Gast Gibéryen: D’Lëtzebuerger wëssen, wou se mat Gambia dru sinn!

An der “Tribune libre” (op RTL an 100,7) huet de Gast Gibéryen e Méindeg der Regierung et lafe gelooss. Halbzeit bei Gambia mat katastrofale Resultater, an den ADR-Deputéierten huet d’Regierung net geschount an hir déi katastrophal Ëmfrowäerter ënner d’Nues geriwwen. “D’Lëtzebuerger wëssen, wou se mat Gambia dru sinn”, sot hie méi wéi eng Kéier. An zwou an enger hallwer Minutt huet hie Gambia d’Wourecht gesot, zu esou ënnerschiddlechen Theme wéi Referendum a Nationalitéitegesetz, zur lénksideologescher, kannerfeindlecher Familljepolitik, zur Beschneidung vu Fräiheet a Choix vum Bierger, zu der Migratiounskris a Gesetzer, déi vun der Regierung net respektéiert ginn an zu enger Politik, déi op e Land mat iwwer enger Millioun Awunner histeiert, ouni Rücksicht op Verloschter.

Hien huet awer och eng Demokratie ugeprangert, wou nëmmen d’lénksideologesch Meenung vun der Regierung zielt an alles anescht als rietsextrem a populistesch vernannt gëtt. De Gast Gibéryen huet dat genuch: Hien an d’ADR wëllen, dat d’Lëtzebuerger nees zefridden an am Respekt vun der Vergaangenheet, den Traditiounen an de Wäerter vum Land kënne liewen.

 

Deel dëse Post: