De Spidolsplang gëtt elo konkret, nodeems d’Regierung d’Gesetz dozou deposéiert huet. Mä d’Dokteren hunn nach ëmmer op ville Punkten hir Bedenken. An enger Entrevue huet d’AMMD (Association des Médecins et Médecins-Dentistes), vertrueden duerch d’Hären Dr Claude Schummer an Dr Alain Schmit, eenzel Punkte beliicht. Fir d’ADR hunn de Parteipresident Dr Jean Schoos, de Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser an de Mario Daubenfeld un der Reunioun deelgeholl.

D’Doktesch-Associatioun ënnersträicht, wéi wäit d’Spideeler vun esou engem Plang betraff ginn a wonnert sech dofir, datt Begrëffer wéi “Centre de compétence” zwar am Text gebraucht, awer ni erkläert ginn. Besonnesch läit hinnen als fräischaffend Dokteren awer uewen, datt an hir Aarbecht kann agegraff ginn an datt staatlech a Spidolsgremien e Matsproocherecht bei Dokteschentscheedunge sollen hunn. Hierarchesch wär villes net realistesch mengen d’Dokteren, déi bei esou Saachen eng aner Vue hunn wéi d’Regierung an d’Spidolsträger.

Et war eng néideg a spannend Entrevue: Dee Spidolsplang betrëfft all Mënsch, net just déi Haiser a Beruffer, déi dermat geregelt ginn. E gëtt och wäit iwwer eng Bettendiskussioun eraus, well haut an der Medezin ganz aner Kritäre gëllen. Trotzdeem seet d’AMMD, datt et genuch Betten zu Lëtzebuerg gëtt, awer nëmme wann een d’Aen virun der demographescher Entwécklung zou mécht. Och ass et e “Schéi-Wieder-Spidolsplang”, deen d’Regierung presentéiert, well am Fall vun enger Katastroph (oder engem Attentat) de Lëtzebuerger Spidolssystem iwwerfuerdert wär.