EYC-Summercamp: europäesch konservativ Jugendorganisatioune stinn zesummen

D’Adrenalin huet vum 26. op den 28. Juni um EYC Summercamp vun den Europäesche Jonke Konservativen deelgeholl, deen dës Kéier vun der “Junge Alternative” (der Jugendorganisatioun vun der Alternative für Deutschland) an der Kulturhaaptstad Berlin organiséiert gouf. Hei hat d’ADR-Jugend d’Méiglechkeet, wéi all Joers ganz traditionell, sech mat aneren europäeschen, an internationale Parteien ze treffen, Frëndschaften ze schléissen, an e wäertvolle politeschen Austausch ze hunn. Am Fokus vun dësem Meeting stoungen natierlech och déi gemeinsam politesch konservativ Iddien, mat deem Deel gesond Europaskepsis, déi d’Organisatioun ausmëcht, Virtreeg iwwert Wäerter, Identitéit an oppenen Economien, europäesch Dossieren an d’Aktualitéit. Zwee besonnesch Invitéë woren den Autor a Philosoph Robert Nehring, an den AfD-Europadeputéierte Marcus Pretzell. ADRenalin war vertrueden duerch hire President Joe Thein, de Gilles Carlizzi, d’Nathalie Breyer an den Tom Agnes.

Den Ofschloss wor eng Visite vum däitsche Bundestag. D’Adrenalin, déi jonk adr, zitt e positiivt Fazit vun hirem Weekend a freet sech schonns op de nächsten Treff…

 

Deel dëse Post: