerger gemaach hunn, a wou sech eng Zivilgesellschaft am Glawen un Heemecht a Monarchie, mä och fir dat Gutt am Mënsch, mat Léif a Liewen agesat huet.

Fir d’Ried ofzeschléissen, erlaben ech mir awer nach e puer Remarquen dozou ze ginn, wat d’ADR mengt, wat bei dësem Projet vermësse gelooss gëtt;

Als ADR fanne mir déi modern Konzeptioun vum spillereschem Ëmgang mat visuellen Diashowen, Filmprojektiounen, Timeline an Integratioun vum IPad eng gutt Erweiderungsalternativ vun der Museumspädagogik, mä d’Kärzzell vun engem „klenge” Musée, soll trotzdem op reellen, materiellen Kulturschätz an historeschen Dokumenter a Fotoen baséieren, well „d’Réalitéit“ ëmmer nach eng méi staark Affektatioun an der Gefillswelt vum Mënsch huet, an de Musée esou, ëmsou méi intressant mécht; e Video iwwert de Krich, ass haut mam Internet iwwert Videoplattformen consultéierbar, an dat direkt vun der Stuff doheem, ouni Déplacement an ouni Entréesgeld.

Ech géif gären awer een anere Kritikpunkt och nach zur Sprooch bréngen, nämlech genau deen, punkto Lëtzebuerger Sprooch; d’ADR ass der Meenung, datt et kee besseren Ausdrock vu Souveränitéit gëtt, wéi d’Mémoire collective mat eiser Nationalsprooch ze éieren an d’Museumspädagogik dofir an alleréischter Linn am Konzept mat da Lëtzebuerger Sprooch ze vermëttelen; d’ADR huet näischt géint de Gebrauch vun ons’ren administrative Sproochen an dem Englesch, als Zousatzsproochen oder als Iwwersetzungen, mä a priori muss d’Lëtzebuerger Sprooch déi éischt Wiel sinn, well et och drëms goe sollt, d’Gemeng an d’Land, nees méi a Richtung Nationalsprooch ze promouvéieren an ze revaloriséieren. Och dat si mir eise Virfahre schëlleg, déi bei der opgezwongener Perounestandsopnahm den 10. Oktober 1941 mat „3x Lëtzebuergesch” gewielt hunn, a sech esou, fir hir Mammesprooch solidariséiert hunn.

Merci fir Äert d’Nolauschteren …

Joe Thein
Gemengeconseiller

Deel dëse Post: