Géint de Sozialismus an der Schoul

Et kéint eng Anekdot vu Radio Eriwan aus beschte Sowjet-Zäite sinn: E gudden Enseignant, dee gären an engagéiert Schoul hält, gëtt belount andeems e manner Schoul halen däerf. Dee paradoxe System huet de Fernand Kartheiser de 7. Dezember an der Chamber bei der Debatt iwwer dat neit Gesetz iwwer de Centre de Logopédie kritiséiert. Den ganzen Usaz wär sozialistesch inspiréiert, awer eng Schoul bräicht just gutt Enseignanten a net ëmmer méi bürokratesch Prozeduren. Et géing am Schoulministär e riesege Waasserkapp opgebaut ginn, mä et bléif keng Zäit fir anstänneg mat den Enseignanten ënner véier Aen ze diskutéieren. Déi Gruppegespréicher, déi deen Dialog géingen ersetzen, hätte méi mat Kollektivismus wéi mat Schoul ze dinn.

Deel dëse Post: