Gast Gibéryen: Dës Regierung féiert d’Land an de Chaos [Videoen]

D’Politik vun dëser Regierung féiert d’Land an de Chaos. Dat waren dem Gast Gibéryen seng Schlusswierder bei senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun. Hien huet dat ganz genee argumentéiert an och dem Premier Xavier Bettel a der Regierung hir Aussoen widderluecht. Et ass bei wäitem net esou roseg zu Lëtzebuerg, wéi Gambia dat zielt.  A genee dat reift de Gast Gibéryen Gambia a senger Conclusioun ënnert d’Nues.

Den ADR-Deputéierte erklärt firwat Lëtzebuerg ëmmer méi Schold mécht … och wa Gambia behaapt, d’Schold géing erofgoen. Joer fir Joer mécht d’Regierung méi Schold. Déi al Kreditter ginn och net zeréckbezuelt mä et gëtt neit Geld geléint fir d’Kapital zréckzebezuelen. Verstoppt Zuele gëtt et och beim Chômage. Och do seet de Premier net d’ganz Wourecht … an et gefällt him net, wann een aner se seet.

De Gast Gibéryen beweist, datt d’Kaddoe vun der Steierreform nëmme geléint sinn. Fir d’Steierreform – bei därer och Leit, déi ganz vill verdingen, nach gutt ewech kommen – ze finanzéieren, gëtt einfach gepufft.

An och wann e puer Su bei déi Leit kommen, déi se bluttnéideg brauchen: De Gast Gibéryen weist, datt vill Suen dohi kommen, wou scho kéipweis Geld ass.

Deel dëse Post: