Um Nationalkongress vun der ADR, den 13. Mäerz zu Uespelt, huet d’Presidentin vun den ADR Fraen, Sylvie Mischel, virum Plenum eng Ried gehalen. Si huet d’Positiounen vun der ADR a punkto Gläichberechtigung a Feminismus an Erënnerung geruff, awer och d’Regierung fir hir extrem familljenonfrëndlech Politik attackéiert.