CETA: Gambia an d’CSV verkafen d’Chamber

Wat waren nees déck Baacke gemaach ginn: D’Regierung an d’CSV wollten den CETA, d’Handelsofkommes mat Kanada, esou konsumenten- a salariésfrëndlech wéi méiglech a mat alle Garantien an der Chamber ratifizéieren. keng sozial Rechter, keng Ëmwelt- an Ernährungsbestëmmungen a keng Sécherheetsstandarden sollte geännert ginn. Eng Motioun, déi si den 20 Oktober an der Chamber géint de Wëlle vun der ADR gestëmmt hunn, seet awer eppes aneschtes.  An déi véier Parteien stëmmen dësen Text, ouni iwwerhaapt de ganzen CETA-Text ze kennen.

D’ADR-Fuerderung war, datt d’Lëtzebuerger Chamber sollt iwwer de ganzen Text ofstëmmen an datt de ganzen Text misst vun all EU-Parlament ratifizéiert sinn, ier e kann a Kraaft trieden.
Gambia an CSV awer erlaben an hirer Motioun, datt Deeler vum Traité ouni Zoustëmmung vun der Chamber duerfen ugewannt ginn, well si an d’Zoustännegkeet vun der europäescher Kommissioun géinge falen an nëmme misste vum Europaparlament guttgeheescht ginn. De Fernand Kartheiser äussert ganz staark juristesch Bedenken.

CSV, heemlech véiert Regierungspartei?

Froe muss ee sech, op d’CSV eigentlech Oppositioun mécht oder heemlech zu enger véierter Regierungspartei ginn ass: D’Partei ass sech ni ze schued fir d’Regierung ze stäerken trotz därer hirer lénksideologescher Ausriichtung (wann et net grad ëm Handelsofkommes geet). Geet et ëm CETA an TTIP sinn déi lénksideologesch Regierung a besonnesch hir rout a gréng Bestanddeeler sech net ze schued fir géint hir Basis ze stëmmen.

Deel dëse Post: