[BEÄNTWERT] Eglise Notre Dame des Douleurs à Differdange

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Kulturministesch weiderzeleeden.

Iwwert d’Zukunft vun der Déifferdenger Kierch Notre Dame des Douleurs gëtt deslescht vill diskutéiert. Nodeems festgestallt gouf, datt ëmmer méi Rëss entstinn, gëtt d’Ofrappe vun dësem historesche Gebai als eng vun de méiglechen Optiounen envisagéiert, an dat obwuel et technesch méiglech wier d’Kierch ze retten.

An dësem Kontext wéilt ech der Madame Kulturministesch dës Froe stellen:

  1. Wéi ass d’Positioun vun der Madame Kulturministesch an dësem Dossier?

  2. Wär et net méiglech, d’Kierch als „monument historique“ ze klasséieren?

  3. Ass d’Regierung bereet finanziell Mëttelen zur Verfügung ze stellen, fir ënnert anerem och d’Konschtwierker ze retten, déi zum nationale Patrimoine gehéieren an zum Deel vu Lëtzebuerger Kënschtler geschafe goufen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse de la Ministre de la Culture à question N°2422 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant Eglise Notre Dame des Douleurs à Differdange

Hätte die Differdinger Kirche gerettet werden können? (www.wort.lu)

Deel dëse Post: