De fréieren Offizéier an Diplomat ass zanter de Chamberwalen am Joer 2009 Deputéierte fir de Bezierk Süden. Hie war op der Kinneglecher Militärakademie zu Bréissel, wou e Sozial- a Militärwëssenschafte studéiert huet. No senger Lafbunn bei der Lëtzebuerger Arméi huet e Geschicht zu Montpellier studéiert. Dono ass en op d’Diplomatesch Akademie zu Wien gaangen, wouropshin hien an den Diplomateschen Déngscht getrueden ass, wou en a Griicheland, Zypern, den USA, Däitschland a Rumänien a bei der OSZE zu Wien geschafft huet. Am Joer 2000 gouf en Ambassadeur an Athen. Vun 2005 u war en Direkter fir de Budget, d’Finanzen an d’Verwaltung am Ausseministère.

Nieft der Politik ass hien ausserdeem Auteur vu verschiddene Bicher (Le Luxembourg et l’ONU, Analyse politique et diplomatique du conflit coréen, Helleg Muecht, Kritik der reinen Unvernunft: Zur Feminisierung der Sprache).