D’Versprieche Lëtzebuergesch europäesch ze maachen!

De Fernand Kartheiser huet versprach, alles ze maachen, fir datt Lëtzebuergesch an den europäeschen Institutioune ka geschwat ginn. Dozou gehéiert och, datt en Europadeputéierte vun der ADR, dee bei de nächsten Europawahlen (2019) géing gewielt ginn, am Europaparlament selbstverständlech géing Lëtzebuergesch schwätzen. Dat Versprieche huet de Fernand Kartheiser bei der Debatt iwwer de Sproocheplang vun der Regierung ginn, déi de 15. Mäerz an der Chamber war. Dee Sproocheplang war jo vun der ADR schonn op enger Pressekonferenz analyséiert a kritiséiert ginn, déi den 10. Mäerz stattfonnt huet.

Deemno war et keng Iwwerraschung, datt de Fernand Kartheiser och an der Chamber ganz kritesch mat deem Plang ëmgaangen ass. Héigpunkter waren dobäi seng Fuerderung, datt Lëtzebuergesch misst d’Sprooch vun de Staatsbeamte bleiwen an datt am Gesondheetssekteur an an de Geschäfter misst derfir gesuergt sinn, datt ee ka Lëtzebuergesch schwätzen.

Motioun Lëtzebuergesch gëtt vun der Chamber verworf

Just dräi ADR-Stëmme krut eng Motioun vum Fernand Kartheiser, déi hien d’lescht Joer no der Petitioun 698 fir Lëtzebuergesch als Amtssprooch deponéiert hat. Den ADR-Deputéierten hat virum Vote nach eng Kéier drop higewisen, wéi de Sproocheplang vill Elementer vun dëser Motioun opgegraff huet. Dat huet awer keen Majoritéitsdeputéierten oder CSVler gehënnert géint d’Motioun ze stëmmen. D’Léift zu eiser Nationalsprooch huet bei verschiddene Leit eben hir politesch Grenzen.

Deel dëse Post: