[FRO UN DE SCHÄFFEROT] Thermographesche Kadaster

Här Buergermeeschter,

Sou wéi d’Reglement (Art. 9) et virgesäit, erlaben ech mer dës Fro un de Schäfferot ze stellen.

Am Kader vun der Reduzéierung vun CO2 an de Sanéierung vun der bestehende Bausubstanz ass eng gutt Isolatioun vun den Diech eng wichtege Moossnam. Op d’mannst eng Firma bidd e Programm un, fir en thermographesche Kadaster fir d’Gemengen opzestellen.

Dowéinst wéilt ech dem Här Buergermeeschter dës Froe stellen:

1. Ass d’Stad Lëtzebuerg bereet, bei esou engem Programm matzemaachen?
2. A wéi enger Form géifen d’privat Proprietairen un esou engem Programm bedeelegt ginn?
3. Ass d’Stad Lëtzebuerg bereet, d’Käschten fir d’Opstelle vun esou engem Kadaster ze iwwerhuelen ?
4. Wéi wäit kéint d’Gemeng Hëllefe ginn, wann op Grond vun dësem Kadaster d’Proprietairen fräiwëlleg hir Diech besser isoléieren?

Mat déiwen Respekt,

Marceline Goergen
Gemengeconseillère

Deel dëse Post: