E moderne Memorial, mä fir jidfereen

De Pobeiers-Memorial gëtt ofgeschaaft, et bleift just d’elektronesch Versioun. Dat huet d”Chamber den 13. Dezember décidéiert, mat de Stëmmen vun der ADR. De Gast Gibéryen huet dat normal fonnt am elektroneschen Zäitalter. Hien denkt awer och un déi Leit, déi nach ni Internet haten oder net mat de neien Technologien eens ginn: Si sollen net musse bezuelen fir de Memorial ausdrécken ze loossen, dat wär et Service, dee sollt gratis sinn.

En anert Uleies vum ADR-Deputéierten: Niewt dem Gesetzestext sollt och eng kuerz allgemeng verständlech Zesummefaassung publizéiert ginn … a firwat net op Lëtzebuergesch? An esou wuel elektronesch wéi och am Drock soll u Leit geduecht ginn, déi vläit méi eng grouss Schrëft brauche fir de Memorial liesen ze kënnen, oder u Leit, déi eng Audio-Versioun brauchen, fir datt wierklech all Mënsch Zougang zu de Gesetzestexter huet.

Deel dëse Post: