Fir Radaren a Sécherheet, mee besser iwwerluet, mengt de Gast Gibéryen [Video]

Iwwer 40.000 Mol hunn déi fuschnei Radaren hei am Land scho gblëtzt. Ursaach genuch fir den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen den 20. Abrëll an der Chamber eng aktuell Stonn unzefroen. Op seng Initiative gouf dunn de ganze System diskutéiert an dräi Ministeren hunn ausféierlech geäntwert. En éischte Bilan wollt de Gast Gibéryen maachen. A senger Aféierung an den Débat huet hien ënnerstrach, datt Sécherheet a Radare néideg sinn. D’ADR zweifelt awer bei den extrem héigen Zuelen un der Verhältnisméissegkeet vun der Mesure a bleift iwwerzeegt, dat e Radar nëmme kann un enger reeller Geforeplaz eppes bewierken a net virun enger rouder Luucht, am Agang vun enger Uertschaft oder op der Sortie vun enger Autobunn. D’Akzidenter geschéien anzuwuech anescht. Eng ganz Rëtsch praktesch Propositioune mécht de Gast Gibéryen och nach: duebel Radarschëlder mat kloerem Verweis op d’Vitess, déi kontrolléiert, a, méi allgemeng, en Opraumen an de Vitesse-Beschränkungen, wou hei am Land dacks op e puer honnert Meter e puer Mol d”Vitesse ännert.

Deel dëse Post: