Gast Gibéryen: Kee Lëtzebuerg méi no Atom-Gau op der Grenz

D’ADR huet den 19. Januar 2016 eng Motioun vun der CSV matgedroen, fir d’belsch Atomkraaftwierker esou séier wéi méiglech zouzemaachen. Als Land ouni Zentral, wàr et natierlech méi liicht, radikal Nee ze soen, huet de Gast Gibéryen gemengt. Hien huet och erënnert, datt eleng d’DP eemol sech fir eng Atomzentral zu Lëtzebuerg agesat huet. Hien huet virun allem déi katastrophal Konsequenzen vun engem Atomakzident un d’Mauer gemolt, sief et an der Belsch oder a Frankräich. Fir eist Land géing sech duerno net d’Fro vun Entschiedegunge stellen, well et géing eist Land net méi ginn, huet hie rappeléiert.

Deel dëse Post: