Dezentraliséiert Organisatioun ass net esou einfach

D’ADR huet sech beim Gesetzprojet iwwer d’Maison d’Orientation enthalen. Dee Service soll ee Genre Guichet unique ginn fir de Schüler ze hëllefen, sech fir eng Karriär ze décidéieren. De Fernand Kartheiser huet ënnerstrach, datt dat Gesetz eigentlech reng organisatoresch Saachen ännert. Dëst wär schwiereg, wat d’Lycées-Autonomie ugeet. Och sinn net all Méiglechkeeten am Haus vun der Orientatioun: Arméi a Cedies (Unis-Orientatioun) oder och d’Validatioun vun der Experience net do vertrueden.

Duerfir mengt de Fernand Kartheiser, datt op alle Fall misst an e puer Méint gekuckt ginn, wéi sech déi nei Organisatioun bewährt.

Deel dëse Post: