Fir sech wuel ze fillen, muss ee sech eng Wunneng kënne leeschten

An der Debatt iwwer d’Lag vun der Natioun huet de Roy Reding, de 27. Abrëll, e wichtegen Akzent gesat: Liewensqualitéit a Wuelfillen fënnt een net an engem Land, wou ee sech keng Wunneng leeschte kann. Duerno huet den ADR-Deputéierte sech méi genee mat de wéineg demokratesche Virstellungen vun de Regierungsparteien befaasst … natierlech net, ouni datt alt nees Ministeren him ongehuewelt an d’Wuert gefall sinn. D’Manéiere op der Regierungsbenk ware scho besser.

De Roy Reding huet sech fir privat Eegentum am allgemengen agesat a fir private soziale Wunnengsbau am besonneschen. Dat fir sech ze wieren géint déi sëllechen an onwierksam staatlech Agrëff an de Wunnengsbau, déi bestinn oder ugeduecht sinn: Emphyteos, Enteegnung, festgesate Loyers- an Terrainspräisser, Festleeung vum Wunnraum pro Persoun … Seng Alternativen si méi Transparenz um Marché, ëffentlechen Zougang zu de Präisser a Sammlung vun den Donnéeë fir kënnen ze vergläichen. All Kontroll dreiwt d’Präisser an d’Luucht, sot de Roy Reding mat Bléck op Gambia hir Reglementéierungswut.

Den éischten Dee vum ADR-Deputéierte senger Ried war en Tribut un d’onendlech Phantasie vun dëser Regierung, fir Kontrollen a Schikanen fir Leit ze erfannen, déi selbstänneg sinn oder et wëlle ginn.

Deel dëse Post: