Dräi Grënn géint Gambia-Kannerbetreiung [Video]

D’Regierungspläng fir d’Kontroll iwwer d’Erzéiung vun de Kanner aus der Hand vun den Elteren ze huelen, brauch eng Rëtsch Gesetzer, déi d’ADR all net matdréit. Den 13. Juli war et an der Chamber nees esou wäit an de Fernand Kartheiser huet dräimol eise Standpunkt däitlech gemaach.

Et gëtt keng Gratis-Kannerbetreiung. D’Crèche kaschte vill Suen an all Mënsch muss se bezuelen. Leit, déi wëllen hir Kanner doheem erzéien, mussen dës “gratis” Betreiung mat hire Steiere finanzéieren, kréie selwer keng Sue méi  a verléieren d’Méiglechkeet, hir Famill esou ze organiséieren, wéi si wëllen.

Et gëtt nëmmen eng Sprooch, déi den Zesummenhalt zu Lëtzebuerg garantéiere kann, an dat ass Lëtzebuergesch. Multilingual Kannererzéiung ass de falsche Wee an d’Personal an de Crèchen sollt Lëtzebuergesch schwätzen.

An hirer ideologescher Blannheet schoustert d’Regierung Gesetzer, déi dann nogebessert musse ginn (wéi bei dëser Gesetzvirlag), a schaaft aarbechtsrechtlech Chaos.

 

Deel dëse Post: