Gaston Gibéryen: Eng Fro zur Verkéierssëcherheet

Zwou geféierlech Kräizungen am Norde vum Land suergen vill ze dacks fir Schlagzeilen.  D’Kräizunge vun der N12 (Lëtzebuerg-Wemperhaardt) op d’N20 (op der Féitsch) a vun der N 18 (Antoniushaff-Marnech) op CR373a resp. CR 332 (bei Lentzweiler) gesinn dacks Akzidenter an et waren och schonn doudesaffer do ze bekloen. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet elo beim zoustännege Minister nogefrot, op et net méiglech wier, dës zwou geféierlech Plazen iwwer e Kreesverkéier méi sëcher ze maachen.

 

Deel dëse Post: