D’Verkéierssituatioun vun eisem Land gëtt  doduerch bestëmmt, datt d’Leit net do wunnen, wou se schaffen. Déi zwou gréisst Stied am Land, d’Stad Lëtzebuerg an Esch wuessen esou all Moies ëm dausende Pendler. Dat bréngt enorme Verkéier a ganz wéinege Stonnen.

Wann d’Entwécklung esou virugeet ewéi di lëscht Joren, da musse mer mat nach méi Aarbechtsplazen, nach méi Pendler an also nach méi Verkéier rechnen.De Basisproblem ass deen hei: Leit déi moies mam Auto Richtung Stad fueren an Owes erëm heem, stinn e gudden Deel vun der Zäit am Stau. Déi Leit déi dogéint mam Zuch op d’Aarbecht kommen, mussen op der Stader Gare ëmklammen.

En Tram ännert näischt um Basisproblem

Wa mer en Tram bauen ännert sech weder eppes fir déi déi am Stau stinn, nach eppes fir déi déi mam Zuch fueren. Amplaz dat dës an e Bus ëmklammen, klammen se dann an den Tram ëm. De Basisproblem bleift also bestoen. Dee Problem ka just mam City Tunnel geléist ginn.

Vill Leit brauchen net méi ëmzeklammen.Mir brauchen net en Tram deen de Problem net léist an an der Stad Verkéiersraum ewech hellt, ma mir mussen den Zuch an d’Lag versetzen, nach méi Leit méi séier op hir Schaff ze bréngen. Mir brauchen de City-Tunnel. Nëmme mat deeër Léisung kommen d’Leit aus all Himmelsrichtungen, och d’Pendler aus der Groussregioun, mam Zuch – ouni ëmzeklammen – zum Beispill op den Aldrénger, de Glacis, de Lampertsbierg, de Kierchbierg oder d’Foire asw.Net ëmklammen ze mussen ass e groussen Qualitéitssprong: dat bréngt méi Bequemlechkeet an et geet méi séier.

Et gëtt domat richteg interessant, fir mam Zuch op d’Aarbecht ze fueren, och vun déisäits vun eise Grenzen.Mam City-Tunnel léise mer de Verkéiersproblem vun der Stad, vum Land a vun der Groussregioun. Mam Tram net.

Neie Verkéiersraum

Mam City Tunnel ginn néi Verkéierswéer an der Stad geschaaf – op der eenzeger Plaz wou dat geet: am dréchene Sandsteen, wou een ouni all Problemer mam Waasser (wéi op der berühmter Nordstrooss) en Tunnel bueren kann. Mam Tram maache mer dee schonns knappen Verkéiersraum nach méi kleng. Mam City-Tunnel kënnt Verkéiersraum derbäi.

Dofir fuerdere mir Iech op: Maacht Mat fir méi Liewensqualitéit an eng echt Léisung fir d’Verkéiersproblemer vum Land a vun der Groussregioun.