[Drénglechkeetsfro Roy Reding / Video]:Zwee Medikamenter zu Lëtzebuerg suspendéiert

Esomeprazole Mylan 20 mg (gélule gastro-résistante) an Esomeprazole Mylan 40 mg (gélule gastro-résistante) sinn déi zwee Medikamenter, déi op Gronn vun engem wëssenschaftlechen Skandal an engem indesche Labo zu Lëtzebuerg an an aner europäesche Länner suspendéiert gi sinn. Et sinn dat Däitschland, d’Belsch a Frankräich. Dat as d’Äntwert vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch op eng parlamentaresch Drénglechkeetsfro vum Deputéierte Roy Reding vu virgëschter Méindeg, dem 8. Dezember. De Fernand Kartheiser huet a Vertriedung vum Roy Reding gëschter an der Chamber schonns d’Äntwert mam Merci vun der Madame Ministesch kënnen entgéint huelen.
Dank der Aarbecht vun der franséischer Agence nationale de Sécurité du médicament et des produits de Santé war erkannt ginn, dass e Labo (GVK Bio aus dem indeschen Hyderabad) scho bal systematesch Fälschungen vu medizineschen Studien gemaach huet. Betraff si Bioäquivalenzstudien, déi et erlaben, Generika ze homologéieren, wann d’Patenter op der Originalmedizin ofgelaf sinn. Doropshin huet sech och d’EMA (European Medicines Agency, London) ageschalt, an och an Däitschland ginn d’Praktiken vun deem indeschen Institut ënnersicht. Leit, déi déi betraffe Medikamenter verschriwwe kruten, sollten den Traitement nët ënnerbriechen, mais sëch mat hierem Dokter iwwer bestehend Alternativen ënnerhalen.

Deel dëse Post: