Fernand Kartheiser an der Radiodebatt: Eis Sprooch eescht huelen!

Eng spannend Debatt um Radio 100Komma7 haut. De Fernand Kartheiser huet dem Claude Lamberty Paroli gebueden a Saache Petitioun fir d’Lëtzebuerger Sprooch. D’ADR freet sech, datt all Partei (an esouguer dem Schoulminister séng) hir Häerzer fir d’Lëtzebuergescht entdecken. Dat geet net ganz wäit, well den Här Lamberty seet och, datt een ouni Franséisch net wäit kënnt hei am Land an dat klengt, wéi wann een och besser hätt, a Frankräich studéiert ze hunn.

Do hat de Fernand Kartheiser eigentlech liicht Spill: D’ADR hëlt d’Lëtzebuerger Sprooch eescht an dat net eréischt zënter dëser Petitioun. Dat beweisen déi sëllech parlamentaresch Froen zur Lëtzebuerger Sprooch an d’Interventiounen an der Chamber, déi eng Lanz fir eis Nationalsprooch briechen. Och d’ADR-Positioun zum Nationalitéitegesetz mécht et däitlech: Wou d’CSV a Gambia zesummen probéieren, eis Sprooch ze bradéieren a wou si alles dru setzen, fir de Pass u Leit ze ginn, déi d’Sprooch net gutt genuch kënnen, och wa se schonn 20 Joer am Land sinn, do hält d’ADR op dee Sproochniveau, deen aktuell verlaangt ass an dee wierklech scho liicht genuch ass.

Deel dëse Post: