Den 2. Juni 2010 haten d’Parteien an der Chamber d’Méiglechkeet, am Kader vun enger Orientéierungsdebatt, hir Virschléi fir eng Rentereform ze presentéieren.

Am Numm vun der ADR huet de Gast Gibéryen fir t‘éischt drunn erënnert, datt et de Verdéngscht vun der ADR ass, wann déi kleng Renten eropgesat gi sinn an haut gréisstendeels Rentegerechtegkeet hei am Land erreecht ass. Op Grond vun den héije Reserven an der Pensiounskeess besteet keen dringenden Handlungsbedarf, de Rentesystem ze änneren. Duerfir gesäit d’ADR de Moment keng Noutwendegkeet, d‘Renten ze kiirzen an de Rentenufanksalter ze erhéijen.

Déi demographesch Entwécklung a grouss wirtschaftlech Verännerungen maachen et awer néideg, datt laangfristeg gesinn, Ännerungen um System komme mussen. Duerfir ass d’ADR och bereet, sech konstruktiv un dësen Diskussiounen ze bedeelegen. Eng Viraussetzung ass fir d’ADR dobäi awer, datt déi zwee Rentesystemer – privat an ëffentlech – zesummen diskutéiert ginn, well si allen zwee de Staatsbudget belaaschten.

A sénger Ried ass de Gast Gibéryen dann op verschidde Punkten agaang, déi am Kader vun der Pensiounsdebatt sollten op de Leescht geholl ginn: D’Ofsécherung vum Umlageverfahren, d‘Aféierung vun engem Fréiwarnsystem, d‘Mammerent an och d‘Erhéijung vun der Mindestreserve sinn nëmme 4 vun 19 Punkten, déi dem ADR-Spriecher no missten diskutéiert ginn. Well séng Riedzäit op 20 Minuten limitéiert war, konnt hien séng Punkten awer net all presentéiren.

D’ADR wäert hir konkret Propositiounen zu engem spéideren Zäitpunkt am Détail présentéiren.