Fir d’nämmlecht Pei, géint Quoten op de Wallëschten

An enger Mogelpackung ass de 24. November en extrem ondemokratescht Gesetz de 24. November duerch d’Chamber gaang. Engersäits, wou keen eppes dergéint kann hunn, ass d’Aarbechtsrecht esou geännert ginn, datt Frae fir déi nämmlecht Aarbecht och de nämmlechte Loun kréie mussen. Den Hummer vum lénksideologeschen Diktaturdenken kënnt awer no: An deem Gesetz kréien d’politesch Parteien Quoten op hire Wallëschten opgezwongen. Op deene Lëschte musse 40% (Chamberswalen) oder 50 % (Europawalen) Fraen kandidéieren, soss kréien d’Parteien manner Finanzéierung vum Staat. Hei d’Conclusioun vum Gast Gibéryen, déi mir Iech net wëlle méi laang virenthalen.

D’ADR war ëmmer géint Quoten

Wie besser wéi de Gast Gibéryen kann esou e Gesetz zerplécken? Hien erklärt fir d’éischt firwat d’ADR a grad och hir Fraenorganisatioun géint d’Qote sinn: E Mënsch soll duerch seng perséinlech Fähegkeeten a Kompetenzen säi Wee maachen a net duerch positiv oder negativ Diskriminéierung gepusht oder gehënnert ginn. Quoten, ob fir Fraen oder an anere Beräicher, ginn ëmmer géint d’Gläichheet virum Recht … e Grondsatz vun de Mënscherechter. A Quote sinn am mannste Fall wierksam. Wat notze Fraequoten op Wallëschten, wann awer manner Frae wéi Männer wierklech gewielt ginn?

DP an LSAP an hire Calcul fir Quoten ze wëllen

Dann geet de gast Gibéryen op d’demokratesch Partei an, déi och ëmmer géint Quote war, wat d’Lydie Polfer esou guer ee Mol mat engem “Nee, Nee, Nee” zum Ausdrock bruecht huet. Firwat d’DP hire Mäntelchen am Wand dréit, erklärt de Gast direkt mat.

Dann huet hie sech mat der LSAP beschäftegt, déi ëmmer Schwieregkeeten hat, fir esou vill Fraen op hir Wallëschten ze kréien wéi déi aner Parteien, wéi d’Statistiken vun de leschte Wale kloer weisen. D’sozialistesch Chancegläichheetsministesch géing elo probéieren, iwwer Gesetz ze erreechen, wat si an hirer Partei ni duerchsetze konnt, sot de Gast Gibéryen, deen och nach spekuléiert huet, ob dat géing un der “Macho”-Astellung vun der LSAP-Féierung leien.

D’Parteiefinanzéierung wär eng demokratesch Garantie, fir datt Parteien besonnesch vu Geldgeber aus der Wirtschaft onofhängeg sinn an autonom décidéiere kënnen. Déi demokratesch Iddi géing mat dësem Gesetz futti gemaach ginn. D’lénksideologesch Iddi vu Fraequoten gëtt elo vum Staat alle Parteien imposéiert, ob si déi Iddi deelen oder net. Net nëmmen d’Fräiheet vun de Parteie gëtt ageschränkt mä och d’Fräiheet vum Wieler, well de Staat schonn am viraus wëllt decidéieren, wien däerf op eng Lëscht fir duerno gewielt ze ginn.

Nämmlecht Pei fir nämmlecht Aarbecht fir Mann a Fra

Net a Fro gestallt an ënnerstëtzt huet de Gast Gibéryen den Usaz, datt Fra a Mann déi nämmlecht Pei fir déi nämmlecht Aarbecht ze gutt hunn. Dat dierft awer och net derzou féieren, datt an de Betriber eng Diskussioun iwwer d’Aarbechte géing ugoen a wéi se ze bezuele wären. Fra a Mann solle fir déi nämmlecht Aarbecht d’nämmlecht bezuelt ginn, awer et géing net drëm goen, ënnerschiddlech Aarbechten, déi méi vu Männer oder Fraen ausgeféiert ginn, d’nämmlecht ze bezuelen. Dat huet hien an enger eegener Interventioun nach eemol kloergestallt.

 

Deel dëse Post: