De Maître Roy REDING ass 1965 an der Stad Lëtzebuerg gebuer. Opgewuess ass hien zu Bech bei Iechternach. Hie war am Lycée Classique vun Iechternach an huet do d’Schülerzeitung De Maulwuerf mat erausginn a war am “conseil d’éducation” als gewieltene Schülervertrieder. Während senger Lycéeszäit war hie Wëllefcherschef bei der FNEL zu Iechternach.

Vun 1985 bis 1989 huet hien Droit studéiert. Hie war fir d’UNEF-ID gewieltene Studentevertrieder am Opsiichtsrot vun der Universitéit Aix-Marseilles III an och Präsident vun der UNEL a vun den Étudiants Socialistes.

Als Student huet hie jorelaang als “freelance” Journalist fir d’Tageblatt geschafft.

No senger Maîtrise am Droit ass hie bei d’Banque Générale du Luxembourg schaffe gaangen a war do besonnesch juristesche Beroder vun den Agencen.

Hien huet vun 1990 un och um Barreau als Affekot geschafft a säi Stage an der Etude vum Jim PENNING gemaach. 1993 huet hien dunn seng eegen Etude an der Groussgaass opgemaach an hie praktizéiert haut an der Waassergaass.

1999 gouf hien (bei 8 Géigekandidaten) ee vun zwee Gemengeconseilleren zu Fëschbech / Miersch gewielt.

Hie war laang an der LSAP aktiv, well hien als Aarbechterkand bewonnert huet, datt hei am Land all Mënsch, dee bereet war Leeschtung ze weisen, et och zu eppes brénge konnt. Well genau dat a sengen Aen haut net méi wouer ass, konnt hien där Partei net trei bleiwen.

En aneren Ausléiser war de Referendum 2005 zum Maastrichter Vertrag. Do huet d’Regierung vill Suen ausginn, fir d’Wieler ze manipuléieren a falsch Aussoen an de mat Steiergelder bezueltene Spotten hunn hien esou richteg rose gemaach. Doropshin huet hie fir d’ADR kandidéiert fir an de Staatsrot an ass dunn 2006 och neie Generalsekretär ginn.

Nieft senger Etude an der Politik ass hie bekannt fir den Droit populär ze erklären. Jorelaang huet hien dat op RTL 92.5 an der Mikrowell gemaach wou hie mam Françoise HETTO a mam Patrick GREIS zesummengeschafft huet. Haut ass hien de Leit besonnesch bekannt wéinst der SendungVu Fall zu Fall, déi hien zesumme mat senger Fra, der Notairin Karine REUTER, op DOK produzéiert a presentéiert.

Hien ass dernieft op europäeschem Niveau den “Finanzminister” vun der AECR, der Allianz vun den europäesche konservativen an Reformparteien.

Privat ass hien en Naturmënsch, hält Kazen, Hënn, Päerd, all Aart vu Gefligel an eng Zäit esouguer Highland Cattles an ass oft am Gaart, beim Weier oder am Bësch ze gesinn.

De Roy REDING ass bestuet a Papp vu 4 Kanner.

Bei de Chamberwale vum 10. Oktober 2013 huet hien am Zentrum e Mandat als Deputéierte kritt.