EU-Pefferkär: E gudde Rutsch… an en neit Europa

An Zesummenaarbecht mat der ACRE huet d’ADR e Samschdeg, den 18. Dezember am EU-Pefferkär e Réckbléck op Europa am Joer 2016 gemaach. Et war kee gutt Joer fir d‘Europäesch Unioun! Mam Brexit huet, fir d‘éischt an der Geschicht vun der Unioun, eng Natioun beschloss, d‘Gemeinschaft ze verloossen. Et gëtt a villen Dossieren, z.B. an der Flüchtlingspolitik, mat haarde Bandage gekämpft. Dat geet esou wäit, datt de Lëtzebuerger Ausseminister den Ausschloss vun Ungarn aus der Unioun gefuerdert huet! Schued, datt de Jean Asselborn net mat deene selwechte Moossen a Gewiichter an d‘Tierkei fiert, an d‘Verhandlunge fir e méigleche Bäitrëtt direkt an definitiv stoppt!

2017 gëtt e ganzt wichtegt Joer fir d‘Europäesch Unioun. Et muss, a faire Verhandlungen, e Wee fonnt gi fir sech mat engem Groussbritannien baussent der Unioun ze begéinen. E sti wichteg Walen an Däitschland an a Frankräich un, déi och fir d‘Zukunft vu ganz Europa grouss Bedeitung hunn. D‘ADR wäert, 2017 an och duerno, zur Europäescher Unioun stoen. Et muss awer verhënnert ginn, datt e Federalstaat entsteet, wou all Member weider Souveränitéit muss ofgi bis näischt méi iwwreg bleift. D‘ADR wäert sech fir en Europa vun den Natiounen asetzen, wou och weider op d‘Stëmm vu Lëtzebuerg gelauschtert gëtt. Mat der Hoffnung, datt Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch opgeholl gëtt.

Deel dëse Post: