De Minister: keng Gnod fir d’Sportfligerei um Findel!

D’Fédération aéronautique mécht sech Suergen, dat Sportfligeren eventuell vum Fluchhafe Findel kéinte verdrängt ginn. D’Loyere vun hiren Hangaren kéinten esou staark gehéicht ginn, datt de Betrib fir d’Klipp vun der Sportfligerei quasi onméiglech géif ginn. Dowéinst huet den Här Roy Reding dem Minister fir Infrastrukturen eng parlamentaresch Fro gestallt. An der Äntwert gëtt de Minister un… “datt déi aktuell Loyeren anormal déif sinn”…. an dat d’Firma lux-Airport (déi zou 100% dem Staat gehéiert!) muss wirtschaftlech schaffen. Keng Gnod fir d’Sportfligerei!

Deel dëse Post: